D’lescht Woch huet eng markant Hëtztwell fir nei Allzäit- Temperaturrekorder an de Nopeschlänner, mee och zu Lëtzebuerg, gesuergt. De Wiederdéngschter no ass et eng kloer Konsequenz vum Klimawandel, deen haaptsächlech duerch den Afloss vun de Mënsche fir ëmmer méi séier klammend Temperature suerge soll. Ass et nëmmen duerch de Mënsch oder ginn et och natierlech Grënn? An dëser Episod geet de Philippe Ernzer méi genee op déi ganz Thematik an.
Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen
Ganzen Text fir matzeliesen inkl. Grafiken:
Historesch Hëtztwell an der leschter Juliwoch 2019
Mëtteleuropa huet d’lescht Woch, keng Fro, eng historesch Hëtztwell erlieft. De 25. Juli 2019 ass un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux, déi international gesinn oft dat ganzt Lëtzebuerger Land representéiert, déi héchst jeemools gemoossen Temperatur registréiert ginn. Den ale Rekord, deen den 8. an den 12. August 2003 mat 37,9 Grad opgestallt ginn ass, gouf d’lescht Woch mat 39,0 Grad iwwertraff. Um Findel war et also zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947 nach ni sou waarm.
Déi 39,0 Grad si net nëmmen e neien Allzäit- Temperaturrekord, mee och e neie Rekord fir déi héchst Temperatur an engem Juli. Den ale Juli- Rekord geet op de 04. Juli 2015 zréck, wou 36,1 Grad gemooss goufen. Hei e puer vun den héchste Juliwäerter, gesënnert no der Temperatur:
Den 21. Juli 1995 gouf mat 35,7 Grad déi drëtthéchst Julitemperatur gemooss. Duerno kënnt de 26. Juli 2006, wou 35,6 Grad registréiert konnte ginn. Fir déi véiert héchst Julitemperatur musse mir e gutt Stéck méi wäit no hanne kucke goen, nämlech op den 18. Juli 1964, wou 35,1 Grad festgestallt konnte ginn.
Wéi MeteoLux op hirer Internetsäit betount, sinn ausser de 35,1 Grad vum 18. Juli 1964 all dës Extremwäerter vun de Mëtt-90er un opgetrueden. Et ass also ze erkennen, dass sech déi extrem Temperature no a no ze heefe schéngen.
40,8 Grad, neie lëtzebuerger Landes-Allzäittemperaturrekord
Net nëmme MeteoLux, mee och de staatleche Wiederdéngscht vun der Akerbauverwaltung, AgriMeteo, huet nei Allzäit- Temperaturrekorder ze vermellen. Wärend der Hëtztwell vun der leschter Woch, also dem 25. Juli 2019, konnt zu Steesel mat 40,8 Grad e neien Allzäit- Landesrekord opgestallt ginn, op mannst wat d’Statioune vun AgriMeteo ugeet. Den Déngscht bedreift am ganzen 32 Wiederstatiounen a mësst zanter 1838, also schon 126 Joer méi laang wéi MeteoLux. De Rekord virdrunner gouf wärend der markanter Hëtztwell am August 2003 mat 40,5 Grad zu Réimech gemooss.
Klimawandel duerch de Mënsch & déi natierlech Uersaachen
Sinn déi méi séier klammend Temperature wierklech op de vum Mënsch beaflossten Deel vum Klimawandel zréckzeféieren? Wéi eng Roll spillen iwwerhaapt déi natierlech Ëmstänn, wéi z.B déi vun der Sonn?
Op der Äerd ass et an de leschten 100 Joer an der Moyenne ëm bal e ganze Grad méi waarm ginn. Dëst ass awer net a stabillen Ofstänn geschitt, mee méi an zwou Etappen. Déi éischt 0,4 Grad méi waarm gouf et an der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert, ier et tësche 1940 a 1970 méi lues mat der Erwiermung viru gaangen ass. D’Verhältnis war souguer méi oder manner konstant. Vu 1970 un bis elo ass et awer weider gaangen, et ass op e Neits em en hallwe Grad méi waarm ginn.
