Radio 100,7: De wäermste Septemberdag zanter Opzeechnungsufank

An de nächste Minutten heescht et elo Reen a Bou, mam Philippe Ernzer.

Vun haut u fonktionnéiert de Reen a Bou e bëssen aneschters. Mir analyséieren, wat an de leschten Deeg geschitt ass a kucke no vir op de Weekend an d’Wieder, wat eis do erwaart…

Dës Woch haate mir et erëm mat gréisstendeels rouegem Héichsummerwieder ze dinn, eng Partie Rekorder goufe wéinst der Hëtzt och geknackt.

Héije Loftdrock hat dës Woch alt erëm eng Kéier d’Iwwerhand. Zur selwechter Zäit hate resp. hu mir et iwwert dem Atlantik mat engem Déif ze dinn, wouduerch ëmmer erëm waarm a summerlech Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt goufen an och ëmmer nach ginn. De Reen huet sech, wéi erwaart, bedeckt gehale – just um Mëttwoch koum et lokal begrenzt zu eenzelnen Dimmere mat Staarkreen a Wandstéiss bis ëm 60 km/h.
De wäermsten Dag war den Dënschden, deen och gläichzäiteg de wäermste Septemberdag zanter Opzeechnungsufank am Joer 1838 war. De Rekord vu 34 Grad zu Gréiwemaacher vum 6. September 1949 gouf den Dënschde mat enger Maximaltemperatur vu 35,2 Grad zu Steesel vum Troun gestouss.

Interessant geet et och am Mëttelmier zou. Do huet sech e sougenannte “Medicane” entwéckelt.

Statistesch gesi kënnt et eng Kéier am Joer zu engem Medicane – also e Wirbelstuerm am Mëttelmier, dee bal mat engem Hurrikan gläichzesetzen ass. De nom Däitsche Wiederdéngscht benannte Stuerm UDINE huet an Tëschenzäit schonn déi Ionesch Inselen areecht a wäert och den äusserste Südweste vu Griicheland, d’Ëmgéigend vu Patra, beaflossen. Berechent gi Reequantitéite vun tëscht 200 a 500 l/m² a Wandspëtzte vun tëscht 150 an 230 km/h. An der Moyenne soll de Wand mat tëscht 120 an 140 km/h blosen. Den Experte no kéint dëst de stäerkste Medicane zanter 2018 ginn. Bezitt ee sech op déi amerikanesch Saffir-Simpson Skala, da wier dëse Stuerm mat engem Hurrikan vun der éischter Kategorie gläichzestellen.

Zréck op Lëtzebuerg – wéi gesäit et dann elo de Weekend iwwer bei eis aus? Bleift dat spéitsummerlecht Wieder nach e bësse bei eis oder ass no méi laanger Zäit e Changement a Siicht?

Bis de Sonnde mat leie mir weiderhin ënner Héichdrockafloss – aus Südweste ginn eis ëmmer nach spéitsummerlech Loftmassen zougespillt. Haut um Freiden ass bei héchstens e puer harmlose Wolleke mat Maximaltemperature vun 22 bis 26 Grad ze rechne, lokal och mol bis 27 Grad. Um Samsde kommen am Laf vum Nomëtten e puer Wolleken op, déi géinter Owend d’Schauerwarscheinlechkeet liicht an d’Luucht drécken. Am Nomëtten ass mat 25 bis 28 Grad ze rechnen. De Sonnde wiessle sech d’Sonn an e puer méi kompakt Cumuluswolleken of, e lokale Schluet a Form vun enger Schauer oder engem Donnerwieder ka net ausgeschloss ginn. 24 bis 27 Grad sinn ze erwaarden.
Am Laf vum der nächster Woch gëtt et manner waarm, Enn der Woch kéinten eis aus Nordweste kill Loftmassen areechen. Ier et esouwäit ass, bleift et meeschtens dréche bei engem Wiessel aus Sonn a Wolleken. Soubal de potenzielle Wiederëmschwong Enn der Woch bei eis ukënnt, geet och d’Warscheinlechkeet vu méi groussflächegem Reen an d’Luucht. Et bleift ze hoffen, dass dës Aussiichten och esou bleiwen. D’Natur géif sech sécherlech driwwer freeën.