Radio 100,7: Den El Niño an den ENSO-Phänomen

El Niño – e lokale Phenomeen mat globalen Auswierkungen. An onreegelméissegen Ofstänn ännert sech d’Mieresstréimung am Ostpazifik, déi d’Waasser hei iwwerduerchschnëttlech waarm gi loossen. Wat doduerch mam Wieder ronderëm de Pazifik, jo esouguer an Europa geschéie kann, beliicht de Philippe Ernzer.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganzen Text fir matzeliesen

Den een oder anere vun Iech huet sëcherlech schon de Begrëff “El Niño” oder och “El Niña” am Bezuch zum Wieder oder Klima héieren. Dës zwee Begrëffer beschreiwen awer just zwee vun dräi Phänomener, déi am direkten Zesummenhang mat der sougenannter Southern Oscillation leien, kuerz ENSO. D’ENSO ass e komplexen Zirkulatiounssystem tëscht der Äerdatmosphär an der Mieresstréimung am äquatorialen an tropesche Beräich vum Pazifik. D’El Niño Phänomen hänkt virun allem mat der Mieresstréimung zesummen, iwwerdeems d’Southern Oscillation oder och nach südlech Oszillatioun méi an der Atmosphär stattfënnt.
Dës südlech Oszillatioun besteet net nëmmen aus dem El Niño an dem El Niña, wat de Géigendeel vum El Niño ass, mee och nach aus enger neutraler Phase, also dem neutralen Zoustand. D’El Ninã gëtt iwwregens och nach oft als “Anti-El-Niño” betitelt.
All d’Phänomener ronderemt d’ENSO weisen Telekonnektiounen op. Ënner Telekonnektioun an der Meteorologie versteet een den Zesummenhang tëscht Wiederprozesser an zwou wäit distanzéierte Géigenden. An dësem Fall huet dat Ganzt z.B en Afloss op déi atlantesch Hurrikansaison oder och nach den indeschen Monsun.

De Numm ENSO setzt sech aus “El Niño – Southern Oscillation” zesummen a beschreift an éischter Linn déi spontan Verännerung vun de Mieresstréimungen, déi zwar ëmmer rem virkomme, mee net an engem festen Zäitofstand – se sinn also net zyklesch. Virun allem am Fall vum El Niño kënnt et zu méi waarme Mieresuewerflächentemperaturen, duerch déi d’peruanesch Fëscher finanziell Verloschter maachen. Et si wärend dëse Phase net sou vill Fësch ënnerwee. D’Southern Oscillation bezitt sech op d’Verhältnisser déi souwuel am Mier souwéi och meteorologesch gemooss kënne ginn, duerch déi een tëscht de neutralen Phasen, de positiven Phasen (El Niño) an de negative Phasen (El Niña) ënnerscheede kann.
Wéi gesinn déi dräi Phasen a Wierklechkeet aus? Wéi gesot, spillt sech dat ganzt haaptsächlech an der tropescher Géigend vum Pazifik of. An de normale Joren, also ouni Anomalien wéi dem El Niño oder dem El Niña, sinn d’Waasseruewerflächentemperaturen mat bis zu 28 Grad virun de Küste vun Indonesien e gutt Stéck méi héich wéi méi wäit am Osten virun der Küst vu Südamerika, wou d’Mieresuewerfläch ongeféier 24 Grad waarm ass. De Grond, dass et do méi kill ass, ass deen, dass duerch dat sougenannt “Opdriffsgebitt” dat méi killt Waasser aus den ënneschte Schichten a Richtung Uewerfläch gedriwwe gëtt. Ënnerstëtzt gëtt dat Ganzt vum äquatorialen Ostwand, deen d’Waasser nach méi widder des Opdriffsgebitter dréckt an de Virgank verstäerkt. E groussen Deel vun de kille Mieresstréimunge kommen doduerch zustanen, déi och nach Humboldt-Stroum a Südpazifikstroum genannt ginn. Den Humboldt Stroum gouf dem däitsche Naturfuerscher Alexander von Humboldt no benannt a fléisst vun der Antarktis laanscht d’Küsten vu Südamerika riicht a Richtung Norden. De Südäquatorialstroum existéiert am Pazifik, Atlantik an och am indeschen Ozean an ass op de meeschte Plazen eng permanent waarm Mieresstréimung. Am Pazifik gëtt et awer den Ënnerscheed, dass se sech aus dem kalen Humboldtstroum zesummesetzt. Dëse fléisst, duerch d’Dréibeweegung vun der Äerd, laanscht den Äquator a Richtung Westen a sou och op Australien a Südostasien duer.

