Radio 100,7: Déi lescht Deeg vum meteorologesche Summer stinn un

De meteorologesche Summer geet esou lues op en Enn a weist nach eng Kéier, wat e kann.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 22.08.2022:

Déi lescht Deeg vum bis ewell europawäit historesche Summer gi gezielt. Wat hu mir elo déi lescht Deeg nach ze erwaarden? A wat sinn déi weider Aussiichten? Dat si Froen, déi de Philippe Ernzer eis sécherlech beäntferte kann. Gudde Moie Philippe.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Mat neier Energie a frësch aus der Vakanz kucke mir fir d’éischt mol nach op dat, wat mir an där Zäit verpasst hunn.

Dat kënne mir gär maachen an ech kann direkt soen, dass deen Réckbléck och séier gemaach ass. An de leschten zwou Wochen hate mir just heiansdo mol e puer Phase, wou et e bësse naass ginn ass. Plazeweis sinn och mol méi wéi 10 l/m² erofkomm, mee dat ass wierklech eng Raritéit gewiescht. Egal ob et gereent huet oder net, der Natur huet et trotzdeem net all ze vill bruecht. Meeschtens huet d’Sonn geschéngt, d’Temperature waren an engem summerleche bis héichsummerleche Beräich ënnerwee – also mat Wäerter vun tëscht 25 an ëm 33 Grad am Dag. Hëtztdeeg also, wéi se dëse Summer schonn iwwerduerchschnëttlech oft virkomm sinn.

An e bësse méi wéi enger Woch ass de meteorologesche Summer Geschicht. Wat huet dat ze bedeiten?

Bei där Ausso ass natierlech just gemengt, dass de Summer aus meteorologescher Siicht eriwwer ass. Wéi mir et jo schonn e puer mol hei op der Antenn thematiséiert haten, gëtt et nämlech en Ënnerscheed tëscht meteorologeschen a kalendaresche Saisonen. De kalendareschen Hierscht geet eréischt den 23. September un, de meteorologeschen Hierscht awer schonn den 1. September. An e bësse méi wéi enger Woch war et dat also schonn mat der Summerstatistik. Dat heescht awer elo net, dass eist Wieder elo onbedingt vum 1. September un abrupt ophale muss, summerlech ze sinn.

Wat hu mir dann déi lescht Deeg vum Summer sou ze erwaarden?

No sëllege Phase mat héijen Temperaturen a quasi kenge Nidderschléi steet eis alt erëm esou eng änlech Situatioun an d’Haus. Vun haut un bis Enn der Woch gesinn eis Modeller keng wierklech nennenswäert Reequantitéiten op eis duerkommen. Den eenzegen Zenario, deen awer punktuell mol zu gerénge Quantitéite féiere kéint, ass deen vun e puer vereenzelte Schaueren. Wann een der Hoffnung vum europäeschen ECMWF-Modell gleeft, kann dat mat ganz vill Chance muer geschéien oder och an der méi spéider zweeter Wochenhallschent. Erhofft Iech awer w.e.g net all ze vill dovun, déi meescht Plaze kréien héchstwarscheinlech näischt ze gesinn.

A wéi mir et jo bis ewell gewinnt waren, kënnt dann och d’Hëtzt erëm?

Déi richteg markant Hëtzt wäert et dës Kéier net sinn, an awer kréie mir et ouni Zweiwel mat iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen ze dinn – also am Verglach zu deem, wat fir de spéideren August eigentlech normal wier. Dem amerikanesche Wiedermodell no kéinten d’Temperature nach eng Kéier bis zu 12 Grad méi héich ausfale wéi soss, op déi deeglech Moyenne bezunn.

Vum Temperaturverlaf hier hu mir haut um Méinden tëscht 25 an 28 Grad ze erwaarden, muer um Dënschde sinn et 25 bis lokal 30 Grad. De Mëttwoch geet et mat héichsummerlechen 28 bis 33 Grad virun, ier den Donneschden punktuell mol un de 34 Grad kéinte gekrazt ginn. De Freide wier mat 27 bis 33 Grad ëmmer nach immens waarm, de Samsden an de Sonnde fale mir dann awer erëm a klenge Schrëtt op ënner 30 Grad.

De meteorologesche Summer ass jo dann den 1. September eriwwer. Kann ee schonn eppes zu de weideren Aussiichte soen?

Selbstverständlech ass dat lescht Wuert nach net geschwat, mee duerno gesäit et esou aus, wéi wann ëmmer erëm de Versuch géing gestart ginn, d’Temperaturen erofzedrécken. Et soll also aus aktueller Siicht gesinn no a no manner waarm ginn, mee bei beispillsweis 22 bis 25 Grad kann ee nach net esou direkt vu kalem Wieder schwätzen. Signaler op vill Reen ginn et de Moment awer nach keng.

De meteorologesche Summer 2022 geet also genee esou op en Enn, wéi e sech iwwert déi ganz Period verdeelt souwisou schonn verhalen huet. Villmools Merci Philippe Ernzer a bis de Freiden!