Potenziell warnrelevant: En Dënschde punktuell >45 l/m² Reen net ausgeschloss

Schonn e puer Deeg laang deet sech eppes fir en Dënschden. Och de neiste Berechnunge no soll den Dag immens ongemittlech ausfalen, dat duerch potenziell warnrelevant Reequantitéiten a staarke Wand.

Advertisement

Advertisement

Randdéif suergt fir ugespaant Situatioun

D’Modellrechnunge fir en Dënschde gesi net besonnesch gutt aus: Schonn e puer Deeg laang besteet d’Iddi vun engem Randdéif, wat mat sengem Kär vun de südleche britteschen Inselen hier a Richtung Nordwestdäitschland zitt. Op sengem Wee géif Lëtzebuerg voll an d’Reegebitt geroden, wat och zimmlech kräfteg ausgepräägt wier. Kee Wonner, dass doduerch gréisser Reenzomme géifen zesummekommen – méiglecherweis esouguer warnrelevant.


Déi viraussiichtlech Situatioun fir en Dënschden | Animatioun: wxcharts.com

Döi Leit, déi méi oft meng Berichter liesen, wëssen: Eosubal vun engem Randdéif geschwat gëtt, kënne bis ganz kuerz virum Antreffen nach Ännerunge geschéien. An dësem Fall ass et esou: D’Déif wäert eis mat grousser Sécherheet betreffen, just wäert déi exakt Positioun vum Kär am Endeffekt driwwer entscheeden, wéi vill Reen wierklech erofkënnt. Fir dass mir eis awer riichte kënne, kucke mir eis elo e puer Modellrechnungen un an huelen den Duerchschnëtt.

D’Modellrechnungen

Dem momentane Stand no reent et an der Nuecht op den Dënschde schonn verbreet, dat duerch en anert Randdéif wat och mat sengem Kär iwwert déi brittesch Inselen ewechzitt. Bis an de Virmëtten eran, huet sech de Nidderschlag vun dësem Déif awer schonn gréisstendeels verzunn, an da kënnt dat eigentlecht Randdéif an d’Spill. Géint 14 Auer soll et iwwer Südengland leien a bréngt eis schonn den éischte Reen op Lëtzebuerg. Dëse soll eis bis an de fréien Owend era beschäftegen. Esoubal d’Front duerch ass, kann et hannendrun awer ëmmer mol nach zu Schauere kommen. Heescht: En Dënschde reent et esou gutt wéi de ganzen Dag.

Kee Wonner also, dass sech dann gréisser an esouguer potenziell warnrelevant Reenzomme kënnen usammelen. Dat soen d’Berechnungen:

  • GFS: 22 – 43 l/m²
  • ECMWF: 20 – 38 l/m²
  • SHD (Kachelmannwetter): 20 – 45 l/m²
  • ICON-EU: 23 – 46 l/m²
  • Swiss-MRF (Kachelmannwetter): 17 – 57 l/m²
  • ACCESS-G: 27 – 50 l/m²

Duerchschnëttlech schwätze mir also vun tëscht 21,5 a 46,6 l/m² déi kënnen erofkommen. Déi grouss Spaan kënnt doduerch zustanen, well fir de Südwesten a Westen de meeschte Reen usteet a méiglecherweis däitlech manner fir déi méi ëstlech/nordëstlech geleeë Géigende vum Land. Den äusserste Weste soll also am meeschte Reen erofkréien.

De Wand spillt och eng Roll

E Faktor, deen och nach eng gréisser Roll spillt, ass de Wand. Dëse gëtt zwar vun de Modeller nach e bëssen ënnerschiddlech gesinn, wat op déi exakt Positioun vum Randdéif zréckzeféieren ass. Mee sollt et esou komme wéi de Moment, da wäert et wuel de ganzen Dënschden iwwer zimmlech lëfteg bis stiermesch sinn. Vitesse bis 75 km/h si méiglech. Fir den Owend an d’Nuecht op e Mëttwoch ginn et e puer Modellrechnungen déi esouguer schwéier Stuermstéiss vu >85 km/h net wëllen ausschléissen. Dëst géif d’Situatioun nach e gutt Stéck méi ongemittlech maachen wéi se souwisou schonn ass. Mir halen d’Situatioun zesummen am Aen, sitt gespaant op Updates.