Radio 100,7: D’Kippelementer am Äerd- a Klimasystem (drëtten Deel)

Am zweeten Deel ass et nach eemol kuerz ëm d’Kryosphär gaangen, éier de Philippe Ernzer dunn awer haaptsächlech op d’Kategorie vun de Stréimungssystemer iwwergaangen ass. Am drëtten Deel geet et mat deene virun an dono sinn d’Ekosystemer un der Rei.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganzen Text fir matzeliesen

Dass mir a ville Beräicher vun eisem Äerd- a Klimasystem sougenannt Kipp-Elementer fannen, hu mir an de leschten zwou Episode vum Reen a Bou gemierkt. Mir si mat eiser Mini-Serie zu dësem ganz interessanten Thema awer nach net um Enn. Et gëtt nach e bëssen eppes ze zielen.

An der leschter Episod hu mir ënnert anerem gesinn, dass Anomalien wéi z.B den El Niño duerch d’Äerderwiermung an Zukunft tendenziell méi oft virkomme kënnen. Bis ewell ass et statistesch gesinn all zwee bis siwe Joer virkomm, dass de Passatwand am Pazifik staark ofgeschwächt war a sech doduerch de südëstleche Pazifik erwiermt huet. D’Konsequenz vun engem El Niño ka sech ganz ënnerschiddlech weisen, ënnert anerem ass mat staarken Dréchenten ze rechnen – do, wou se normalerweis net sou oft virkommen – oder och méi streng Wanteren an eise Géigende kënnen eng Auswierkung sinn.

Och koume mir kuerz drop ze schwätzen, dass sech den Jetstream duerch d’Äerderwiermung ofschwächt an zäitweis op ville Plazen och guer net méi wierklech present ass. Doduerch kënne sech Grousswiederlagen iwwert eng méi laang Zäit festsetze, wouduerch et zu laangen Dréchente, Reeperioden, Hëtzt- a Keeltwelle komme kann. Och déi uerg Iwwerschwemmungen an der éischter Hallschent vum Juni 2018 sinn op e méi luesen Jetstream an eng domat zesummenhänkend festgefuer Grousswiederlag zeréckzeféieren.

Net nëmmen den Jetstream ass destabiliséiert, mee och den indesche Monsun fält mat sengem Verhalen op. Bis zu 90% vum ganze Reen, deen an Indien iwwert ganzt Joer verdeelt erofkënnt, ass d’Wierk vum reegelméissege Summermonsun. Dëse Summermonsun gëtt duerch e Réckkopplungsmechanismus ugedriwwen – onënnerbrach stréimt fiicht Loft vum Mier u Land. Et entsti Wolleken an domat och Nidderschléi, duerch déi zousätzlech sougenannt “latent Wiermt” fräigesat gëtt. Ënner latenter Wiermt versteet een an der Meteorologie d’Quantitéit u Wiermt, déi am Waasserdamp als potenziell Energie gespäichert ass. Dës Quantitéit u Wiermt gëtt haaptsächlech der Mieresuewerfläch duerch d’Verdonstung entzunn. Dobäi verdonst 86% vum Waasser iwwert dem Mier a 14% iwwer Land.

Duerch déi latent Wiermt gëtt also a Punkto Monsun dofir gesuergt, dass ëmmer erëm waarm Loftmassen opsteigen, déi dann nach méi fiicht Loftmasse vum Mier u Land bréngen. Eng gréisser Roll spillen och Aerosolen an der Loft, duerch déi méi Nidderschléi provozéiert ginn. Op Grond vum Klimawandel wier also mol mat méi staarken an och mat manner staarke Monsun-Evenementer ze rechnen, wat all Kéiers fir Konsequenze suerge géif. Fält de Monsun manner staark aus, verréngert sech d’Reequantitéit déi am Joer erofkënnt markant. Dréchente wiere virprogramméiert. Reent et ze vill, da geet et an eng komplett aner Richtung: katastrophal Iwwerschwemmungen.

Bëssen änlech gesäit et och fir de westafrikanesche Monsun aus, wat och eng Auswierkung op déi gréisst Drëchewüst vun der Äerd kéint hunn – nämlech d’Sahara. D’Zesummespill aus Buedemfiichtegkeet, der Vegetatioun an der Atmosphär kann dovir suergen, dass sech och d’Verhale vum westafrikanesche Monsun verännert. Engersäits géif dat och erëm entweder Phase mat vill Reen an anerersäits och Phase mat bal guer kengem Reen bedeiten. Ofhängeg ass dat Ganzt vum sougenannte Nidderschlags-Rimm. Wann dëse sech zum Beispill méi wäit an de Norde beweegt, géif dat d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi an der Sahel-Zon an d’Luucht drécke, wouduerch och mol erëm bësse Grénges an der Sahara wuesse géif. D’Sahel-Zon ass eng Iwwergangszon am Norde vun Afrika, déi den Iwwergang tëscht der Sahara an de méi fiichten Tropen markéiert.

Géif d’Sahara a Punkto Vegetatioun erëm opbléien, kéint dat awer och negativ Auswierkungen hunn. D’Mieresplanzen an der Karibik an och den Amazonas-Reebësch gëtt duerch Nierstoffer, déi mam Wüstestëbs duerch Stierm iwwert den Atlantik an de Weste geblose ginn, um Liewe gehalen. Sollt d’Sahara also erëm méi gréng ginn, dann hätt dat manner Nierstoffer als Konsequenz.

Aus der Karibik maache mir e Sprong an de Südweste vun den USA. Do deent sech schonn zanter e puer Joer d’subtropesch Drëchenzon ëmmer méi wäit an de Norden aus, wouduerch elo schonn ëmmer manner Nidderschléi iwwert dem Südweste vu Nordamerika falen. De Fuerscher ass opgefall, dass op där Plaz d’Zesummespill aus dem Stréimungsmuster vum Mier an der Loftstréimung an der Atmosphär ganz änlech wéi dat vun engem Monsun-System ausgesäit. Sécher ass et net, allerdéngs kéint sech dohannert e Kipp-Punkt verstoppen deen, soubal en iwwerschratt gëtt, Prozesser an d’Weeër leede kéint, dass nach vill manner Reen wéi souwisou schonn iwwert dem Südweste vu Nordamerika erofkomme kéint. Et wier also mat nach méi extremen Dréchenten ze rechnen.

Komme mir bei déi lescht Kategorie – d’Kippelementer an den Zesummenhang mat den Ekosystemer op der Äerd. An de verschiddenen Ekosystemer fanne Planzen an Déieren hir ekologesch Nisch, wat et hinnen erméiglecht, sech ze vervillfältegen an ze liewen. Ännert sech awer eppes, da kënne se sech iergendwann net méi op de gewinnte Plazen ophalen an och Planzen- Aarte verschwannen. E puer Planzen- an Déierenaarte sinn dynamesch a kënnen am Fall vu Changementer ouni gréisser Problemer a besser geleeë Géigenden auswäichen. Aner Aarten awer, déi vu ganz bestëmmte Konditiounen ofhängeg sinn, kënnen dat awer net. Duerch de Klimawandel ass ze erwaarden, dass sech an Zukunft ganz Landstrécher kënne veränneren – wat och de Liewensraum vu Planz an Déier betrëfft oder leider och verschwanne losse kéint.

Méi dozou gëtt et an der nächster, an och der leschter Episod zu der Mini-Serie iwwer d’Kippelementer am Äerd- a Klimasystem. All déi aner Deeler dozou an och zu den aneren Theme fannt Dir op eiser Internetsäit 100komma7.lu.