Radio 100,7: Den Abrëll war liicht ze kill an ze dréchen

Den Abrëll war minimal ze kill an ze dréchen. Wat eis d’Kaarten awer elo soen kéint d’Summerfrënn ënnert eis freeën.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 03.05.2022:

Den Abrëll ass eriwwer, mir sinn am Mee ukomm – an dëst zeechent sech elo och gutt an de Wiederkaarten of. Et versprieche spannend Zäiten op eis duerzekommen, iwwert déi eis elo de Philippe Ernzer e bësse méi erzielt. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Ier mir op déi weider Deeg kucken, maache mir awer nach e kuerze Réckbléck op den Abrëll.

De meteorologesche Mount Abrëll 2022 ass eriwwer an ass dem een oder aneren a Saache Reen opgefall – e war nämlech ze dréchen.

Wat heescht dëst am Detail?

Wa mir direkt beim Reen bleiwen, da kënne mir de Fazit zéien, dass et un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel am Abrëll genee 34 l/m² gereent huet – dat verdeelt iwwer 8 Deeg. Bezunn op d’Laangzäitmoyenne tëscht de Joren 1991 an 2020 falen an engem Abrëll normalerweis 49 l/m². Dëst heescht, dass et an dësem Abrëll 15 l/m² ze mann gereent huet.

Wéi ware mir dann Temperatur-méisseg ënnerwee?

Déi héchst gemoossen Temperatur am Abrëll 2022 waren 20,6 Grad, déi nidderegst war -3,6 Grad. An der Moyenne louche mir bei 8,7 Grad, wat 0,9 Grad manner sinn wéi soss. De Mount war also e klengt Stéckchen ze kill.

D’Sonn huet e gudden Job gemaach hunn ech héieren.

Passend bei de Nidderschlagsdefizit passt dann och, dass sech d’Sonn méi weise konnt wéi et eigentlech normal ass. 203,8 Sonnestonne goufen um Findel gezielt, normalerweis sinn et 197,5 Stonnen.

Wat war dann déi héchst Wandvitesse?

De 7. Abrëll ass de Stuerm NASIM iwwert eis ewechgezunn, deen un de Statiounen Käerjeng, Ëlwen an och Wolz Maximalvitesse vun 89 km/h generéiert huet. Wa mir awer bei der Statioun um Findel bleiwen, da war do déi stäerkst Wandvitesse mat 81,4 km/h duerch de Sensor gaangen.

A wat déi weider Aussiichte betrëfft mierke mir, dass et lues awer sécher a Richtung Summer geet?

Jo, d’Wiederkaarte fänken ëmmer méi un a Richtung summerlech Zenarien ze rechnen. Kee Wonner: de nächste Mount hu mir schonn Juni – ass nawell séier gaangen! Wa mir elo vun dëser Woch schwätzen, hu mir vill sonneg Momenter ze erwaarden, allerdéngs kënnt et dobäi och zu eenzelne Nidderschléi.

Sinn et dës Kéier dann mol nennenswäert Quantitéiten?

Den amerikanesche Modell rechent bis de Sonnde mat tëscht 15 an 20 l/m² Reen, den europäeschen ass grad emol mat bis zu 5 l/m² dobäi. Et wäert also staark dovun ofhänke, wou genee sech déi potenziell Schaueren entwécklen – an esou wäit am Viraus kann een dat leider net soen.

Wat soen d’Temperaturen?

D’Temperaturen ännere sech nach net all ze vill, se pendle bei tëscht 15 an 20 Grad am Dag a kënnen an der zweeter Wochenhallschent esouguer nach e Stéckche weider klammen.

Déi lescht Kéier sote mir, dass ronderëmt de 9. Mee realistesch Chancen op summerlecht Wieder bestinn. Ass dat nach ëmmer esou?

D’Kaarten hunn tatsächlech nach net all ze vill zanter der leschter Woch geännert. Vun der nächster Woch u gëtt nämlech ëmmer nach domat gerechent, dass sech lues a lues déiwe Loftdrock iwwert den Atlantik leet an héije Loftdrock iwwert den ëstleche Kontinent. Dëst géif dozou féieren, dass mir ënnert eng waarm südlech Stréimung geroden, déi eis waarm bis hin zu summerlech Loftmasse brénge géif – esouwäit den amerikanesche Modell. Och den europäesche Modell geet lues a lues an déi Richtung, also sollt et normalerweis net méi all ze laang daueren.

D’nächst Woch gëtt et jo dann immens spannend, da si mir mol gespaant! Merci Philippe Ernzer fir dës Aussiichten a bis dann.