Zréck bei d’Opdriffsgebitter. Déif am Mier ginn et vill a wäertvoll Nierstoffer, déi zesumme mat dem méi kille Waasser no uewe gedriwwe ginn. Doduerch kënnt et virun allem laanscht Südamerika zu ganz gudde Konditioune fir d’Fëscherei. Duerch de staarken äquatorialen Ostwand ass de Mieresspigel un der Westküst vu Südamerika bis em en hallwe Meter méi niddreg wéi un der Ostküst vun Australien oder Indonesien. D’Waasser, wat also am Oste feelt, gëtt an de Weste gedréckt.
Duerch déi héich Waasseruewerflächentemperatur am Westpazifik an d’Verdonstung vum Waasser duerch d’Sonnenastralung gëtt vill Loftfiichtegkeet fräigesat. Dës fiicht Loftmasse steigen op grousser Fläch an den Himmel, soudass sech en Déifdrockgebitt forméiere kann, meeschtens am Beräich vun Indonesien. D’Loft, déi opsteigt, gëtt vu Norde no Süden, also meridional, souwéi och zonal, also vu Weste no Osten entlaang dem Äquator, oftransportéiert. Den Transport vu Nord no Süd gëtt vun der Hadley-Zell ënnerstëtzt, also enger Loftzirkulatioun an der Südost-Passatwandzon tëscht dem Äquator an dem 30ste Breedegrad. Den zonalen Transport, also laanscht den Äquator, kënnt duerch déi sougenannt “Walker-Zirkulatioun” zustanen. Dës Zirkulatioun entsteet doraus, dass d’Loftstréimung virun der Küst vu Südamerika erofgedréckt gëtt iwwerdeems se iwwert dem Westpazifik virun der Küst vun Indonesien erëm opsteigt. Um Buedem entsteet eng westlech Stréimung, wäit uewen un der Tropopaus eng ëstlech.
Iwwert dem ëstleche Pazifik besteet zu de neutralen Zäiten oft héije Loftdrock. Bei engem Héichdrockgebitt stréimt d’Loft no ënnen, wouduerch sech net méi sou gutt Wolleke forméiere kënnen. Sinn der do, da fale se oft och einfach a sech zesummen. An dësem Fall kënnt et an dësem Gebitt also éischter net zu Nidderschléi, wouduerch e staarke Kontrast tëscht der Küst vun Indonesien an där vu Südamerika entsteet. Déi Loft, déi am Héichdrockgebitt no ënne gedréckt gëtt, fléisst iwwer d’Mier zréck an d’Déifdrockgebitt iwwer Indonesien.

