Ganzen Text fir matzeliesen
D’Kryosphär beschreift de gefruerenen Deel vun der Äerd. Dozou zielen de Schnéi, Mieräis, Séisswaasseräis, Permafrascht, Gletscher an Äisdecken. D’Kryosphär spillt eng wichteg Roll am globale Klima, well dës d’Wiedergeschéie beaflosst.
Opgrond vun de verschiddene Joreszäiten a Géigenden op der Welt variéiert d’Präsenz vun der Kryosphär. Schnéi a Séisswaasser-Äis existéiere beispillsweis op ville Plazen op der Welt just wärend dem Wanter, iwwerdeems vill Gletscher zanter méi wéi 10.000 Joer agefuer sinn oder waren.
De gréissten Undeel un Äis fënnt een an der Antarktis, allerdéngs befënnt sech op der Nordhallefkugel dat gréisst Kryosphäre-Gebitt. D’Fuerscher hoffen, duerch d’Miessung vum Verhale vun der Kryosphär Informatiounen iwwert de globale Klimawandel erauszefannen.
Duerch dräi Eegenschafte beaflosst d’Kryosphär eist Klima méi, wéi ee mengt. Dozou zielt d’Uewerflächereflexioun vun de Sonnestralen, d’Temperaturleetfähegkeet an déi latent Wiermt.
Duerch d’Sonnenastralung gëtt e Groussdeel vun der Kryosphär reflektéiert, wat och nach Uewerflächereflexioun genannt gëtt. Dëst kann een duerch d’Differenz tëscht der reflektéierter an der afaalender Sonnenastralung moossen. Dëse Virgank gëtt och nach “Albedo” genannt. Den Albedo ass also déi reflektéierend Kraaft vun enger bestëmmter Surface. Dat gréisst Mooss un Albedo gëtt am Joer u Plaze registréiert, wou dat ganzt Joer laang Schnéi läit. Wat een nach soe kann ass, dass wäiss Uewerflächen am Allgemenge richteg gutt reflektéieren a sou déi meescht Energie un de Weltall verléieren resp. zréckreflektéieren. D’Mierer an d’Biedem vu Felder absorbéieren 80 bis 90 % vun de Sonnestralen a wandelen des a Wiermt ëm. Dës hunn also just en Albedo vun 10 bis 20%. Bei Schnéi an Äis läit den Albedo mat 50 bis 90% am Verglach zimlech héich.
Den zweete Punkt wier d’Wärmeleitzahl, wou d’thermesch Diffusivitéit an d’Spill kënnt. Beim Begrëff thermesch Diffusivitéit bezitt ee sech op d’Vitesse, mat där d’Wiermt duerch e bestëmmten Objet iwwerdroe gëtt. D’Wiermt beweegt sech duerch d’Loft vill méi séier wéi duerch Schnéi an Äis. An anere Wierder heescht dat, dass Schnéi an Äis dofir suergen, de Buedem an d’Waasser géint d’Iwwerdroung vun der Wiermt ze isoléieren. Nach méi lues ass d’Wiermt, wann d’Schnéi- oder Äiscouche tëscht 30 a 40 Zentimeter grouss ass.
D’Latent Wiermt bezitt sech op d’Energie, déi ënner konstanten Temperaturbedingungen fräigesat oder gespäichert gëtt. Fir Schnéi oder Äis ze schmëlzen, muss d’latent Wiermt also zimlech héich sinn. An der Kryosphär ass déi latent Wiermt also d’Energie déi néideg ass, fir den Zoustand vum Waasser ze änneren, also vu gasfërmeg zu flësseg zu fest. D’Erwiermen an Ofkille vun de Schnéi- an Äiscouchen dréit zu de Wiederchangementer op der ganzer Welt bäi.
