Radio 100,7: D’Kippelementer am Äerd- a Klimasystem (véierten Deel)

Sou lues kënnt déi kleng Serie zu de Kippelementer am Äerd- a Klimasystem op en Enn. An der leschter Episod si mir bei der véierter a leschter Kategorie, déi vun den Ekosystemer, ukomm. Virdrun hu mir awer nach gesinn, wat geschitt, wa sech verschidde Stréimungssystemer veränneren – meeschtens sinn d’Konsequenze katastrophal.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganzen Text fir matzeliesen

D’Kippelementer am Äerd- a Klimasystem kënnen oft gravéierend Konsequenze mat sech bréngen. Soubal d’Schwell vun engem Kipp- Element areecht gëtt, geréit et aus dem Gläichgewiicht, wat bedeit, dass den Effekt sou gutt wéi ëmmer negativ ass – haaptsächlech doduerch, well Prozesser an d’Weeër geleet ginn, déi sech selwer verstäerken. Wéi eng Schwellen dat sinn a wéi eng Kipp- Elementer mir an de leschte puer Episode gesinn hunn, fannt Dir op eiser Internetsäit 100komma7.lu oder méi spéit an dëser Episod.

Déi bisewell ganz interessant Mini-Serie geet awer lues a lues op en Enn. Déi leschte Kéier hu mir kuerz d’Kategorie vun den Ekosystemer ugeschnidden – also alles wat Planzen- an Déierenaarte betrëfft. Mir hunn erausfonnt, dass verschidden Aarten zimmlech dynamesch sinn a sech un d’Verännerungen, déi duerch d’Ausléise vu Kipp-Punkten zustane kommen, upasse kënnen. Anerer dogéint kënnen dat awer net – Aartestierwen ass wahrscheinlech.

Kucke mir eis den Amazonas-Reebësch un. De Groussdeel vun de Nidderschléi, déi hei fale, si virdrun och iwwert dem Bësch verdonst. Gëtt et méi waarm op der Äerd – an dat am Zesummenhang mat der Ofholzung a Bëschbränn – kéint de Bësch iergendwann u seng kritesch Grenze stoussen. Gëtt déi Grenz iwwerschratt, mierkt een dat net vun haut op muer, mee am Laf vun e puer Joerzéngten. Passt sech den Amazonas de Konsequenze vum Klimawandel un – wéi zum Beispill a Form vun engem saisonale Bësch wéi mir en och kennen oder och enger Graslandschaft – dann hätt dat markant Auswierkungen op dat ganzt Äerdklima. De Grond: ongeféier ¼ vum globalen Austausch vu Kuelestoff tëscht der Atmosphär an der Biosphär geschitt am Amazonas. D’Biosphär beschreift, kuerz gesot, all Schichten vun der Atmosphär, wou Liewewiese virkommen. Se fänkt an enger Déift vu 5 Kilometer ënnert dem Buedem un an erstreckt sech bis op 60 Kilometer iwwert d’Uewerfläch.

Wann de Reebësch verschwënnt, geet och d’Biodiversitéit verluer – déi awer eng grouss Hoffnung dofir ass, dass sech de Bësch an de ganzen Ekosystem erëm erhuele kéint.

Net nëmmen den Amazonas ass vu Verännerungen duerch de Klimawandel betraff, mee och d’nordesch Noolebëscher, déi och nach Boreal-Bëscher genannt ginn. Bal en Drëttel vun der ganzer Bëschfläch op der ganzer Äerd besteet aus de Boreal-Bëscher. Duerch d’Temperaturen déi weider klammen, ebe wéinst dem Klimawandel, sinn d’Beem méi vu Planzeschädlingen betraff. Och geet de Risk vu Bëschbränn an d’Luucht an och duerch eng potenziell steigend Zuel u Stierm kann d’Fläch vun de Boreal-Bëscher verréngert ginn. Duerch méi dréche Phase kënnt och sou lues Waassermangel op, wouduerch sech d’Bëscher nëmme schlecht rëm erhuele kënnen. Gëtt d’Belaaschtung duerch all des Eegenschaften ze grouss, kéinte vun de Bëscher iergendwann just nach Grasflächen iwwreg bleiwen. Genee wéi am Amazonas géifen och vill Planzen- an Déierenaarten an de Boreal-Bëscher verschwannen. Mat dobäi kënnt, dass mam massive Fräisetze vun CO2 ze rechnen ass, wat d’Vitesse vun der Äerderwiermung undreiwe géif.

