Radio 100,7: De November huet mat engem Rekord ugefaangen

Wéi an der leschter Woch am Reen a Bou ugeschwat, ass et méi kill ginn zu Lëtzebuerg. Dat war awer nach kee richtege Schratt a Richtung Wanter, wéi de Philippe Ernzer erkläert. En plus haten déi éischt Novemberdeeg esouguer e Rekord opweises. Allerséile war dee bis ewell wäermsten Novemberdag vun allen Zäiten.

Wéi an der leschter Woch am Reen a Bou ugeschwat ass et méi kill ginn zu Lëtzebuerg. Dass dat awer nach kee richtege Schratt a Richtung Wanter ass, erkläert eis elo de Philippe Ernzer.

Firdéischt awer kucke mir awer op déi lescht Deeg zréck, déi esouguer e Rekord virzeweisen haten.

Dës Woch ass direkt mol mat engem Allzäit-Temperaturrekord ugaangen. De Méinden, 2. November, stunge mir ënnert dem Afloss vun däitlech ze waarme Loftmasse fir d’Joreszäit, wouduerch d’Temperaturen och bei eis um Buedem op ee Niveau geklomm sinn, deen fir di momentan Zäit net sou üblech ass. Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux ass den Thermometer op e Maximalwäert vu 19,8 Grad geklomm. Den ale Rekord vum 6. November 2011 gouf also ëm 1,4 Grad iwwertraff, bis deemols louch de Rekord nach bei 18,4 Grad. Och un anere Statioune war et de Méinden däitlech ze waarm, wéi beispillsweis un der Kachelmann-Statioun zu Waasserbëlleg. Et konnt e Maximalwäert vun 22,3 Grad gemooss ginn, deen op alle Fall rekordverdächteg ass. Wann een driwwer nodenkt, dass de Wäert un engem 2. November gemooss ginn ass, ass dat schonn uerdentlech.

Duerno koum dunn d’Kalfront, hannert där alles geännert huet. Um Dënschde sinn dagsiwwer just nach tëscht 9 a 14 Grad gemooss ginn, de Mëttwoch waren et 8 bis 11 Grad genee wéi och um Donneschden. D’Afléisse vun de méi kille Loftmassen huet sech awer och an de Nuechte gewisen. Um fréie Mëttwochmoie si mat Temperature vun tëscht -2 an 3 Grad och negativ Wäerter opgetrueden. Et ass plazeweis esouguer zu glate Stroosse komm. An der Nuecht op den Donneschden ass d’Temperatur op e Minimum vun 2 bis -4 Grad gefall, op de meeschte Plazen hate mir et op mannst mat Buedemfrascht ze dinn.

De Buedemfrascht an och déi lokal glat Stroossen huele mir awer net mat an déi nächst Woch eran, oder?

Déi méi kill Phas wäert vum Weekend un erëm ënnerbrach ginn. Grond dofir ass en Déifdrockgebitt, wat de Moment nach knapp westlech vu Portugal a Spuenie läit an am Laf vum Weekend ëmmer méi wäit an de Norden a Richtung brittesch Inselen zitt. Iwwerdeems verlagert sech eist momentant Héichdrockgebitt bësse méi wäit an den Osten – dotëscht fléissen erëm méi mëll Loftmassen aus dem Süden iwwert den europäesche Kontinent ewech. Den Uersprong hu se erëm iwwert dem Mëttelmierraum an deelweis och iwwert dem nërdlechen Afrika. Esou waarm wéi de Méinde gëtt et zwar net méi, an awer kënnen de Sonnden an och de nächste Méinde Maximalwäerter vu bis zu 17 Grad net ausgeschloss ginn. An den Deeg drop soll et zwar erëm méi kill ginn, sou kal wéi de Moment awer net méi.

Ier et esouwäit ass, kann et de Weekend awer ufanks mol nach plazeweis fraschteg ginn.

Ier déi méi mëll Loftmasse bei eis ukommen, ass et haut an och muer nach plazeweis eng Nummer méi kill. An de fréie Moiesstonnen hate mir et haut op Plaze wéi z.B zu Schëmpech mat Temperature vun ëm -4 Grad ze dinn. Am Laf vum Dag sollen iwwer dat ganzt Land gekuckt tëscht 10 a 13 Grad areecht ginn. Soubal sech de Niwwel opgeléist huet, kënnt sech d’Sonn weisen an et ass frëndlech. An der nächster Nuecht sollen d’Wäerter op 4 bis lokal nach eng Kéier -2 Grad falen, wouduerch kuerzzäiteg rem glat Stroosse net onméiglech sinn. Um Samsde gëtt et rem schéi sonneg soubal de Niwwel fort ass, d’Temperature klammen op e Maximum vun 13 bis 16 Grad. De Sonnde geet et nach meeschtens frëndlech un, duerno awer, am Laf vum Nomëtte, sollen aus Westen awer e puer Wolleken opgezu kommen. Dem engen oder anere Modell no kéint et eventuell sinn, dass et dann och zu lokale Schauere komme kéint. Groussflächegen a wierklech nennenswäerte Reen wäert dat awer net sinn. Den Thermometer klëmmt op mëll 13 bis 17 Grad, de Frascht ass keen Thema méi.