“Potentially Hazardous” Asteroid “1998 OR2” flitt haut un der Äerd laanscht

Reegelméisseg kënnt et vir: Asteroide fléien a “gerénger Distanz” un eisem Planéit laanscht. Haut kuerz virun der Mëttesstonn wäert dëst erem de Fall sinn.

Och dës Kéier keen Treffer

Den am Joer 1998 entdeckten Asteroid mat der Kennzeechnung 1998 OR2 kënnt eis haut um Mëttwoch “besonnesch” no. E wäert an enger Distanz vu 6.290.589 Kilometer un eis laanschtfléien – ongeféier dat 16-facht vun der Distanz tëscht der Äerd an dem Mound. D’Gefor vun engem Treffer besteet dës Kéier also net. Am Nosten ass en eis kuerz virun der Mëttesstonn, also um 11:56 Auer.

De maximalen Duerchmiesser vum Geschoss aus den Déifte vum Weltall gëtt op tëscht 1,8 a 4,1 Kilometer geschat.

Et fléie stänneg Asteroiden an aner Objeten un eisem Planéit laanscht – et ass also eigentlech näischt Spezielles. De nächste vergläichbar groussen Objet mam Numm 1997 BQ passéiert d’Äerd den 21. Mee 2020 um 21:45 Auer. D’Distanz ass mat geschaten 6.158.120 Kilometer eng änlech.

Animatioun vun de Radarbiller vum 1998 OR2

Firwat “Potentially Hazardous”?

Och wann eis déi zwee genannt Asteroiden an enger sëcherer Distanz begéine wäerte, sinn se als PHO (Potentially Hazardous Object) klassifizéiert. Der Definitioun no handelt et sech bei engem PHO ëmt en Objet, dee manner wéi 0,05 astronomesch Eenheete resp. 19,5 Mounddistanze vun eis fort ass bzw. un eis laanschtflitt an och eng absolut Hellegkeet vun 22 oder méi hell opweist.

Asteroiden mat Gréisste vun 300 Meter un kënnen am Fall vun engem Impakt haaptsächlech regional, mee no kuerzer Zäit dann och duerch direkt an indirekt Prozesser global Auswierkungen hunn. Eng enorm Drockwell mat gläichzäiteg optriedenden extreme Wandstéiss an Äerdbiewe wieren déi éischt vu ville katastrophale Konsequenzen. Bei Objete mat Gréisste vun iwwert 1 Kilometer am Duerchmiesser géif sech d’Gesamtbild vun der Äerd komplett veränneren.

Den Asteroid 1998 OR2 per Teleskop an eisem Nuetshimmel (Getracked vum Ingvars Tomsons)

1999 AN10 & 2004 MN4 (Apophis)

A 7 Joer gëtt et e gutt Stéck méi interessant. Den 800 bis 1800 Meter groussen Asteroid 1999 AN10 soll eis dann an enger Distanz vun 380.000 Kilometer passéieren. Dat ass méi oder manner genee déi selwecht Distanz, déi tëscht der Äerd an dem Mound läit.

Dës Distanz ass awer nach näischt géint déi, déi am Joer 2029 areecht gëtt. Den Asteroid 2004 MN4, och bekannt als “Apophis”, wäert den 13. Abrëll 2029 an enger Distanz vu nëmmen 38.000 Kilometer un eis laanschtschrammen. Fir ze vergläichen: verschidde Satellitte fléien op der ongeféier selwechter Héicht wéi eis dësen Objet deen Dag passéiere wäert! Obwuel kuerzzäiteg eng Kollisiounswarscheinlechkeet vun 2,7% ausgeruff gouf, kann ee mëttlerweil dovun ausgoen, dass eis den Apophis och deen Dag net erwësche wäert. Den 300 Meter breeden Objet flitt mat enger Vitesse vu gutt 7,4 km/s un eisem Planéit laanscht.

Viraussiichtlech Zuchbunn vum Apophis (HORIZONS)