Radio 100,7: Dauerfrascht, mee wou ass de Schnéi hin?

De Fréiwanter kritt sech de Moment gutt bei eis duerchgesat. Just freet ee sech, wou de rezente Schnéi hin ass wéini dann de “richtege” Schnéi kënnt.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 09.12.2022:

Dobaussen ass et spierbar méi kal ginn, mee de Weekend do soll et nach weider biergof goen. De Wanter ass also do, elo ass d’Fro eben wou eise Schnéi bleift resp. hin ass. De Philippe Ernzer wees méi iwwert déi immens interessant Wiederlag.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Et ass esou interessant wéi zanter Méint net méi. Den éischte Schnéi hu mir hannert eis, elo kënnt déi éischt méi markant Keelt. Wou kënnt déi op eemol hier a wéi kënnt dat Ganzt iwwerhaapt zustane?

De Moment ass esou richteg vill lass iwwert eisem Kontinent, a fir mech definitiv déi interessantst Situatioun zanter op mannst dem Summer. Den Hoken hannert den éischte Schnéi kënne mir jo setzen, elo erwaart eis dann och den éischte méi markanten Abroch vu kale Loftmassen vun der Saison. Kucke mir awer fir d’éischt drop, wou déi op eemol hier kënnt.


Wou d’Keelt hier kënnt | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Iwwert dem héije Norde vun Europa läit héije Loftdrock mat immens kille Loftmassen. Dotëscht ginn et e puer eenzel Déifdrockgebitter, duerch déi elo de Weekend e ganze Schwall dovun op Mëtteleuropa a Lëtzebuerg erofgezu kënnt. Begënschtegt gëtt dës Beweegung duerch héije Loftdrock iwwer Skandinavien an en Déifdrockgebitt, wat elo zanter gëschter amgaangen ass vu Portugal iwwer Spuenien an d’Mëttelmier eriwwerzezéien. Vun do aus zitt et virun iwwert den Oste vun Europa a Richtung Ostséi. Dëse Parcours vun engem Déifdrockgebitt ass am Fach eng zimmlech speziell, dohier gëtt dëst Déif och nach 5b-Déif genannt. Genee ëm dëst Déif dréit sech esou zimmlech alles, wat sech an de nächsten Deeg an der Wiederwelt doe wäert.

Wéieen Afloss huet dëst Déif op Lëtzebuerg a wéi verschidden ass et am Verglach zu bei eisen däitsche Noperen?

Heiheem déngt dëst Déifdrockgebitt haaptsächlech als Ënnerstëtzung, fir dass déi kill Loftmassen aus dem héije Norde vun Europa iwwerhaapt bei eis erofgezu kënne kommen. Zäitweis kann et doduerch och zu liichtem Nidderschlag kommen, dat a Form vu Geflacks oder och generell liichte Schnéischaueren. Se spillen awer bei wäitem net d’Haaptroll, well meeschtens bleift et tatsächlech dréchen. Eis erwëscht also éischter en Deel vun dëser Keelt.

An Däitschland schléit dës Keelt wuel e bësse méi markant zou, genee esou och eventuell de Schnéi. Firwat eventuell? Ma Déifdrockgebitter vun där Zort sinn immens schwéier virauszesoen. Zur Optioun steet demnächst awer op alle Fall e potenzielle Schnéistuerm, deen sech iwwert de Südoste vun Däitschland eriwwer an Éisträich, Polen, Tschechien a nach méi wäit an den Osten zéie soll. Dotëscht ware Berechnungen dobäi mat méi wéi 40 cm Schnéi bis an déi nächst Woch eran – dat wieren also zoustänn, wéi et se fir d’lescht virun 12 Joer ginn huet. Well d’Modeller awer nach zimmlech hin an hier sprangen, muss nach gekuckt ginn, wéi sech dat genee entwéckelt. Déi aner Optioun wier nämlech déi, dass alles nach méi wäit ëstlech zitt an esou awer net esouvill Schnéi an Däitschland erofkënnt.

Temperaturméisseg kann et awer sinn, dass am Süden, Osten an och Nordoste vun Däitschland bis Mëtt nächster Woch mol bis ëm -10 oder -15 Grad optriede kënnen.

De Schnéi ass jo dann fir Lëtzebuerg dës Kéier kee gréissert Thema. Wéi kal gëtt et dann mat dësem Ausbroch vun de kille Loftmassen?

Lo op de Weekend gekuckt, ginn eis Temperaturen ëmmer méi wäit a Richtung Gefréierpunkt zréck a falen och drënner. Dat wäert net nëmmen an de Nuechten de Fall sinn, mee och am Dag. Haut erreeche mir nach Maximaltemperature vun tëscht -1 an 3 Grad. Muer um Samsde starte mir mat tëscht -6 bis -2 Grad an den Dag eran, am Dag ginn et der just nach -2 bis 2 Grad. De Sonndemoie wäert et mat -5 bis -2 Grad och erëm gutt fraschteg sinn, ier am Dag Maximalwäerter vun tëscht -3 an 1 Grad erreecht ginn. Et wäert also definitiv Plaze mat Dauerfrascht ginn, de Fréiwanter kritt sech also duerchgesat. Et bleift och meeschtens dréchen an och d’Sonn kënnt luussen, just um Sonnde kéint et zäitweis zu e bësse Geflacks esouwéi liichte Schnéischauere kommen. Vill sollt e sech dovun awer net erwaarden.

All dat jo och zu engem gewëssen Deel duerch dat ugeschwatent Déifdrockgebitt. Wéi een Afloss huet dat Ganzt dann op de Mëttelmierraum selwer?

D’Déif vun haut zitt jo vum Atlantik hier eriwwer an de Mëttelmierraum an zitt dobäi e gudde Batz u kille Loftmasse bis ganz wäit erof. Am Verglach zu dëse Loftmassen ass d’Waasseruewerflächentemperatur vum Mëttelmier nach däitlech méi héich, wouduerch sech ëmmer erëm zolitt Nidderschlagsgebitter forméiere kënnen. Gëschter war et iwwer Portugal a Spuenien schonn esou wäit, an och haut geet et doënnen domat virun. De Weekend iwwer bis an déi nächst Woch eran sinn erëm Deeler vun Italien drun, mee awer och d’Balkangéigend. D’Haaptgefor geet vu Reequantitéiten aus mat deels méi wéi 200 l/m², niewebäi ass och mat Stuerm ze rechnen. No dësem Déifdrockgebitt kéint an der neier Woch nach eppes nokommen. Et ass also uerdentlech Beweegung an der Wiederkichen de Moment.


De Fréiwanter huet eis also am Grëff – dat awer méi wat d’Keelt ugeet. De Schnéi hält sech mol nach gréisstendeels zréck. Merci Philippe Ernzer fir d’Aussiichten a bis de Méinden.