De meteorologesche Summer ass zanter enger Woch amgaangen. Wat hu mir no engem ze waarmen an dréchene Mee ze erwaarden?
“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 07.06.2022:
An de leschten Deeg war erëm vill an der Wiederwelt lass, zumools wat Donnerwieder ugeet. Dobäi beloosse mir et awer net: mir kucke kuerz op den ze dréchene Mee zréck a woen esouguer och e Bléck op de Rescht vum Summer. Gudde Moie Philippe!
Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:
Déi ugekënnegt summerlech Phas war net fir laang.
Mir hunn et weiderhi mat gréisseren Temperaturschwankungen ze dinn, wéi déi lescht Deeg och erëm däitlech gemaach hunn. De vergaangenen Donneschde ware mir bei maximale 25,3 Grad zu Beetebuerg ënnerwee, den Dag drop war et zu Wolz mat 26,2 Grad am wäermsten. De wäermsten Dag vun der Woch war de Samsde mat 30,8 Grad un der ASTA-Statioun zu Gréiwemaacher.
An dunn huet et gekraacht.
Reen kruute mir zwar zu Lëtzebuerg och, virun allem um Sonnden, mee esou wierklech zolitt war et an de leschten Deeg haaptsächlech iwwer Zentralfrankräich, Süddäitschland an och dem Alperaum. A fiichtwaarmen a geluedene Loftmassen hu sech Donnerwiedersystemer forméiert, duerch déi et zu schwéiere Stuermstéiss, extremem Staarkreen a virun allem ganz grousse Knëppelsteng komm ass. Fir nëmmen ee vu ville Beispiller ze nennen: am Raum Lyon sinn um Samsdenomëtte Knëppelsteng esou grouss wéi Tennisbäll erofkomm. Ausléiser dofir war eng Superzell – et war 1 vun op mannst 6 deen Dag.
Zu Rouen am Weste vu Frankräich ass eng Fra duerch gréisser Waassermassen vum ville Reen ënnert en Auto gespullt ginn. Si ass leider just nach dout opfonnt ginn.
D’Onwieder hu sech um Sonnden dunn weider an den Osten verlagert.
Deeler vun der Schwäiz, Eisträich, Süddäitschland an esouguer Norditalien haten um Sonnde mat änleche Phänomener ze dinn. Lokal waren d’Knëppelsteng erëm bis zu 8 cm grouss, virun allem un der bayeresch-éisträichescher Grenz. Zu Innsbruck an Eisträich ass esouguer en Orkanstouss vun 144 km/h gemooss ginn.
Lëtzebuerg war dës Kéier jo net an der Schosslinn vun de Wiederen – Reen hate mir awer trotzdeem.
Dat stëmmt. Um Sonndenomëtten ass e klengt Déifdrockgebitt knapp westlech u Lëtzebuerg laanschtgezunn, wouduerch et heiansdo méi laang um Stéck an och méi kräfteg gereent huet. De meeschte Reen gouf et am Norden: D’ASTA-Statioun zu Ueschdref huet 33,8 l/m² gemooss, zu Dol waren et 36,9 l/m² an zu Esch-Sauer 44 l/m². Dëst confirméieren och Radarbiller, déi an der selwechter Géigend esouguer knapp 50 l/m² ugedeit hunn.
Méi uerg war et an eiser direkter Noperschaft ginn.
An der Belsch, haaptsächlech an engem Beräich tëscht Saint-Hubert bis erop op Léck, huet et Radar-Donnéeë no duerchschnëttlech 69 l/m² gereent, punktuell sollen esouguer méi wéi 100 l/m² gefall sinn. Déi direkt Konsequenz waren erëm Iwwerschwemmungen a vollgelafe Kelleren.
Vill Reen, deen mir am Mee zu Lëtzebuerg awer net esou wierklech haten?
Nee – de Mee war nämlech däitlech ze dréchen. Dëst beleeën dann och elo d’Donnéeë vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht vum Findel. Et goufe grad emol 29,8 l/m² Reen gemooss, normalerweis reent et an engem duerchschnëttleche Mee awer 71,2 l/m². Et war awer bei wäitem net den dréchenste Mee: 1988 si grad emol 7,4 l/m² gezielt ginn. Am vergaangene Mee gouf et just 7 Deeg, un deenen et op mannst 0,1 l/m² gereent huet, normal wieren awer 14 Deeg. De leschte Mount gouf also grad emol d’Hallschent u Reen-Deeg erreecht.
D’Temperature waren och ze héich ënnerwee.
Wat d’Temperature betrëfft, si mir och mat enger liicht positiver Anomalie aus dem Mount erausgaangen. Et ass eng Moyenne vu 15,7 Grad gemooss ginn, normal wieren 13,5 Grad. De Mee war um Findel also 1,9 Grad ze waarm. Dat kléngt net no vill – et soll een awer drun denken, dass dëst en Duerchschnëttswäert ass, wat deem ganzen awer schonn erëm méi Gewiicht gëtt. Déi héchst Temperatur gouf et de 19. Mee mat 28,7 Grad, déi nidderegst mat 4,7 Grad um 1. Mee.
D’Sonn huet eis am Mee och iwwerduerchschnëttlech laang versuergt.
Dës huet wärend 310,1 Stonn geschéngt, iwwerdeems déi laangjäreg Moyenne grad emol bei 226,3 Stonne läit. Dëst toppt awer bei wäitem net de sonn-räichste Mee aus dem Joer 1989, an deem d’Sonn genee 356 Stonne laang ze gesi war.
A wa mir dann och nach séier wëllen de Wand erwäänen, da komme mir op e maximale Wandstouss vu 59,4 km/h um Findel – gemooss den 20. Mee.
Wat soen dann iwwerhaapt d’Laangzäitmodeller fir de Rescht vum Summer?
Ganz kuerzgefaasst: de Juni soll zwar erëm e gudde Grad ze waarm ausfalen, mir sollten et awer mat kengem all ze grousse Reendefizit ze di kréien, wann iwwerhaapt. Fir de Juli sinn d’Modeller erëm mat liicht ze héijen Temperaturen ënnerwee, de Reen soll awer am méi oder manner neutrale Beräich bleiwen. Den August bleift reentechnesch änlech, iwwerdeems d’Temperaturen erëm e gudde Grad ze waarm ausfale kënnen.
Dëst sinn alles, wéi gesot, Duerchschnëttswäerter – an dovun ofgesinn och keng Prognos, mee einfach eng Aschätzung vun de momentane Berechnunge vun de Laangzäitmodeller.
Dëst war en ausféierlechen an interessante Réck- souwéi och Ausbléck an d’Zukunft. Mol kucke wéi sech de Summer am Endeffekt wierklech entwéckelt – fest steet, en ass eréischt ugaangen. Merci Philippe Ernzer a bis d’nächst Woch!