Radio 100,7: D’Kippelementer am Äerd- a Klimasystem

Bal keen Thema ass de Moment sou present wéi de Klimawandel an och de Klima u sech. An tatsächlech ginn et e ganze Koup Grënn, fir driwwer ze schwätzen, wéi z. B d’Kippelementer an eisem Äerd- a Klimasystem. Wat dat ass a wéi eng dat sinn, huet sech de Philippe Ernzer méi genee ugekuckt.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganzen Text fir matzeliesen

Wann iwwert de Klimawandel geschwat gëtt, dann haaptsächlech doriwwer, dass et ëmmer méi waarm op der Äerd gëtt. D’Äisfläche verschwannen, de Mieresspigel klëmmt a ganz Géigende verdréchnen. Och dës Auswierkungen hunn eppes mat de Kippelementer ze dinn, mee där ginn et der nach eng ganz Rei méi.
Mee wat ass sou e Kippelement iwwerhaapt? E Kippelement ass souzesoen e grousse Bestanddeel vun der Äerd, deen en Afloss op vill ëmleiend Géigenden huet. Des Kippelementer hunn alleguerten ee Punkt oder souzesoen eng Limite déi areecht muss ginn, fir ze kippen. E puer vun dësen Elementer si méi no un dëser Limite, wéi anerer. Soubal des awer iwwerschratt gëtt, kann dat jeeweilegt Kippelement an e neien Zoustand versat ginn an deemno wéi och groussraimeg Kettereaktiounen ausléisen, déi eist Klima veränneren. Fir et besser ze erkläere, kann ee sech d’Organer am mënschleche Kierper och als Kippelementer virstellen. Se funktionéieren anescht oder och guer net méi, soubal spezifesch Viraussetzunge net méi kënnen erfëllt ginn, wéi z.B d’Zoufuer vu Sauerstoff.
D’Verhale vun dëse Limitten oder “Schwellen”, déi mussen areecht ginn, ënnerläit oft Prozesser, déi sech selwer ënner d’Ärem gräifen a weider verstäerken. Dat heescht also, dass, soubal se vun externe Konditiounen dozou gezwonge ginn, unzelafen, se och weider lafen – obwuel déi extern Konditioune scho laang kënnen ënnert d’Ausléisschwell kënne gefall sinn.
Soubal e Kipppunkt areecht gëtt, kann d’Auswierkung doduerch sech no a no uschläichen oder se mécht sech zimmlech séier bemierkbar. Egal mat wat fir enger Vitesse dës sech presentéiere, kënne se en enormen Afloss op d’Liewen op der Äerd hunn.

