Radio 100,7: D’Temperature falen

Pénktlech fir den November ginn d'Temperaturen e gutt Stéck zeréck, a mir kommen dem Wanter op d'mannst e klengt Séckche méi no.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 28.10.2022:

An e puer Stonnen ass de November do – bis ewell war et awer vill ze waarm fir d’Joreszäit. Ob mir elo de laang erwaarte Changement kréien a wéi et a nächster Zäit virugeet, doriwwer wees de Philippe Ernzer bescheed. Schéine gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Déi lescht Deeg ware fir d’Joreszäit immens waarm, net nëmmen zu Lëtzebuerg mee och bei eisen direkte Noperen. A wéifern ännert sech d’Situatioun elo, wou de November an d’Haus steet?

Zu Lëtzebuerg war virun allem de vergaangene Freiden immens opfälleg, well mir do nach eng Kéier e richtege Stouss vu méi waarme Loftmassen erlieft hunn. Wa mir elo e puer Beispiller erauspicken, dann hate mir zu Schengen e Maximalwäert vu 24,3 Grad. Kucke mir an Däitschland eriwwer, da sinn a Baden Württemberg Maximaltemperature vu bis zu 28,7 Grad opgetrueden – dat, wéi gesot, un engem 28. Oktober. Och zu Freiburg am Breisgau, net all ze wäit ewech vum grousse Fräizäitpark, war et mat 27,8 Grad richteg waarm. Den Oktober 2022 war de bis ewell zweetwäermsten an Däitschland, wann een no der allgemenger Temperaturmoyenne geet. De momentanen Oktober kënnt op en Duerchschnëtt vun 12,4 Grad, den Oktober aus dem Joer 2001 war just ëm 0,1 Grad méi waarm. Haut ass jo nach een Dag, dat heescht, et kéint sech eventuell nach eppes dodrun änneren.

Wat Lëtzebuerg betrëfft ass et méi schwiereg esou Aussoen ze treffen, well d’Situatioun bei eis net esou transparent ass.

Elo ass et esou, dass sech zoufälleg pénktlech fir de November d’Grousswiederlag ännert. D’Zoufuer vun den ze waarme Loftmasse gëtt ofgeschnidden, wat dozou féiert, dass eis Temperaturen heiheem däitlech zréckgoe wäerten.

Wat kann ee sech drënner virstellen, wa mir op d’Temperatur-Entwécklung fir déi nächst Deeg kucken?

Haut ass den Dag, wou sech lues a lues de Changement bei eis am Land breet mecht. Tatsächlech mierke mir awer nach net all ze vill dovun, d’Temperature packen et nach eng Kéier op tëscht 16 a 19 Grad. Muer um Dënschde si mir nach mat Maximaltemperature vun tëscht 12 a 16 Grad ënnerwee, de Mëttwoch sinn et nach 10 bis 13 Grad. A wa mir da nach méi wäit kucken, wéi z.B an déi zweet Wochenhallschent, da stinn do fir den Donneschden dem aktuelle Stand no 10 bis 14 Grad um Programm, fir de Freiden 8 bis 12 Grad, de Samsden 8 bis 11 Grad an de Sonnden 10 bis 13 Grad.


Den Temperaturréckgang mécht sech gutt um GEFS-Ensemble bemierkbar | Grafik: meteociel.fr

An de Nuechte gëtt et fir den Ufank mol nach net esou immens kal, do leie mir nach meeschtens tëscht 5 a 9 Grad. Et ass méi a Richtung Weekend, wou eng kleng Warscheinlechkeet vu Loft- esouwéi och Buedemfrascht besteet.

Ofgesinn vun de méi nidderegen Temperaturen, wat kann dësen Ëmschwong da soss nach esou mat séch bréngen?

Ob eppes definitv ass kann een der Meteorologie net esou einfach soen. Op alle Fall schéngt sech awer elo, op mannst mol sou a Richtung November folgend Muster ofzezeechnen: nämlech héije Loftdrock op der Héicht vum Mëttelmier an déiwe Loftdrock, deen sech nërdlech dovun, also bei eis, beweegt. Dat heescht, dass mir et erëm gréisstendeels mat déiwem Loftdrock ze di kréien – et gëtt also méi onbestänneg.

Zu dëser Onbestännegkeet oder Varianz gehéiert och Wand: dëst ass nämlech déi typesch Grousswiederlag, déi am Hierscht oder am Wanter gäre mol zu méi leftege Phasen, wa net esouguer zu dem engen oder anere Stuerm féiert. E wierkleche Stuerm hu mir de Moment zwar net an Aussiicht, mee et gëtt op mannst mol méi lefteg. Fir esou een Zäitpunkt ze fanne, musse mir net wäit siche goen: d’Nuecht op muer gëtt eng zimmlech lefteg, well eng Front duerchzitt. Et ass mat Wandstéiss vun tëscht 40 a 60 km/h ze rechnen, wouduerch sech d’Temperature nach e Krack méi kill ufille wäerten. Och den Donneschden an de Freiden iwwer bléist de Wand spierbar mat ëm 50 km/h an de Spëtzten – dat ass elo net d’Welt, an awer dréit et zu engem net esou agréable Wuelbefanne bäi.

Wat Stierm betrëfft, do steet also lo de Moment näischt direktes um Plang?

Nee net wierklech, mee esoulaang d’Grousswiederlag esou bleift heescht et och méi intensiv en Aen drop ze halen – esou Saache kënne nämlech zimmlech séier änneren.
A wat d’Warscheinlechkeet betrëfft, eventuell an dat alt Muster mat den ze héijen Temperaturen zréckzefalen: et gëtt de Moment kee Modell, dee wierklech mat enger grousser Chance dofir rechent. Net nëmmen d’Temperature, mee d’Grousswiederlag u sech, passt sech also lues awer sécher der Joreszäit un.


No engem ze waarmen Oktober kann ee sech dann elo definitiv ufänke, méi déck ze kleeden. Merci Philippe Ernzer fir déi weider Aussiichten a bis de Freiden.