Temperaturschwankungen op der Äerd sinn u sech näischt Aussergewéinleches a ginn et schonn ëmmer. Sou ee rapiden Opwäertstrend, wéi mir en also scho méi wéi 30 Joer hunn, gouf et awer zanter 1000 Joer net méi. Grafik: NASA
Wat huet d’Fräisetze vun CO2 aus de fossille Brennstoffer bäigedroen? D’Konzentratioun vun dësen Zäregaser ass zanter der Industrialiséierung an der Mëtt vum 18. Joerhonnert ëm 30% an d’Luucht gaangen, an de leschte Joerzéngten nach vill méi. Et ass awer net méiglech, déi doduerch ausgeléist Erwiermung vun de natierlechen Ursaachen ofzegrenzen, wéi z.B Vulkanismus an och der Sonnenaktivitéit.
D’Energie vun der Sonn gëtt an engem breede Beräich a Form vu Wellelängten ofgestraalt. De Maximum vun der Stralung läit an deem Beräich, dee fir eis alleguer siichtbar ass. Hannert dëse Wellelängte stécht awer nach vill méi a se komme nach laang net alleguer um Buedem un. Se ginn an ënnerschiddleche Schichten an der Atmosphär absorbéiert. D’Röntgenstralung gëtt scho ganz uewen an der Atmosphär, an ongeféier 100 Kilometer Héicht, zréckgehalen. De Groussdeel vun der ultravioletter Stralung, also UV, kënnt net duerch d’Ozonschicht, déi an tëschen 10 bis 50 Kilometer läit. Dat wat de Buedem am ongefilterten Zoustand areecht, ass d’Radiostralung an d’Liicht, wat mir gesinn. Grafik: lumenlearning.com
Den Afloss vun der Sonn op de Klimawandel
Nieft dem Jetstream, iwwert dee mir an dëser Emissioun jo och scho geschwat hunn, ass d’Sonn eise net ierdesche Motor vum Wieder. D’Sonnenastralung ass nämlech d’Energiequell vum Wiedergeschéien op der Äerd an all mëttel- oder laangfristeg Schwankung kann en Afloss op d’Klimaentwécklung hunn.
Wéi staark d’Stralung ass, an domat ass och de ganze solare Spektrum gemengt, hänkt ganz enk mat de Schwankungen am Magnéitfeld vun der Sonn zesummen. Dës Schwankunge kënnen en Afloss op d’Magnéitfeld hunn an d’Sonnenaktivitéit veränneren. D’Sonn huet e sougenannten eelefjähregen Zyklus, dee sech grafesch duerch d’Unzuel vun den däischtere Sonneflecke bemierkbar mécht. Däischter Flecken op der Sonnenuewerfläch si Gebitter, an deenen et e ganz staarkt Magnéitfeld gëtt. Dëst Magnéitfeld ass e puer dausend mol méi staark wéi dat vun der Äerd an hënnert d’Energie aus dem Banneschte vun der Sonn, un d’Uewerfläch ze trieden. D’Intensitéit an d’Dauer vun den Aktivitéitszykle schwanken. Heiansdo sinn och sou gutt wéi guer keng Sonneflecke méi do, wéi z.B an der zweeter Halschent vum 17. Joerhonnert. Dës Phas gouf de “Maunder Minimum” genannt. Grafik: landscheidt.wordpress.com
Elo kënnt dat interessant: Déi ganz Statistiken zu der Unzuel vun de Sonneflecken zanter dem Joer 1600 kann ee mat de Klimamiessungen op der Äerd vergläichen. Klimaschwankungen, déi iwwert eng méi laang Zäit undaueren, laafen deelweis parallel zu de Verännerunge vun der Sonnenaktivitéit. Deemools am 16. Joerhonnert, wou mir et mat der sougenannter “klenger Äiszäit vun Europa” ze dinn haten, war sou eng Phas, wou d’Sonn sou gutt wéi keng Sonneflecken hat. E puer haart Wantere waren d’Konsequenz, an deem ganz Séien zougefruer sinn an d’Gletscher an den Alpen bis déif an d’Däller eragewuess sinn. Am 12 Joerhonnert gouf et erëm e Joer mat enger erhéichter Sonnenaktivitéit, also mat méi Flecken, wou et verschidden Archiven no zu e puer méi waarme Summere komm ass.
