Radio 100,7: D’Bränn an Australien

Déi enorm Bëschbränn an Australien hunn an de leschte Woche weltwäit fir grouss Schlagzeilen an de Medie gesuergt. Wéi konnt et iwwerhaapt zu esou enger Katastroph kommen a kënnen esou Bränn an Zukunft duerch de Klimawandel méi dacks virkommen?

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganzen Text fir matzeliesen

Och wann et net méi grad esou an de Medien ugeschwat gëtt, wéi virun enger Zäit nach, ginn et ëmmer nach Plazen, wou et brennt, wéi zum Beispill am Südoste vun Australien. Haaptsächlech d’Géigende laanscht d’Ostküst vu New South Wales sinn nach betraff.

Bränn sinn an Australien näischt Aussergewéinleches. All Joer si se fir den Doud vu Mënsch an Déier an d’Zerstéierung vun Infrastruktur a groussen natierleche Fläche verantwortlech. Wann ee méi wäit zeréckkuckt, stéisst een op den Iwwergang vun 1974 op 1975, wou méi wéi honnert Milliounen Hektar an Zentralaustralie verbrannt sinn.

Am Joer 2002 waren et an der Regioun vu Northern Territory bal 40 Milliounen Hektar. Bei den opgezielte Fäll hunn haaptsächlech Grasflächen a Gebësch gebrannt an net gréisstendeels d’Bëscher u sech, wéi et Enn 2019 an Ufank 2020 de Fall war, respektiv ass.

Eng grouss Dréchent

De Südoste vum Land, haaptsächlech New South Wales, ass dës Kéier besonnesch an de Fokus geroden. Souguer d’Eukalyptusbëscher brennen, déi normalerweis opgrond vun hirer Fiichtegkeet nëmme schwéier entzündbar sinn. Well et awer sou dréche war, datt dës Beem just nach deelweis fiicht waren, konnt sech d’Feier trotzdeem ausbreeden – an och zimmlech séier.

Ronn fënnef Milliounen Hektar stoungen a Flamen, wat fir New South Wales e Rekord ass. Opfalend war och déi immens Intensitéit vum Feier selwer. Verschidde Medieberichter no hunn déi héchst Flame wärend der aktiivster Phas eng Héicht vun tëschent 30 a 70 Meter erreecht. Den Opwand fir géint d’Flamen unzekomme war enorm. Iwwer de ganze Kontinent verdeelt gouf et esou Bränn, wat den australesche Fuerscher no net mat vergaangene Brandsaisonen ze vergläiche wier.

En héije Brandgeforenindex

Firwat waren d’Bränn anescht wéi soss? Wéi déi australesch Meteorologe matgedeelt hunn, war 2019 dat wäermst Joer wat jeemools an Australie registréiert gouf. D’Duerchschnëttstemperatur louch 1,52 Grad iwwer der laangjäreger Moyenne.

Mat dobäi kënnt, datt et net genuch gereent huet. Déi soss kill a reeräich Joreszäit hëlleft der Vegetatioun sech ze erhuelen. Kritt d’Natur awer net de Reen deen néideg ass, ass se schonn ze dréchen éier déi australesch Dréchenzäit mol ugeet. Dëst spillt engem Feier an d’Kaarten – et ka sech méi einfach ausbreeden.

D’Natur an Australien ass an de Summerméint immens kriddeleg fir Bränn. Dacks geet ee klenge Fonken duer, fir e Feier auszeléisen. Fir d’Gefor anzeschätzen, gëtt et de sougenannte McArthur Forest Fire Danger Index (FFDI). Dëse setzt sech aus Parameter wéi Loftfiichtegkeet, Temperatur, Wandvitess an Dréchent zesummen. De Parameter vun der Dréchent gëtt duerch Wäerter wéi Reequantitéit a Verdonstung zesummegesat. De Meteorologen no war de Brandgeforenindex sou héich wéi nach ni – e Blëtz ka schonn duergoen, fir e groussflächege Brand auszeléisen.