Zesummegefaasst gesot besteet wärend der neutraler Phas iwwert dem Westen, also Indonesien, déiwe Loftdrock. Do reent et ëmmer rem, virun allem well do duerch déi héich Mieresuewerflächentemperaturen ëmmer erëm gréisser Waassermasse verdonsten a sou den déiwe Loftdrock oprechterhalen. Iwwert dem Osten, also a Richtung Küst vu Südamerika, fält d’Loft erëm no ënnen, et forméiere sech sou gutt wéi keng Wolleken an et ass dréchen. Duerch dëst bestännegt Héichdrockwieder kënne sech wüstenaarteg an extrem dréche Landstrecher forméieren.
Bei engem El Niño, deen an onreegelméissegen Ofstänn all 3 bis 7 Joer virkënnt, gesäit d’Gesamtbild aneschters aus. Den Ënnerscheed vun der Loftdrockverdeelung tëscht dem ëstlechen an dem westleche Pazifik gëtt däitlech méi kleng an dréint sech souguer ëm. De Loftdrock virun der Küst vu Südamerika ass also, anescht wéi bei der neutraler Phase, méi niddreg wéi virun der Küst vun Australien oder Indonesien. De Passatwand, also de Wandstroum, dee vum Héich a Richtung Déif zitt, huet net méi sou vill Aarbecht, well kee sou e groussen Ausgläich vun de Loftdrockgéigesätz méi néideg ass. Wann de Passatwand net méi sou present ass oder och iwwerhaapt net, gëtt och kee waarmt Waasser méi vun der Uewerfläch vum Osten an de Westen transportéiert an d’Temperaturënnerscheeder un der Uewerfläch gi generell méi kleng.
Duerch déi méi héich Waasseruewerflächentemperaturen un der Küst vu Südamerika klëmmt de Mieresspigel. D’Zoufuer vum nierstoffräiche méi kille Waasser aus der Déift gëtt et net méi, soudass och d’Zuel vun de Fësch un den Ostküsten zréckgeet. D’Fëscherei spillt eng grouss Roll, well den El Niño Phänomen fir d’alleréischte Kéier vu peruanesche Fëscher entdeckt ginn ass. Wärend dëse Joren konnte ronderem d’Chrëschtzäit net sou vill Fësch gefong ginn. Duerch d’Joreszäit krut d’Phänomen och de Numm El Niño, wat iwwersat “Chrëschtkand” heescht.

Déiwe Loftdrock mat vill Reen dominéiert also d’Westküst vu Südamerika iwwerdeems et un de Küsten am Westpazifik zu ausgedréchenten a wüstenähnleche Landschafte kënnt.
Duerch den El Niño sinn géint Enn vum 19. Joerhonnert a China, Brasilien an Indien am Ganzen tëscht 30 a 50 Millioune Leit duerch d’Auswierkunge gestuerwen. De Grond: extrem Dréchent a kee Reen. Och op anere Plazen op der Äerd mécht et sech bemierkbar. An El Niño aktive Joren kënnt et a Nordamerika souwéi och bei eis an Europa zu méi strenge Wanteren. De Wëssenschaftler no soll z.B de kalen a schnéiräiche Wanter vun 2009/2010 enk mam Phänomen zesummenhänken. Och a Südafrika kann et doduerch zu staarken Dréchente kommen, iwwerdeems iwwert dem äussersten Oste vum Kontinent extrem Reequantitéite néier ginn, déi ganz Dierfer zerstéieren.
Da gëtt et och nach d’El Niña- Phänomen, wat eng Verstäerkung vun der normaler Phase vum ENSO, also der “El Niño Southern Oscillation” duerstellt. Meeschtens triede se direkt no engem El Niño op. D’Déifdrockgebitt iwwer Indonesien ass däitlech méi staark, wouduerch de Loftdrockënnerscheed am Géigesaz zum iwwert dem Osten hänkenden Héichdrockgebitt nach méi grouss ass. Wat geschitt? De Wand, deen tëscht den zwee Drockgebitter bléist, also de Passatwand, ass méi staark, well e probéiert, den Drock auszegläichen. An Indonesien gëtt et doduerch nach vill méi Reen an iwwer Peru an och anere Géigenden a Südamerika gëtt et nach méi dréche, wéi et wärend enger neutraler ENSO-Phase souwisou schonn ass. Am Joer 2010 huet et iwwer Deeler vu Südostasien sou vill gereent wéi nach ni zanter Opzeechnungsufank. An Australien koum et deemools am Bundesstaat Queensland an am nërdleche New South Wales zu extremen Iwwerschwemmungen, déi vun der Fläch hier bal hallef sou grouss waren, wéi Bayern. Zur selwechter Zäit gouf et iwwert dem Südweste vun Australien déi stäerkst Dréchent, déi jeemools registréiert ginn ass.

Fir Nordamerika klëmmt de Risk vun enger erhéichter Unzuel vun Hurrikanen markant.