
Wéi vill huet et dëse Mount schonn gereent? A wéi vill an de leschten 30 Deeg? Op alle Fall iwwerduerchschnëttlech vill! Mir zéien en Tëschebilan.
Immens vill Reen an de leschte Wochen
Déi lescht Woche ware net nëmme gefillt vill ze naass. D’Radardonnéeën aus de leschte Woche verroden, dass et tatsächlech immens vill gereent huet – iwwerduerchschnëttlech vill fir d’Saison. An dësem Artikel bezéie mir eis op d’Radardonnéeë vun der Radarstatioun, déi zu Neuheilenbach an Däitschland steet. Fir d’Stéiersignaler esou gutt et geet erauszefilteren, huele mir déi kalibréiert Zommen vu Kachelmannwetter.
An de vergaangenen 30 Deeg sinn op ville Plazen am Land méi wéi 200 l/m² Reen erofkomm. Am mannste Reen gouf et am äusserste Süden am Raum Diddeléng a Fréiseng, mee awer och am äussersten Osten tëscht Bettenduerf an Iechternach, dat mat tëscht 150 an 200 l/m². Den allermeeschte Reen hu mir am Nordweste vum Land, an dat am Beräich Pärel, Holtz, Wolwen, Kietscht, Rammerech, Folscht, Brattert an Heeschpelt – den Donnéeë no sinn tëscht 270 a knapp iwwer 300 l/m² erofkomm.
Bezéie méi dat elo op d’Deeg zanter dem 1. November, da komme mir am selwechte Beräich alleng op tëscht 130 a knapp 160 l/m² Reen. Fir de Rescht leie mir op de meeschte Plazen am Land bei 90 bis 120 l/m². De mannste Reen ass och an dësem Zäitraum am Raum Diddeléng virzefannen, grad emol 75 bis 80 l/m² goufe vum Radar gemooss. Ronderëmt d’Statioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel si mir mat ëm 113 l/m² Reen dobäi. Och wann dëse Wäert net exakt dem vun der Statioun entsprécht, kënne mir zimmlech sécher sinn, dass de Mount an der offizieller Statistik wäert vill ze naass ausfalen – an engem duerchschnëttleche November reent et nämlech grad emol 71,7 l/m².