Radio 100,7: D’Kippelementer am Äerd- a Klimasystem (zweeten Deel)

Déi leschte Kéier am Reen a Bou huet de Philippe Ernzer eis haaptsächlech d’Kipp-Elementer am Beräich vun den Äiscouchen am Äerd- a Klimasystem erkläert. Och dës Kéier geet hien nach emol heiropper an, hie schwätzt awer och iwwer d’Kipp-Punkte wat d’Stréimungssystemer an eise Weltmierer ugeet.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganzen Text fir matzeliesen

An der leschter Episod hu mir ugefaange iwwert déi eenzel Kipp- Elementer ze schwätze, vun deenen et eng ganz Partie gëtt. Wann ee vun engem Kipp- Element schwätzt, bezunn op den Äerd- a Klimasystem, dann ass domat souzesoen e grousse Bestanddeel vun der Äerd gemengt, deen e gréisseren Afloss op vill ëmleiend Géigende kann hunn. E Kipp- Element kann do sinn, mee muss net onbedéngt ausgeléist ginn – all Element huet eng gewëss Schwell déi muss areecht ginn, fir dass et zu groussraimege Kettereaktioune kënnt. Fir d’Beispill aus der leschter Episod ze huele, kann ee sech och d’Organer an eisem Kierper wéi Kipp-Elementer virstellen. Se funktionéieren anescht oder och guer net méi, soubal spezifesch Viraussetzunge net méi kënnen erfëllt ginn, wéi z.B d’Zoufuer vu Sauerstoff. Méi dozou fannt Dir an der leschter Episod op 100komma7.lu.

Mir hunn déi leschte Kéier erausfonnt, dass wann déi wäiss Äis- a Schnéiflächen op der Äerd verschwannen, e méi donkele Buedem un d’Dagesliicht kënnt. Well donkel Flächen d’Sonneliicht an d’Wiermt besser ophuelen a späichere kënnen, erwiermt sech de Buedem. Doduerch gëtt och an den ëmleiende Géigenden de Schmëlzprozess ënnerstëtzt an e geet méi séier iwwer d’Bühn. Dat ganzt verstäerkt sech also méi oder manner selwer a brauch, soubal de Prozess um Lafen ass, keen Undriff méi. Dëst gëtt och nach Äis-Albedo-Réckkopplung genannt, déi iwwregens dofir suergt, dass an Zukunft d’Äerderwiermung an de nërdleche Breete zwee mol méi séier viru kënnt, wéi soss op der Äerd am Duerchschnëtt.

Mir haten och op de Grönland-Äispanzer gekuckt, deen ëmmer méi séier säin Äis verléiert. E huet eng Längt vun 2530 Kilometer an ass 1094 Kilometer breet. Am Duerchschnëtt huet en eng Déckt vun 1,6 Kilometer, plazeweis awer och em 3,36 Kilometer. De Wëssenschaftler no soll de Kipppunkt vum kompletten Äisverloscht scho bei enger Äerderwiermung vu knapp 2 Grad areecht ginn. Dëst kéim, trotz dem Areeche vum Punkt, nach net direkt vun haut op muer, mee soubal dat Äis fort ass, géif et d’Liewe laanscht vill Küsteregioune net méi méiglech maachen. De Mieresspigel soll Estimatioune no em 7 Meter klamme kënnen.

Mir bleiwen och nach e bëssen am Beräich vun der Kryosphär. Net nëmmen de Grönland-Äispanzer ass wat d’Schmëlzen ugeet interessant, mee och de westantarkteschen Äisschëld. Am Géigesaz zu der westlecher Säit vum Schëld ass op der ëstlecher Säit net wierklech mat engem signifikanten Ofschmëlzen ze rechnen. Op der Westsäit soll et awer an Zukunft zu gréisseren Ännerunge komme kënnen. De Grond: E Groussdeel vun de Gletscher vum westantarkteschen Äisschëld fannen hire Rand am Mier. Do fale se dann oft e puer honnert Meter ënnert de Mieresspigel of. An de leschte Joerhonnerten huet sech d’Waasser op dëser Plaz awer erwiermt, wouduerch et zu engem méi staarke Schmëlz-Prozess kënnt. Och den Äisstroum vum Pine-Island-Glescher an dem Thwaites-Gletscher gëtt doduerch éischter negativ beaflosst. Den Analysen no ass den Kipp-Punkt, deen dofir suergt, dass dat ganzt Äis an där Regioun ofschmëlzt, méiglecherweis schonn areecht. Confirméiert sech dëst, dann ass ze erwaarden, dass et an de nächsten 200 bis 900 Joer kee westantarkteschen Äisschëld méi gëtt – oder op mannst e ganz groussen Deel dovun.

Mir maachen e Sprong a Sibirien an och Nordamerika, wou et déi sougenannt “Yedoma-Dauerfraschbiedem” ginn. Anescht wéi bei aneren Dauerfraschtbiedem enthält dës Zort ganz vill organescht Material, déi grouss Quantitéiten u Kuelestoffdioxid a Methan fräisetzen. An Déifte vu méi wéi 3 Meter ginn e puer honnert Milliarden Tonne Kuelestoff vermutt, déi vu Mikro-Organismen zersat ginn. Dobäi gëtt Wiermt fräigesat, wat dozou féiert, dass de Buedem méi séier entdeet an zersat gëtt. Wann de Buedem wechbrécht, ginn och méi déif am Buedem Zersetzungsprozesser ausgeléist. Dat ganzt verstäerkt sech also ëmmer erëm selwer a kënnen op e puer Joerhonnerte gesinn dora resultéiere, net méi ëmkéierbar ze sinn.

