Radio 100,7: Déiwe Loftdrock probéiert sech anzemëschen

D’Wiedermodeller rechnen ëmmer méi fréquent mat Déifdrock-Situatiounen.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 29.08.2022:

De Reen, de Reen… – am ganze Land huet et dëse Summer sou mann gereent wéi schonn laang net méi. Ob mir et awer geschwënn endlech mat méi variablem Wieder ze di kréien, dat erzielt eis elo de Philippe Ernzer. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Ier mir awer méi wäit an d’Zukunft kucken, schwätze mir nach eng Kéier kuerz iwwert de vergaangene Freiden. De Reen wollt do net esou richteg eppes mat eis ze dinn hunn.

Do hues du absolut Recht. Den Dag war schonn e klenge Problemkandidat, zumools wann een et aus Modell-Siicht kuckt. D’Modeller ware sech ënnerteneen net esou richteg eenz an hunn all eng liicht aner Situatioun simuléiert – wouduerch d’Prognos natierlech erschwéiert gouf. Am Endeffekt ass et, trotz ugekënnegter Reen-Chance, just fir 5 l/m² duergaangen. Dat awer nëmme punktuell begrenzt well… de Gros vum Land ass komplett dréchen doduerchkomm. De meeschte Reen ass am Oste vum Land erofkomm. Der Natur huet dat awer net all ze vill bruecht.

Lo de Weekend iwwer ass et jo mat Zäiten zimmlech wollekeg gewiescht, ass dat en Indice op weidere Reen?

E war wollekeg, mee trotzdeem dréchen. An esou direkt huet dat leider kee Reen ze bedeiten. Mir starten haut nämlech erëm méi sonneg an d’Woch eran, d’Wolleke kommen eréischt vu muer dem Dënschden wärend dem Owend erëm zréck op Lëtzebuerg. D’Temperature packen et haut op 24 bis 28 Grad, muer si mir mat 24 bis 29 Grad dobäi. An der Nuecht op de Mëttwoch besteet eng ganz kleng Chance op eng kleng Drëps oder Schauer – vill sollt een sech dovun awer erëm net erwaarden.

Hu mir dann dës Woch awer nach eng Geleeënheet wéinstens e bësse Reen ofzekréien?

Et gesäit wuel esou aus, wéi wann et vun der zweeter Wochenhallschent un nawell zimmlech wollekeg géif ginn. Den amerikanesche Wiedermodell GFS an och den europäeschen ECMWF rechnen a Richtung Freiden oder Nuecht op de Samsde mat enger klenger Warscheinlechkeet vu punktuelle Schliet a Schaueren an Donnerwieder.

Ier mir awer an deem Zäitraum ukomme, klammen d’Temperaturen de Mëttwoch op 23 bis 26 Grad, den Donneschden an de Freide sinn et tëscht 23 a 25 Grad. De Samsde wiere mir mat 22 bis 24 Grad dobäi an de Sonnde mat 24 a 27 Grad. Och wat de Reen betrëfft, kéint de Sonnde nach en Dag ginn deen ee wéinst Schliet a potenziellen Donnerwieder muss am Aen halen.

An dann si mir wuel un deem Punkt ukomm, wou eis erëm méi oft Déifdrockgebitter besichen?

Déi Situatioun mat de potenzielle Schaueren a fläit mol engem Donnerwieder, déi jo de Moment do op de Modeller opgefouert gëtt, ass d’Resultat aus engem gréisseren Déifdrockgebitt, wat sech a Richtung nächste Weekend direkt südlech vun de britteschen Insele forméiere kann. An enger éischter Phas kéint dëst Déif nach eng Kéier kuerz als Wiermt-Schëpp agéieren, dat mat Temperature vun ëm 30 Grad an eise Géigenden.

Bleift déi Wiermt dann erëm fir eng méi laang Zäit oder ass et dat direkt erëm gewiescht?

Dat lescht Wuert ass nach net geschwat, well mir eis an Tëschenzäit jo erëm an engem méi spekulative Beräich beweegen – mee no esou engem Summer hofft ee natierlech, dass dee potenzielle Wiermt-Virstouss net all ze laang unhält. A wann et esou kéim wei den amerikanesche GFS-Modell dat gesäit, da géif dat grousst Déif nach virum 10. September matten op Mëtteleuropa duergezu kommen. D’Konsequenz dovu wier déi, dass dann de Wee fräi gemaach gëtt fir méi hierschtlech Temperaturen an esouguer eng Stréimung, déi erëm méi oft Reen an eise Géigende géif zouloossen.

Wa mir Chance hunn kéint sech d’Wieder dann pünktlech fir den Hierscht och der Joreszäit upassen?

Dat ass de Moment esou en Trend, jo. Natierlech musse mir awer nach eng Zäit ofwaarde, bis een dat endgülteg confirméiere kann. Et wier op alle Fall ze wënschen.


Wa mir Chance hu, kéint de Changement op deen déi meescht vun eis waarde guer net méi esou wäit ewech sinn. Merci fir d’Aussiichte Philippe Ernzer a bis de Freiden.