Radio 100,7: Déifdrockdominant an et bleift viru naass

Eng weider déifdrockdominant Wiederwoch geet lues awer sécher op en Enn. Et ass erëm Zäit fir de Reen a Bou, an deem eis de Philippe Ernzer e klenge Réckbléck op déi lescht Woch resp. op de Mount September mecht, mee awer och no vir op de Weekend kuckt.

D’Wieder spillt der Natur an de leschten Deeg jo erëm méi oder manner an d’Kaarten, de Reen ass eis eng weider Woch erhale bliwwen.

Genee. De Reen, deen d’Natur dringend brauch, huet sech an de leschten Deeg glécklecherweis bei eis agenist a schéngt och nach e bësse bei eis ze bleiwe. Firdéischt kucke mir awer nach eng Kéier op déi vergaange Woch zréck, an där et u nëmmen zwee Deeg e bësse méi mëll war, iwwerdeems mir soss awer an engem hierschtleche Beräich louchen. Um Méinde louchen déi héchst gemoossen Temperaturen tëscht 10 an 13 Grad an hu sech um Dënschde mat 15 bis 18 Grad e gutt Stéck gesteigert. E weidere méi waarmen Dag war de Mëttwoch, wou 15 bis knapp 19 Grad konnte gemooss ginn. Zréckzeféieren ass dëse kuerze Peak vu méi héijen Temperaturen op den Zoufuer vu waarme Loftmassen aus dem Mëttelmierraum, dee vum Donneschden un awer schonn erëm ofgeholl huet. Et si nach 12 bis 16 Grad ze mosse gewiescht. E weidere klenge Stouss vu waarme Loftmassen aus dem Mëttelmierraum erwaart eis och haut um Freide, mee dëse ka net ganz genotzt ginn, well de Peak matten an der Nuecht soll areecht ginn. Dowéinst packen et d’Temperaturen haut nach eng Kéier op 15 bis 18 Grad.
Net ze vernoléissege sinn d’Reequantitéiten, déi zanter de Méinden all Dag gefall sinn. Ufanks der Woch hunn d’Wiederstatiounen uechtert Land tëscht 5 a knapp 11 l/m² gemooss, den Dënschde waren et der 1 bis punktuell 7 l/m² – eenzel Statioune sinn awer och ouni Reen doduerch komm, wéi beispillsweis d’ASTA Statioun zu Recken op der Mess. E méi reeneregen Dag fir de Norden an de Nordweste war de Mëttwoch, un deem 3 bis 5 l/m² gefall sinn. Gëschter um Donneschden huet et mat tëscht 1 an 8 l/m² erëm méi groussflächeg gereent – eng Kalfront ass iwwert eis ewechgezunn.

Wann een dann elo net nëmmen op déi lescht Woch, mee op de ganze Mount September zréckkuckt – wéi huet dee sech entwéckelt?

Déi lescht Méint sinn alleguerten ze dréchen ausgefall. Glécklecherweis huet d’Grousswiederlag am Laf vum September ëmgeschlo, wat fir d’Natur natierlech méi wéi gutt ass. Trotz dësem Wiederëmschwong ass et awer net grad dofir duergaang, d’Moyenne, wat de Reen ugeet, vun engem Mount September ze erreechen. Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MétéoLux um Findel sinn am September 2020 am ganze 54,4 l/m² Reen gemooss ginn, normal sinn der awer 75,4 l/m². Trotz dem Ëmschwong a Richtung Hierscht hunn eis am Endeffekt also ëmmer nach ronn 21 l/m² gefeelt.
Iwwerdeems mir bei de Reequantitéiten de Normalwäert net ereeche konnte, si mir a Punkto Temperaturen alt erëm iwwer d’Zil erausgeschoss. An engem September läit d’Temperatur bei duerchschnëttlechen 13,9 Grad. De September 2020 koum awer mat enger Moyenne vu 16,7 Grad entgéint, wat eng Differenz vu ganzen 2,8 Grad ausmécht. Klengt net no vill, mee well et sech heibäi ëm eng Moyenne handelt ass et awer schonn uerdentlech.

Wat hu mir dann elo de Weekend iwwer ze erwaarden? Bleift et hierschtlech oder soll et nach eng Kéier bësse méi waarm ginn?

De Weekend iwwer leie mir ëmmer nach ënner Déifdrockafloss. Haut um Freide kann et duerch de virdrun genannte kuerzzäitege Virstouss vu méi waarme Loftmassen tëscht 15 an 18 Grad waarm ginn – iwwerdeems ass et awer gréisstendeels gro an et soll bis an den Owend era reenen. De Wand ass dagsiwwer mat Spëtzte vu bis ëm 55 km/h aus Osten spierbar ënnerwee, mee soll sech an der Nuecht op de Samsden erëm e bësse leeën. Um Samsde reent et vun de fréie Moiesstonnen u bis an de fréie Nomëtten. Duerno gëtt et méi dréchen a mat Chance ka sech d’Sonn weisen. Ze erwaarde sinn 10 bis 15 Grad, dat ëmmer nach bei engem stramme Wand aus Süden – haaptsächlech vum Nomëtten un wäert en ëmmer méi ze spiere sinn. An der Nuecht op de Sonnde sinn op de Koppe stiermesch Wandstéiss bis Stuermstéiss vun tëscht 50 an ëm 75 km/h net auszeschléissen. Och um Sonnde bléist eis nach e steife Wand ëm d’Oueren, dat bei Maximaltemperature vun 10 bis 14 Grad. Nodeems et bis an de spéidere Virmëtten era méi groussflächeg gereent huet, sinn am Nomëtten héchstens nach e puer eenzel Schaueren ënnerwee.