Prabbeli oder net? D’Reequantitéite fir de Weekend

Wéi gesäit et mat de Reequantitéiten iwwert de Weekend aus? Eppes ass scho mol sécher: all ze vill Reen wäert net erofkommen.

Frontesystem verschwënnt, Héich setzt sech duerch

Et gëtt mol rem Zäit, op d’Reequantitéite fir déi nächst Deeg ze kucken. Wéi mir wësse, passéiert eis de Moment e Frontesystem, deen eis geréng Quantitéite brénge kann. De Weekend selwer kritt ëmmer méi en Héich d’Iwwerhand, duerch dat et gréisstendeels dréche bleiwe wäert. D’Sonn kënnt sech méi oft weisen an d’Temperature klamme lues a lues.

Den Oflaf vum Weekend (ICON – wxcharts.com)

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat Quantitéite vun tëscht 2 a 4 l/m², dat meescht dovu soll laanscht de Westen a Nordweste vum Land erofkommen. Am dréchenste soll et dësem Modell no am Südoste laanscht d’Musel bleiwen.

Den europäesche Modell ECMWF ass vill méi dréchen ënnerwee a rechent am Gros vum Land mat quasi kenge Nidderschléi. Just am Nordweste soll et plazeweis fir ëm 2 l/m² kënnen duergoen.

De franséischen ARPEGE ass dës Kéier mat 0 bis 3 l/m² dobäi, dat och mat der Tendenz, dass an der Nordhallschent vum Land an haaptsächlech am Nordwesten an am äusserste Norden dat meescht fale soll.

Feelt nach den däitschen ICON, deen den Ënnerscheed mécht. Him no bleift de Norde sou gutt wéi ganz dréchen, iwwerdeems et an der Géigend vun der Haaptstad an och laanscht Musel am warscheinlechste reene soll. 0 bis 1 l/m² gi berechent.

Wéi entwéckelt sech d’Wieder iwwert de Weekend am Détail? Klickt hei.

D’Reewarscheinlechkeet ass haut, eben duerch de Frontesystem vum Ex-Tropestuerm EDOUARD, am héchsten. Muer um Samsde reent et op nach manner Plazen a spéitstens um Sonnde sollt et ganz dréche bleiwen. D’Modeller si sech sécher, dass d’Quantitéite geréng ausfale wäerten – op ville Plaze wäert et sou gutt wéi guer net reenen.