Mee wéi kann dat sinn, dass et trotz méi Flecken, déi d’Sonnenaktivitéit jo eigentlech verréngere sollt, méi waarm op der Äerd gëtt? Fir dëse klenge Widdersproch si sougenannt hell “Faakelgebitter” op der Sonn ronderem d’Flecke verantwortlech, déi vu méi klengräimege Magnéitfeldkonzentratiounen ëmgi sinn. Dës Regioune stralen immens intensiv. Doduerch ass d’Sonn am Fall vu ville Sonneflecke generell méi hell, wéi se zu hirem Maximum eigentlech ass.
Et gouf erausfonnt, dass d’Sonn wärend de méi aktive Joren, wou och méi Flecken aktiv waren, méi ultraviolett Stralung ofstraalt. UV- Stralung gëtt jo zu engem groussen Deel an der Atmosphär absorbéiert, wouduerch se sech awer och erwiermt. Duerch d’Erwiermung vun der Äerdatmosphär deent se sech e gutt Stéck méi wäit an de Weltall aus. Dëst huet en Afloss op d’Stratosphär, déi sech an enger Héicht vu méi wéi 10 Kilometer befënnt – et ginn Temperatur- an Drockschwankunge festgestallt, déi parallel zum Zyklus vun de Sonneflecken optrieden a méiglecherweis och groussraimeg Loftzirkulatioune beaflosse kënnen.
Miessunge vu Satellitte no schwankt d’Astralung vun der Sonn op d’Äerd. D’Sonnenhellegkeet huet tëschent dem Joer 1900 a 1950 em 0,05% zougeholl, duerno ass de Wäert bis 1980 ongeféier d’selwecht bliwwen, fir an de vergaangene Joren erëm ze falen. Bis 1970 ass de Verlaf vun der Sonnenhellegkeet am Verglach zu der Duerchschnëttstemperatur vum Planéit nach quasi parallel gewiescht. Also wat méi Sonnenhellegkeet, wat méi waarm a wat manner, wat och méi kill. Vu 1980 un bleiwen d’Wäerter vun der Sonnenhellegkeet awer d’selwecht, iwwerdeems d’Äerd an engem ëmmer méi séieren Tempo trotzdeem méi waarm gëtt. Dohier soll d’Sonnenhellegkeet- an Aktivitéit kee wierklechen Zesummenhang mat der elo momentan méi séierer Erwiermung vun eisem Planéit hunn. Grafiken: skepticalscience.com (uewen), vds-sonne.de (ënnen)
Fuerschung gëtt méi schwéier
De Fuerscher no kéint déi elo grad genannt Sonnenaktivitéit bis spéitstens 1980 nach e gréisseren Afloss op d’Äerdklima gehat hunn. Allerdéngs ass awer net bekannt, a wéi enger Aart a Weis genee d’Zyklen a Mechanismen vun der Sonn en Afloss op de Klima haten an a wéi engem Ausmooss se gewierkt hunn. Et ass och net gewosst, wéi d’Situatioun haut ass, well sech d’Fuerschung mëttlerweil erschwéiert. De Grond dofir ass déi ëmmer méi grouss Konzentratioun un CO2 an der Atmosphär, déi an Tëschenzäit d’Iwwerhand huet. Se verblent e bëssen de Bléck op d’Auswierkunge vun der Sonnenaktivitéit eleng op eise Planéit. Grafik: Climate Central
Einfach gesot: Et weess een, dass d’Sonnenaktivitéit en Afloss op d’Äerd huet, mee net genee, wéien an a wat fir engem Ausmooss. Egal wéi intensiv deen och ass, den CO2 beschleunegt d’Erwiermung zanter 1980 vill méi séier, wéi soss een aneren Afloss. De Mënsch ass dem no net den Ausléiser vum Klimawandel, well deen schéngt et schonn ëmmer ze ginn, mee en dréit zu enger vill méi séierer Vitesse vun der Äerderwiermung bäi. Wier den Afloss vum CO2 an der Loft net sou grouss, da wier et net sou waarm, wéi et mëttlerweil op der Äerd ass.