Am arktesche Raum an haaptsächlech an Ostsibirien gëtt et oft Methan, wat am Äis agefruer ass – also Methanhydrat. Dëse Methanhydrat ass an den arktesche Mieressedimenter enthalen. D’Quantitéit vum do gespäicherte Kuelestoff ass schwéier ofzeschätzen. Et ass gewosst, dass d’Methanhydrater sech schonn zanter Joerdausende lues a lues ofbauen. De Grond dofir ass erëm d’Wiermtzoufuer aus dem Mierwaasser. Et ass also e Kippelement, wat sech iwwer eng laang Zäit erstreckt. Methan ass e kuerzliewegt, mee awer och e potent Zäregas. De Groussdeel vum Methan oxidéiert an Zäit vun engem Joerzéngt zu Kuelestoffdioxid, wat dann erëm dozou féiert, dass sech d’Äerd iwwert en Zäitraum vun e puer Joerdausenden nach méi séier erwiermt.
Dëst waren elo e puer Beispiller vun de Kipp- Elementer wat d’Äiskierper op der Äerd ugeet. Weider geet et mat den Elementer vun de Stréimungssystemer, déi mir eis an dëser Emissioun och schonn ugekuckt hunn, wéi z.B d’El Niño Southern Oscillation. Op d’Joer oder och op déi eenzel Saisone gesinn ginn et allkéiers gréisser dominant Mustere vu Loft- a Mieresstréimungen. Am Ofstand vun e puer Joer kënnt et och heiansdo zu natierleche Schwankungen, wéi ebe beispillsweis dem El Niño.
An der Klimageschicht vun eisem Planéit gouf et scho méi oft Ëmstellungen a Neiorganisatiounen. An de nächsten Zeile fänke mir un, eis e puer vun de potenziellen abrupte Verännerunge vun de Stréimungssystemer, déi an Zukunft optriede kënnen, unzekucken.
D’Ëmwälzstréimungen vum Atlantik déngen als groussen Energieliwwerant, mat deem waarmt Waasser un der Uewerfläch an de Norden fléisst. Killt sech d’Waasser an de méi nërdleche Breeten of, verlagert sech d’Waasser ëmmer méi a méi déif Schichte vum Mier a gëtt do erëm an de Süden zrécktransportéiert. Dat bescht Beispill dofir ass de Golfstroum, dee fir dat mëllt Klima a Nordwest-Europa verantwortlech ass. Den Haaptundriff vum Golfstroum ass dat killt a schwéiert Salzwaasser, wat viru Grönland an déi méi déif Mieresschichten oftaucht. Wann duerch Äis, dat schmëlzt, méi Séisswaasser an de Norde stréimt, kéint sech déi sougenannt “Tiefenwasserbildung” opgrond vun der méi gerénger Dicht vum Waasser ofschwächen. Den Undriff géif doduerch staark ofgeschwächt ginn. Sou wéi et de Moment ausgesäit, soll et dëse staark ofgeschwächten Undriff schonn existéieren. Dëst kéint gréisser Auswierkungen op de marinnen Ökosystem hunn – de Nordatlantikraum géif sech ofkillen a virun allem laanscht d’Ostküst vun den USA géif de Mieresspigel méi séier klamme wéi et de Moment nach de Fall ass.

De Klimawandel huet op sou zimmlech alles en Afloss, an dozou zielt och den El Niño. Normalerweis dreiwt de Passatwand am Pazifik virun der Küst vu Südamerika dat kaalt Waasser aus der Déift vum Mier un d’Uewerfläch. Duerch de Wand stréimt dann dat waarmt Waasser un der Uewerfläch vu Südamerika a Südostasien. Beim El Niño ass dat Ganzt awer ëmgekéiert. De Passatwand ass staark ofgeschwächt an d’Stréimung dréint sech ëm. D’Konsequenz ass, dass sech de südëstleche Pazifik viru Südamerika erwiermt. Dës Stéierung kënnt statistesch gesinn all zwee bis siwe Joer fir. Duerch de Klimawandel an déi doraus resultéierend Äerderwiermung kann dësen Zäitraum an Zukunft verkierzt ginn. Et kéint also ëmmer méi oft zu dëser Anomalie kommen.

Vun de Mieresstréimunge gi mir elo riwwer bei eent vun de wichtegsten Elementer vun eisem Wiedergeschéien – dem Jetstream. Och dësen hu mir schonn emol an dëser Emissioun behandelt an hu gesinn, dass d’Staarkwandband an enger Héicht vu 7 bis 12 Kilometer ëmmer méi oft méi lues ënnerwee ass oder iwwer verschiddene Géigende guer net méi ze fannen ass. De Grond: D’Äerderwiermung beweegt sech an de nërdlechste Breete méi séier virun wéi z.B an der Äquatorgéigend. Et ass also net méi sou vill Wand néideg, fir den Temperaturënnerscheed auszegläichen. Den Jetstream schwächt sech also of. De Problem: Den Jetstream dréit en Deel zur Entstehung vun Héich- an Déifdrockgebitter bäi an hëlleft hinne, vu Plaz ze kommen. Ass de Wandstroum sou gutt wéi net present, hänken Déif- an Héichdrockgebitter oft iwwer Wochen iwwert der selwechter Plaz fest. Et kënnt also zu laang unhalenden Dréchenten, Reeperioden, Hëtzt- a Keeltwellen. Och an Zukunft ass keen Enn dovun a Siicht.

Déi nächste Kéier am Reen a Bou gëtt et méi iwwert d’Kipp-Elementer a Punkto Stréimungssystemer ze soen a mir ginn op déi drëtt a lescht Kategorie vun den Ökosystemer iwwer. Wa Dir eng Episod verpasst hutt, kënnt Dir dat gären op eiser Internetsäit nohuelen.