Potenziell kräfteg Donnerwieder: E virsiichtege Bléck op déi nächst Woch

Wéi schonn e puer mol ugemierkt, ass d’Grousswiederlag d’nächst Woch eng aner. Et gëtt däitlech méi schmeier an och méi kräfteg Donnerwieder ginn iwwert dem metteleuropäesche Kontinent ëmmer méi warscheinlech.

Advertisement

Nach näischt konkretes, mee et gi Signaler

Dësen Artikel ass net als Prognos oder Warnung unzegesinn, mee einfach als Hiweis. Eis Wiederlag wäert sech nämlech geschwënn ëmstellen, wat doran resultéiert, dass d’Donnerwiedersaison iwwer Mëtteleuropa lassgeet. De Grond dofir ass en Déifdrockgebitt kuerz virun de britteschen Inselen, wat eis engersäits héichsummerlech an anerersäits och fiicht Loftmassen aus dem Südweste vun Europa matbréngt. Doduerch besteet besonnesch vun der nächster Woch un de Risk vun där enger oder anerer Donnerwiederlag.

Well nach keng richteg Détailer, mee just eenzel Mustere bekannt sinn, bezéie sech dës Zeile net explizit op Lëtzebuerg, mee op eis Groussregioun inkl. Frankräich, BeNeLux an Däitschland. Den amerikaneschen, europäeschen an och däitsche Modell gi sech d’Hand wann et drëm geet, dass sech schonn e Sonnden eng Donnerwiederlag queesch iwwer Frankräich soll ofspillen. De Geforeberäich geet vun der spuenescher Grenz aus iwwert den Zentrum bis ganz an de Norden un déi belsch Grenz. Staarkreen, Stuermstéiss a Knëppelsteng wieren dem momentane Stand no méiglech. Den een oder anere Modell wëll et net ganz ausschléissen, dass méi spéit um Owend och eppes an eiser Groussregioun ukënnt – mee dat geet schonn ze vill an den Détail.

Méinden

Kaarten: wxcharts.com

Déi interessantst Deeg ginn viraussiichtlech de Méinden, Dënschden an och e Mëttwoch. Déi lescht Leef vun de Modeller hunn fir dës Datumer ëmmer erëm mol Situatioune simuléiert, déi och an eise Géigenden méi kräfteg Donnerwieder géifen erméiglechen. De Laf vum europäesche Modell vun de Moie weist fir e Méinden en Donnerwieder-Déif wat mat sengem Kär net wäit ewech vu Paräis läit. Iwwert der Osthallschent mee awer och am Norde vum Hexagon wieren esou op ee Neits zolidd Donnerwieder mat de virdru genannte Phänomener méiglech. Den amerikanesche Wiedermodell GFS huet de Moien esouguer e gréisseren Donnerwiedersystem (MCS = Mesoscale Convective System) berechent, deen sech e Méindemëtte soll iwwert dem zentrale Frankräich forméieren fir dann um spéideren Owend iwwer Lëtzebuerg ewechzezéien. Och den däitschen ICON-Modell gesäit en Donnerwiederdéif, wat virun allem am Norde vu Frankräich, der Belsch an och iwwer Lëtzebuerg géif fir Donnerwieder suergen.

Dënschden

Kaarten: wxcharts.com

Weider geet et en Dënschden, fir deen den europäesche Modell vum mëttlere Frankräich aus iwwer BeNeLux bis a gréisser Deeler vun Däitschland eran e puer Donnerwieder-Schwéierpunkter berechent. Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit ofgesinn vun dësen éischter eenzelne Gebitter/Schliet erëm en Donnerwiedersystem, deen vum ëstleche Frankräich iwwer d’Alpen bis ganz an de Südoste vun Däitschland wandere soll. Den däitschen ICON kënne mir eis nach net ukucken, well dësen nach net esou wäit gesäit. Dir mierkt awer: Den Dënschden ass schonn wäitaus méi onsécher wéi de Méinden.

Mëttwoch

Kaarten: wxcharts.com

Fir de Mëttwoch rechnen den europäeschen an den amerikanesche Modell op e Neits eng Donnerwiederlag mat Schwéierpunkt iwwert dem westlechen Däitschland, nërdleche Frankräich & BeNeLux. Eenzegen Ënnerscheed ass, dass den amerikanesche GFS en zweete Schwéierpunkt a Richtung Südostdäitschland komme gesäit. Nach eng Kéier: Huelt dëse Post net als Prognos oder Warnung op, mee just als Hiweis. De Saz, deen ee sech soll verhalen, ass dësen: “Vum Méinden u klëmmt an eise Géigenden de Risk fir en Donnerwieder, wat och mol méi zolidd ausfale kéint – wat awer net heescht, dass genee mäin Doheem getraff gëtt”.