Radio 100,7: Dréchen Aussiichten

Wann een déi weider Berechnungen esou kuckt, war de Reen aus de leschte Woche wuel just eng Drëps op de waarme Steen.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 05.07.2022:

D’Thema Reen kënnt an dësem Joer ëmmer erëm op – dat haaptsächlech dowéinst, well mir et mat engem Reendefizit ze dinn hunn. De Philippe Ernzer erkläert eis elo wéi et domat, mee awer och a Saachen Temperature virugeet. Gudde Moie Philippe.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

De Reen ass ëmmer nach e Problemkandidat.

Wat deen betrëfft gesäit et wierklech net besonnesch gutt aus. Mir wäerten et wuel a nächster Zäit meeschtens mat héijem Loftdrock ze dinn hunn. Dëst grousst Héich blockéiert den Atlantik, wat heescht, dass keng nennenswäert Nidderschléi de Wee bis op Lëtzebuerg wäerte packen. Iwwert dem skandinavesche Raum läit heiansdo mol en Déifdrockgebitt, mee d’Nidderschléi, déi vun dësem ausginn, ginn einfach net duer fir am Endeffekt bei engem normal naasse Mount unzekommen – wann d’Berechnungen ebe sou bleiwe sollte wéi se elo sinn.

Wéi gesäit dann e normal naasse Juli-Mount aus?

An engem Juli reent et zu Lëtzebuerg duerchschnëttlech 72,1 l/m² – dëst stëtzt op der Referenzperiod vu 1991 bis 2020, gemooss un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux um Findel. Wéi et awer de Moment ausgesäit, kéint et sinn, dass mir wäit fort vun dësem Wäert kéinte bleiwen. Kuckt ee nämlech d’Berechnunge vum amerikanesche Laangzäitmodell CFS, da ginn fir de Mount Juli 2022 richteg markant Anomalie berechent. Dem Modell no sollen eis op den Dag gekuckt duerchschnëttlech tëscht 1 an 1,2 l/m² Reen feelen. Op de Mount gekuckt wier dat also en Defizit vun tëscht 31 bis hin zu 37,2 l/m². Zitt een dat also der méintlecher Nidderschlagsmoyenne of, da kënnt een iergendwou bei tëscht 34,9 an 42,1 l/m² eraus – virausgesat et ännert sech kuerzfristeg näischt méi.

Dës Woch gëtt also och eng gréisstendeels dréchen?

Dës Woch hu mir just e puer kuerz Momenter, wou eis schwaach Déifdrockausleefer e puer lokal a schwaach Nidderschléi brénge kënnen. Des Zäitpunkter begrenzte sech besonnesch op den Donneschden, fläit och op e Samsden. Punktuell ass mol eng kuerz Schauer méiglech, woubäi net all ze vill Reen fale soll. De Rescht vun der Woch wiessle sech Sonn a Wolleken of an et bleift frëndlech. An och hei gëllt: wa sech näischt ännert, da fale bis de Sonnde punktuell begrenzt héchstens 2 l/m² – wann iwwerhaapt.

Wat maachen eis Temperaturen?

Iwwerdeems de Reen jo an engem ënnerduerchschnëttleche Beräich ënnerwee ass, beweege sech eis Temperaturen op engem normale Niveau. Haut ginn tëscht 21 a 27 Grad ugepeilt, muer um Mëttwoch sinn et 18 bis 24 Grad. Den Donneschde gëtt et nach eng Kéier ganz änlech, ier et vum Freiden u méi waarm gëtt – 20 bis 26 Grad stinn un. De Samsde soll et op 22 bis 27 Grad eropgoen an um Sonnden op 24 bis 28 Grad.

An duerno gëtt et erëm spannend wat d’Temperaturen ugeet.

Dat ass wouer. Entweder et geet mat de genannten Temperature virun, oder d’Wäerter kéinte geschwënn schonn erëm bei gutt iwwer 30 Grad landen. Wann een elo an den immens spekulative Beräich geet dann deit sech an de Kaarten un, dass et eventuell ronderëmt de 17. Juli extrem waarm kéint ginn. Mee wéi gesot, dat ass nach héichspekulativ. Et heescht also: Abwarten und Tee trinken.

De Reen aus der leschter Zäit huet eis also net all ze vill bruecht. Dir wéi ëmmer e grousse Merci Philippe Ernzer a bis nächst Woch!