Radio 100,7: Den éischte Frascht vun der Saison

Bal pünktlech fir de kalendareschen Hierschtufank ass et fir den éischte Frascht duergaangen.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 23.09.2022:


Am Dag ass et nach net esou richteg kal, dofir awer an de Nuechten. Gëschter Moien ass beispillsweis den éischte Frascht vun der Saison opgetrueden. Wéi sech d’Wieder de Weekend an och driwwer eraus entwéckelt, dat erzielt eis elo de Philippe Ernzer. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

De kalendareschen Hierscht ass dës Nuecht ugaangen, an dat huet een och um Wieder gemierkt.

Jo. Et ass zwar nawell fréi fir d’Joreszäit, an awer ass et gëschter Moie fir den éischte Loftfrascht vun der Saison duergaangen. Mat Loftfrascht ass gemengt, dass d’Temperatur, déi der Norm no op 2 Meter gemooss gëtt, op 0 Grad oder drënner gefall ass.

Fir genee ze sinn, hate mir et un der ASTA-Statioun zu Ueschdref mat -1,4 Grad ze dinn. Och un der ASTA-Statioun zu Schëmpech war et mat genee -1 Grad zimmlech kill, hannendru koum Béiwen mat -0,7 Grad.

Net nëmmen am Norden ass et fir niddereg Wäerter duergaangen, mee och méi wäit am Westen an och an der Südhallschent. D’ASTA-Statioun zu Schëmpech huet e Minimum vu -0,5 Grad gemooss, genee wéi och zu Käerch. Zu Réiser ass et op 0,1 Grad zréckgaangen an zu Recken op der Mess op 0,2 Grad.

Wat de Buedemfrascht betrëfft war et zu Wolz mat -3,2 Grad am keelsten.

Dëst ass allerdéngs eng markant Temperaturdifferenz, wann een et mat den Maximaltemperaturen am Dag vergläicht.

No dem immens kille Start an den Donneschden eran sinn d’Temperaturen am Dag selwer awer op e Maximum vun tëscht 15 a 19 Grad geklommen. Dëst ass tatsächlech e gréissere Kontrast.

Dëse Kontrast kënnt awer nëmmen doduerch zustanen, well et duerch d’Héichdrockwieder an der Nuecht zimmlech kloer war. Ënnert engem kloren Himmel killt et vill besser a séier of, wéi wann Wolleken do wieren. Duerch d’Wolleken gëtt nämlech e gutt Stéck vun der Erwiermung um Buedem gehalen, wat bei engem kloren Himmel net de Fall ass. Dagsiwwer konnt d’Sonn dunn och erëm gutt randrécken, soudass eben déi gréisser Differenze konnten zustane kommen.

Wat d’Loftmassen ugeet kéint eis schonn de Méinden de nächsten Temperaturréckgang ustoen?

Fir den Ufank vun der nächster Woch sinn d’Wiedermodeller tatsächlech erëm un engem Réckgang um bastelen. Fir d’éischt kucke mir awer nach eng Kéier kuerz op de Weekend. Et funkt erëm déiwe Loftdrock dotëscht, duerch deen et éischtens erëm zu méi Wolleke komme wäert. Zweetens klëmmt och erëm d’Warscheinlechkeet vun e puer eenzelne Schaueren – all ze vill Reen däerf ee sech vun dësen awer net erwaarden. Et gi just eenzel Modeller, wéi beispillsweis den europäeschen ECMWF, déi mat ganz vill Chance mol 10 l/m² bei eis gesinn.

Temperaturméisseg si mir haut mat 16 bis 19 Grad ënnerwee, muer an och e Sonnde mat 13 bis 17 Grad. Just laanscht d’Musel kann et och mol fir 18 Grad duergoen. Et gëtt also en Tick méi wollekeg, d’Sonn kënnt sech dotëscht och nach weisen an heiansdo kann eng Schauer optrieden.

A jo… wa mir dann op de Méinden ze schwätze kommen, da soll eis do vun der Nordséi hier en Déifdrockgebitt erreechen. Duerch dat Déif gëtt et net nëmme méi onbestänneg, mee och eis Temperature ginn e Stéckchen erofgedréckt. Esou ginn dem aktuelle Stand no nach tëscht 12 a 16 Grad erreecht an den Dënschde just nach 9 bis 13 Grad. Mat dobäi komme naass an zäitweis och méi lefteg Momenter.

Ass dat dann een unhalenden Zoustand oder ginn et och nach méi roueg Aussiichten?

Et ass zwar nach eng Zäit bis dohin, mee den europäesche Modell gesäit fir ronderëmt den 1. Oktober erëm d’Optioun, dass sech vum Atlantik hier erëm héije Loftdrock an eis Géigenden hin ausbreet. Den amerikanesche Modell gesäit dës Léisung awer eréischt fir ronderëmt de 6. Oktober. Et geet also nach e bëssen hin an hier, mee et schéngt op alle Fall mol net dauerhaft esou wiesselhaft ze bleiwen.


Nom éischte Frascht vun der Saison geet et also méi oder manner hierschtlech virun zu Lëtzebuerg. Merci Philippe Ernzer a bis de Méinden.