Et gi, wéi gesot, eng ganz Partie vun dëse Kippelementer- a Punkten. Fir e bëssen d’Iwwersiicht ze behale, kann een des an dräi ënnerschiddlech Kategorien andeelen. Déi éischt behandelt d’Elementer wat d’Äiskierper an d’Kryosphär op der Äerd ugeet, déi zweet d’Stréimungssystemer wéi beispillsweis d’ENSO oder d’NAO, déi och schonn am Reen a Bou behandelt gi sinn. Déi drëtt Kategorie dréit sech d’Kippelementer an den Ekosystemer vum Äerd- a Klimasystem.
Mir fänke mat der Kategorie vun den Äiskierper an der Kryosphär un a schaffen eis no a no duerch, wat warscheinlech e puer Deeler an Usproch huele wäert.
D’Äisflächen op der Äerd, ob dat lo puert Äis ass oder och Schnéi, si meeschtens hell a wäiss. Des wäiss Fläche kënne sech net wierklech staark erwiermen a reflektéieren e groussen Deel vun de Sonnestralen zréck an den Himmel. Schmëlzt d’Äis an de Schnéi, da komme méi donkel Flächen un d’Dagesliicht. Den Effekt: et ka méi Wiermt opgeholl a gespäichert ginn. Wann d’Äis also op enger Plaz scho sou gutt wéi verschwonn ass, kann et duerch déi gespäichert Wiermt och an den ëmleiende Géigenden de Prozess vum Schmëlzen méi séier maachen. Dëse ganze Mechanismus ass als Äis-Albedo-Réckkopplung bekannt an ass e gutt Beispill vun engem Prozess, dee sech selwer verstäerkt. En Albedo u sech beschreift einfach gesot d’Liicht, déi ee Kierper iwwerhaapt fäeg ass, ze reflektéieren. Dëst gëtt oft an der Astronomie benotzt.
De grad beschriwwene Mechanismus ass ee vu villen, déi déi grouss Äisfläche vun eisem Äerdsystem zu Kippelementer maachen. D’Mieräis an der Arktis z.B verschwënnt schonn e puer Joerzéngte laang mat enger grousser Vitesse. Net nëmmen d’Fläch usech gëtt doduerch beanträchtegt, mee och, wéi déck d’Äis ass wat op de Mierer schwëmmt. Dënnt Äis um Mier ka sech rem séier erhuele, wann et erëm eng Zäit laang zu duerchschnëttlechen Temperature komm ass. An de Summeren awer, wann hautzedaags déi oft ze héich Temperaturen optriede, kann et séier an déi aner Richtung goen. Et ass dowéinst ze erwaarden, dass bis am Joer 2100 kaum nach Äis am arktesche Raum an de Summeren ze fanne wäert sinn. Zesumme mat der Äis-Albedo-Réckkopplung verleeft d’Äerderwiermung an de nërdleche Breete zwee mol sou séier wéi duerchschnëttlech op der ganzer Äerd. Dëst bréngt grouss Problemer mat sech: d’Arktis erstreckt sech iwwer Deeler vu Russland, den USA, Kanada, Grönland, Lapland souwéi och Spitzbergen. Zesumme wunnen an de betraffene Géigenden iwwer 1 Millioun Leit, déi massiv Problemer kréie kënne, sech un d’Ännerungen unzepassen. D’Biedem, op deenen hir Infrastruktur opgebaut ass, ginn duerch d’Schmëlzen destabiliséiert

a beschiedegt. Mat dobäi kënnt, dass vill traditionell gejoten Déierenaarte verschwanne kënnen.
An de leschte Joren huet och d’Vitesse vum Äisverloscht vum Grönland-Äispanzer rasant zougeholl. De Panzer ass 2530 Kilometer laang an ongeféier 1094 Kilometer breet an huet eng duerchschnëttlech Déckt vun 1,6 Kilometer, plazeweis awer och bis 3,36 Kilometer. Laangfristeg gesinn ass duerch d’Schmëlzen domat ze rechnen, dass net nëmme wat d’Fläch ugeet mat Verloschter ze rechnen ass, mee och wat d’Héicht ugeet. Op där Héicht, wou sech d’Spëtzte vum Panzer de Moment befanne, ginn et Loftschichten, déi nach kal genuch sinn. Hëlt d’Héicht awer of, geréit dat Ganzt ëmmer méi an déi méi mëll Loftmassen, wat dem Ofschmëlzen am grousse Ganze weider hëllefe wäert. D’Vitesse géif signifikant zouhuelen. De Wëssenschaftler no ginn et Hiweiser dorop, dass de Kipppunkt scho bei enger globaler Erwiermung vu knapp 2 Grad géif areecht ginn, wat e bal vollstännegen Äisverloscht bedeite géif. D’Auswierkung wier ënnert anerem en Ustieg vum Mieresspigel em bal 7 Meter – weise géif sech dat awer réischt am Laf vu Joerhonnerten oder Joerdausenden. Trotz der lueser Vitesse hätt dëst global Auswierkungen. Sou wéi d’Leit also haut laanscht d’Küste liewe, wäert et iergendwann net méi méiglech sinn.

Dëst war den éischten Deel zu de Kippelementer an eisem Äerd- a Klimasystem. Méi dozou gëtt et an de nächsten Episode vu Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder hei um Radio 100,7.