Duerch d’Coronavirus-Pandemie ass net nëmmen dat ëffentlecht Liewe staark beanträchtegt, mee och an anere Beräicher maache sech Anomalië bemierkbar. Dozou zielen och d’Wiederprognosen, déi wärend der momentaner Zäit en Tick méi ongenee kënne sinn. Firwat dat esou ass, erkläert de Philippe Ernzer am Reen a Bou.
Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen
Duerch d’Coronavirus-Pandemie ass méi oder manner alles op der Kopp. Souguer fir d’Meteorologe bréngt dat Nodeeler mat sech – d’Qualitéit vun de Wiederprognose leit ënner der Kris. Mee firwat ass dat sou?
Fir dat méi genee ze erklären, kucke mir kuerz zeréck op d’Episod aus dem Mäerz 2019, an där et drëm gaangen ass, wéi sou eng Wiederprognos iwwerhaapt entsteet. Fir eng Prognos ze maache baséiere sech d’Meteorologen op eng ganz Rei Wiedermodeller. Dës Wiedermodeller gi mat all méiglechen Donnéeë gefiddert – dozou zielen d’Wäerter vun den Dausende Wiederstatiounen op der ganzer Welt, de Wiederballonen, de Fligeren an och de Wiedersatellitten am Äerdorbit. Bei de Wiedermodeller handelt et sech schlussendlech ëm Berechnungen, déi a grousse Rechenzentere vu Supercomputere verschafft ginn. Niewebäi gesot war d’Meteorologie och den Haaptgrond, firwat an de 50er a 60er Joren intensiv un dëse Maschinne geschafft gouf.
Duerch déi schaarf Mesuren duerch de Coronavirus fält eng wichteg Datequell bal ganz ewech: d’Miessunge vun de Fligeren. Well den Alldag duerch d’Pandemie esou ageschränkt ass, fléien och manner Fligeren. Dobäi handelt et sech net nëmmen ëm Fuerschungsfligeren, mee och verschidde Passagéierfligere sinn hautzedaags mat meteorologeschen Instrumenter ausgerëscht. D’Donnéeën dovu ginn z. B un den Däitsche Wiederdéngscht weidergeleet oder eben an d’Rechenzenteren, wou se der Berechnung vun de Modeller déngen. Enn Mäerz waren ongeféier 70 Prozent manner kommerziell Fligeren ënnerwee wéi soss. Als logesch Konsequenz huet dat, datt och manner Date gesammelt ginn.
Milliounen Donnéeën
Fir e Bild dovun ze kréien, wéi vill Donnéeën eigentlech an esou e Wiedermodell fléissen, kucke mir eis einfach mol den däitsche Wiedermodell ICON vum Däitsche Wiederdéngscht DWD un. All Dag gëtt dëse mat 5,3 Milliounen Donnéeë gefiddert. 80 Prozent vun dëse stame vu Satellitten, 10 Prozent vu Wiederstatiounen um Buedem a weideren 10 Prozent vu Fligeren.
Wéi virdru gesot, sinn och vill kommerziell Fligere mat meteorologesche Moossinstrumenter ausgerëscht. Dës Maschinne sinn Deel vum sougenannten Aircraft Meteorological Data Relay Programme, kuerz AMDAR. Well manner Fligere fléien, ginn ebe net méi esou vill Donnéeë gesammelt. Haaptsächlech iwwer dem Atlantik entsteet e klengt Datelach, mat deem d’Modeller awer eens musse ginn.
Dëst Datelach kéint bewierken, datt beispillsweis Déifdrockgebitter, déi an eis Richtung gezu kommen an en Afloss op eist Wieder kënnen hunn, een Dag méi spéit erkannt ginn. Kuerzfristeg Ännerungen an de Prognose kéinten also méi dacks virkomme wéi soss. Och fir erauszefannen, wouhi genee en Héich- oder Déifdrockgebitt mat sengem Kär hinzitt, ass duerch déi genannt Problematik eng méi schwéier Aufgab.
Bei der Lufthansa ginn et zur Zäit néng mat Moossinstrumenter ausgerëschte Maschinnen – se bleiwen awer all um Buedem. Duerch den Defizit un Donnéeën duerch Fligere kënnt d’Fro op, ob een net eventuell dat Ganzt mat Hëllef vun de Satellitte kompenséiere kéint. Och dat ass net sou einfach gemaach. D’Wandmiessunge vun de Fligere kënnen eng Ofwäichung vu gutt engem Meter an der Sekonn ausmaachen, iwwerdeems déi vun de Satellitten 2 bis 2,5 Meter an der Sekonn. D’Miessung vun de Wandstréim, eleng vun de Satellitte gemooss, ass also méi ongenee, wéi déi mat der Hëllef vun de Fligeren.
Start a Landung sinn am interessantsten
Den däitsche Wiederdéngscht bedreift nach en zweete Modell, dee vill méi héich opgeléist ass. De COSMO-D2 eegent sech zimmlech gutt fir klengräimeg Prognosen ze maachen – e Grond, firwat e wärend potenziellen Donnerwiederlagen eng wichteg Referenz fir d’Meteorologen ass. Fir datt dëse Modell sou genee wéi gewinnt funktionéiert, muss och dëse vun enger héijer Zuel un Donnéeë versuergt ginn. Iwwerdeems den 1. Februar 2020 nach méi wéi 42.000 Donnéeën an de COSMO-D2 eragefloss sinn, waren et an der Woch vum 1. Abrëll 2020 just nach 5.100. Dëst ka schonn zu gravéierenden Ofwäichunge féieren.
D’Donnéeë vu Fligere sinn haaptsächlech wärend dem Start an der Landung fir d’Wiederdéngschter am interessantsten, well d’Maschinne wärenddeem ënnerschiddlech Héichtenniveauen duerchfléien, an deenen d’Wäerter vun den ënnerschiddlechste Parameter staark variéiere kënnen. Well esou vill Fligeren awer ewechfalen, hëlleft sech den däitsche Wiederdéngscht DWD andeems e méi Wiederballone wéi soss an d’Atmosphär opsteige loossen. Sou kann op d’mannst probéiert ginn, d’Datelach e bësse méi kleng ze halen.
Den europäeschen Zentrum fir mëttelfristeg Wiederprognosen, deen och e Wiedermodell mat der Ofkierzung ECMWF bedreift, huet am Joer 2019 simuléiert, wéi sech dat komplett Ewechbleiwe vu Fliger-Donnéeën op d’Wiedermodeller auswierke géif. Dobäi koum eraus, datt de Qualitéitsréckgang vun den Donnéeën haaptsächlech an enger Héicht vun 10 bis 12 Kilometer markant wier – also där Héicht, an där d’Fligere sech am meeschten ophalen. Ofwäichunge vun 10 Prozent kéinten optrieden, um Buedem jee no Wiedermodell ongeféier 4 Prozent. All Joerzéngt ginn d’Wiederprognosen ëm ongeféier 10 Prozent besser. Engem Spriecher vum ECMWF no kéinte mir duerch déi momentan Ëmstänn dräi bis fënnef Joer zeréckgefall sinn.