Am weidere Verlaf vun dëser Episod gi mir méi genee op déi eenzel Aarte vu Kryosphär an. Ugefaange beim Schnéi, deen dat zweetgréisst Gebitt vun der Kryosphär vun der Äerd ëmfaasst an iwwer 46 Millioune km² grouss ass. De Groussdeel vun dësem Gebitt läit an der nërdlecher Hemisphär a bedréit am Wanter tëscht 46 Milliounen an am Summer 3,7 Millioune km². An dësem Joerhonnert huet sech de Groussdeel vun der Schnéibedeckung a Nordamerika net vill verännert, dat obwuel d’Temperaturen am Fréijoer liicht erhéicht sinn. An Eurasien ass dat awer net sou, do huet d’Schnéicouche däitlech ofgeholl.
De Schnéi, deen an de Bierger schmëlzt, dréit de Groussdeel vum Waasser bäi, deen an de Baachen an am Grondwaasser op der ganzer Welt ze fannen ass. Duerch de globale Klimawandel, sou erwaarden et d’Fuerscher, gëtt de Nidderschlagsniveau, d’Quantitéit an och den Timing vum Schmëlze vum Schnéi beaflosst. Dëst hätt am weidere Verlaf och eng Auswierkung op de weltwäite Waassermanagement.
Zweete Punkt: D’Mieräis. Grouss Deeler vun de Mierer an der direkter Ëmgéigend vum Nord- a Südpol si vun enger Couche aus Äis beluecht. Op der Südhallefkugel gëtt am September eng Surface vun tëscht 17 an 20 Millioune km² mat Äis bedeckt, am Februar falen des Zuelen deelweis bis op 3 Millioune km². Op der Nordhallefkugel sinn d’Schwankungen, déi duerch d’Joreszäiten ausgeléist ginn, net sou markant.
E manner groussen Afloss op de Klima huet d’Séisswaasser-Äis. An domat wiere mir beim drëtte Punkt. Séisswaasser-Äis ass a Flëss a Séien ze fannen, mee dat meeschtens just wärend verschiddene Saisonen. D’Mieräis ass jo beispillsweis am Géigesaz dat ganzt Joer existent. Den Afloss op de Klima ass net sou grouss, well d’Bedeckung vum Äis vu Séisswaasser nëmmen op enger klenger Surface vir kënnt.
De véierte Punkt ass de gefruerene Buedem, also de Permafrascht. Op der Nordhallefkugel ass op enger Surface vun 54 Millioune km² Permafrascht ze fannen. Bis zu 20% vun der Landfläch si vu Permafrascht besat.
De leschte Punkt sinn d’Gletscher an Äisdecken. Des maachen de gréissten Deel vun der Kryosphär aus. Se bestinn aus décken Äismassen. Wann des Äismasse schmëlzen, wat se och maachen, da ginn dës ëmmer méi dënn a breede sech weider aus, wa se sech iwwer Land beweegen. An den Äisdecken ginn iwwregens ongeféier 77% vum ganze Séisswaasser vun der Welt fonnt. D’Waasser an de Gletscher an an den Äisschollen kann tëscht 100.000 an 1 Millioun Jore agefruer bleiwen.
De Fuerscher no hunn d’Gletscher kee gréisseren Afloss op déi global Äerderwiermung. An de leschte Joerzéngte sinn d’Gletscher awer mat enger méi grousser Vitesse geschmolt. Den Estimatioune no huet dëst tëschen 33% a 50% dem Klamme vum Mieresspigel bäigedroen.
D’Äisschëld vu Grönland ass am Moment séier am gaangen ofzehuelen, iwwerdeems dat vun der Antarktis wiisst. D’Wëssenschaftler sinn awer besuergt, dass d’Äisschëld vum Weste vun der Antarktis an d’Waasser kollabéiere kéint. Wann dat geschitt, da kéint de Mieresspigel tëscht 6 a 7 Meter an d’Luucht goen. D’Konsequenz dovu wier, dass vill Küstegéigenden op der ganzer Welt géifen iwwerschwemmt ginn.
De Mieresspigel klëmmt awer net nëmmen duerch Äis, wat schmëlzt, mee och duerch déi thermesch Expansioun. Domat ass d’Wiermtausdeenung vum Waasser gemengt, déi duerch méi héich Temperaturen zustaane kënnt. Dëse Prozess soll de Miessunge no genee sou vill zum Klamme vum Mieresspigel bäidroen.