Och d’Planzen am Waasser huele grousse Schued duerch de Klimawandel. D’Koralleriffer gëllen als extrem empfindlech Liewensraim, déi scho bei gerénge Verännerunge vun de Konditiounen am Ëmfeld beschiedegt kënne ginn. Dozou gehéiere scho nëmme geréng Temperaturschwankunge souwéi och d’Versaueren vun de Mierer. An de leschte Jore goufen och ëmmer méi oft sougenannt “Korallenbleichen” observéiert – wourënner een d’Ausbleeche vu Steekoralle versteet. A leschter Zäit ass d’Heefegkeet vun dëse Bleeche staark an d’Luucht gaangen – et ass also ze erwaarden, dass et duerch de Klimawandel méiglecherweis ëmmer manner Koralle wäert ginn. Wann e Koralleriff mol bis fort ass, dauert et e puer dausend Joer, bis et rëm nowiisst. Fir dass méi wéi 10 Prozent vun alle Koralleriffer erhale bleiwen, misst d’global Erwiermung op ënner 1,5 Grad gehale ginn. Engem Bericht vum IPCC (Intergovernmental Panel on Climate Change) géife bei 2 Grad warscheinlech bal all Koralleriffer op der Äerd ausstierwen.

Net de ganzen CO2, deen an d’Loft geblose gëtt, bleift och an der Atmosphär. D’Mierer vun eisem Planéit huelen enorm Quantitéiten un CO2 op an hunn der Atmosphär ronn 40% vun de bis ewell anthropogenen CO2 Emissioune rëm entzunn. Haaptsächlech d’Algen am Waasser notzen dëse Kuelestoffdioxid fir ze wuessen a nodeems se Ofgestuerwe sinn, verlagert sech dat ganzt an den Déifte vum Mier. Dëse Prozess gëtt nach gären als “Marinn Kuelestoffpompel” bezeechent a kéint duerch d’Äerderwiermung inklusiv duerch d’Versauere vun de Mierer oder och dem méi oft presente Sauerstoffaarmut ageschränkt ginn.

Et ginn also e ganze Koup u Kippelementer, déi an Zukunft fir markant Verännerungen un eisem Äerd- a Klimasystem suerge kënnen. Dës wieren, réckbléckend op déi lescht puer Episoden, déi folgend:
• D’Schmëlze vum arktesche Mierwaasser
• De Verloscht vum Grönland-Äispanzer
• De Kollaps vum westantarkteschen Äisschëld
• Den deelweise Kollaps vun der Ostantarktis
• D’Entdeeën vun de Yedoma-Äisbiedem
• De Methanverloscht aus de Mierer
• D’Ëmwälzstreimungen am Atlantik
• D’Stéierung vum El Niño-Phänomen
• De Verloscht vum Héichtewand, also Jetstream
• Destabiliséierung vum indesche Monsun
• D’Verlagerung vum westafrikanesche Monsun & d’Auswierkung op d’Sahara
• D’Ausdréchne vum nordamerikanesche Südwesten
• D’Ëmwandlung vum Amazonas-Reebësch
• De Réckgang vun de Boreal-Bëscher
• D’Zerstéierung vun de Koralleriffer
• An d’Ofschwächung vun der sougenannter marinner Kuelestoffpompel

Des an e puer weider potenziell verstoppt Kipp- Elementer a Kipp- Punkte goufe schonn areecht, anerer kënnen duerch de Klimawandel an déi doraus resultéierend Äerderwiermung nach areecht ginn. De Klimawandel ass ouni Zweiwel reell a sollt sou eescht wéi méiglech geholl ginn.