Portugal & Spuenien Update: Geféierlech Situatioun duerch zolidd Reequantitéiten

De leschte Freiden hate mir déi éischt Kéier zesummen op dës Gefor gekuckt, an Tëschenzäit ass se amgaange sech ze entfalen. An de nächsten Deeg ass a Portugal & un der Grenz zu Spuenien mat gréisseren Iwwerschwemmungen ze rechnen.

Advertisement

De Stuerm BABET mécht den Ufank

Iwwer Portugal an och Spuenien huet et ugefaangen ze reenen, besonnesch iwwert de nërdlechen a nordwestleche Géigenden. De Moment ass d’Stuermdéif BABET dofir verantwortlech, mee dat wäert net den eenzege Grond bleiwen. An de nächsten Deeg zéien ëmmer erëm Fronten duerch, déi gréisser bis deels immens zolidd Reequantitéiten wäerte bréngen. Och de Wand ass en Thema, deemno wéi sinn och doduerch markant Zenarie méiglech.

De Verlaf

Wéi gesot, ass de Reen schonn amgaangen. Bis Mëtternuecht si schonn déi eng oder aner Modeller mat Quantitéite bis 90 l/m² ënnerwee, virun allem nërdlech vu Braga an direkt un der Grenz zu Spuenien. Bis e Freiden inclus kënnt awer nach e bëssen eppes dobäi, iwwert dem nërdleche Portugal inkl. Grenz zu Spuenien sinn tëscht 100 an deels 250 l/m² Reen méiglech. Den europäesche Modell stëmmt dëse Berechnungen zou a wëll esouguer bis zu 300 l/m² net ausschléissen, dat fir bal alles wat nërdlech vu Coimbra läit. Och déi aner Modeller gesinn all d’Gefor vu gréisseren Iwwerschwemmungen duerch dës grouss Reequantitéiten.


Immens grouss Reequantitéite fir Deeler vu Portugal a Spuenien bis e Freiden inclus | Grafik: wxcharts.com

Den allermeeschte Reen soll wärend dem Donneschden erofkommen. An der Nuecht op de Freide kann et och iwwert dem Süde vu Portugal esouwéi dem westleche Spuenien zu Quantitéite vun tëscht 50 a 90 l/m² kommen. Wärend dem Freiden zitt sech de Reen lues a lues a Richtung Norden an Osten zréck.

Stuermstéiss ze erwaarden

Muer um Mëttwochowend sinn laanscht d’Westküst vu Portugal an och am Norde vum Land Wandvitesse vun tëscht 70 an 110 km/h méiglech. Dat selwecht gëllt fir den äusserste Norde vu Spuenien, inklusiv La Coruna bis eriwwer op Bilbao.


Staarke Wand bis Stuermstéiss e Mëttwochowend iwwer Portugal a Spuenien | Grafik: wxcharts.com

Vum Donneschdemëtten un gräift e Stuermfeld op de Süde vu Portugal iwwer an erwëscht och de Südweste vu Spuenien. Op e Neits si Vitesse bis 110 km/h ze erwaarden – um spéideren Owend an och an der Nuecht op den Donneschde kann et punktuell och mol zu 130 km/h kommen, esou d’Modeller. Vu Mëtternuecht un beweegt sech d’Front a Richtung Mëttelmier, wat heescht, dass grouss Deeler vun der ëstlecher Küst vu Spuenien wäerte betraff sinn. Dozou zielt ënnert anerem och Mallorca, Ibiza a Menorca.


An der Nuecht op de Freide gëtt et och iwwer aneren Deeler vu Spuenien immens stiermesch | Animatioun: wxcharts.com