Pyrocumuloniumbuswolleken

Wa gréisser Deeler vum Kontinent vun aussergewéinlech intensive Bränn betraff sinn, weist sech dat och vu wäit uewen. Satellittebiller weisen, wéi an de leschte Méint aus dem Damp riseg Wolleke goufen, déi sech zu sougenannte Pyrocumulonimbuswolleken (Cumulonimbus flammagenitus) weiderentwéckelt hunn. Dës Aart kënnt och nach dacks bei Vulkanausbréch zustanen a besteet aus Damp, Stëbs an Äschen.

Genee wéi bei normale Cumulonimbus-Formatioune kënnt et ënner de Wolleken dacks zu staarken, mee an dësem Fall klengräimege Nidderschléi. Mat dësen zolitten Nidderschléi konnt och de Wand aus enger méi héijer Loftschicht bis op de Buedem gemëscht ginn, wouduerch et zu sëllegen Downbursts koum – Däitsch: Gewitterfallböen.

Dës Wandstéiss kënnen dozou bäidroen, datt d’Feier méi grouss gëtt. Kënnt de Wand um Buedem un, breet e sech an all Richtung aus. E gudden Deel dovu stréimt och erëm zeréck an den Opwandberäich, also do, wou d’Feier ass – en Zyklus entsteet, dee sech am schlechte Fall fir eng Zäit selwer um Liewen hale kann. Änlech ebe wéi beim Theema Kippelementer am Äerd- a Klimasystem, wat mir an de leschte Woche behandelt hunn.

Bei Cumulonimbuswolleken ass et normal, datt et zu Blëtzentluedunge kënnt. Haaptsächlech déi positiv Blëtzer kënnen deelweis an enger grousser Distanz vun der Wollek fort aschloen an am Fall Australie sou och op anere Plaze fir weider Bränn suergen.

Den Impakt vum Klimawandel

Duerch de Klimawandel kann et an Zukunft méi dacks zu Bränn kommen. Dëst awer net direkt duerch héich Temperaturen, mee d’Dréchenten, déi doduerch ausgeléist ginn. D’Planze verléieren duerch déi verstäerkt Verdonstung méi Waasser a si méi dréchen – wou mir dann erëm beim Beispill vun de vill manner fiichten Eukalyptusbëscher wieren.

An Australien ass et, wann een op d’Land als Ganzt kuckt, an de leschte Jore méi naass ginn. Dëst ass awer op déi eenzel Regiounen a Saisonen ënnerschiddlech verdeelt. De meeschte Reen kënnt am Nordweste vum Kontinent erof, iwwerdeems de Süden am meeschte mat Dréchenten ze kämpfen huet.

An Zukunft soll et a Süd- an Ostaustralien méi Deeg mat engem erhéichte Brandgeforenindex ginn, an och d’Brandsaison u sech wäert sech viraussiichtlech an d’Längt zéien – sou gesäit dat d’Commonwealth Scientific and Industrial Research Organisation (CSIRO), de staatlechen Institut fir wëssenschaftlech an industriell Fuerschung.

Un der University of East Anglia goufe 57 Studien ausgewäert, déi drop schléissen, datt de Klimawandel d’Konditioune fir Bränn am Allgemenge méi heefeg an och méi intensiv mécht. Et ass awer schwéier ze beurteelen, wéi eng vun de Bränn wierklech eppes mam Klimawandel ze dinn hunn a wéi eng net. Australien ass grouss an et kënnt vu Géigend zu Géigend zu groussen natierlechen Ënnerscheeder.

Alles an allem sinn d’Fuerscher awer trotzdeem éischter negativ der Zukunft géigeniwwer agestallt – ausser d’Natur géif sech net méi sou séier vun de Bränn erhuelen. Da géif et nämlech u Material feelen, wat brenne kann, wouduerch et och net méi zu Katastrophe mat Dimensioune komme géif, wéi mir et aus jéngster Vergaangenheet kennen. Allerdéngs géif d’Biodiversitéit da leider weiderhi staark leiden.