Radio 100,7: E Bléck a Richtung Silvester

Déi grouss Keelt hu mir fir dëst Joer definitiv hannert eis. D’Joer geet zimmlech mëll op en Enn.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 23.12.2022:

Déi immens niddereg Temperaturen, déi enger Woch jo Thema bei eis ware, gehéieren definitiv der Geschicht un. Et ass vill méi waarm ginn. Bleift dat esou bis Silvester? Oder kann et bis dohi nach eng Kéier spannend ginn?

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Et ass nawell lefteg dobaussen, wat jo mat der ugekënnegter “Westwiederlag” zesummenhänkt. Wéi geet et an de nächste Stonne virun?

Den Dag vun haut gëtt en immens ongemittlechen. Déi ugekënnegt Westwiederlag, also déi markant westlech bis südwestlech Stréimung, bréngt eis ëmmer erëm Reen. A wéi dat och fir esou eng Wiederlag normal ass, kann et dobäi zu leftege bis stiermeschen Zäitofschnëtter kommen. Haut kréie mir et mat den zwee Elementer ze dinn, et gëtt immens reenereg an och de Wand ass richteg spierbar ënnerwee.

Wat d’Wandvitesse geet et de Moment jo nach, mee elo vum fréie Nomëtten un erreecht eis eng Front mat kräftegem Reen – an zur selwechter Zäit kënne stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 70 a punktuell mol 80 km/h optrieden. De Reen ass, wéi gesot, jo och méi kräfteg ënnerwee a ka sech esouguer iwwert eng méi laang Zäit zéien. Dat féiert dann dozou, dass bis den Owend gréisser Zommen erofkomme kënnen. Op de Stroossen heescht et also oppassen wéinst Aquaplaning & fläit och duerch Äscht a soss kleng Géigestänn, déi an d’Stroosse fléie kéinten.

Et ass zwar kee gréissere Stuerm deen eis haut erwaart, an awer ass et ëmmer gutt op Nummer sécher ze goen.

Bleift et de Weekend esou ongemittlech? De Schnéi fir Hellegowend a Chrëschtdag kënne mir wuel vergiessen.

Den Zuch mat de wäisse Chrëschtdeeg ass leider schonn eng Zäit laang ofgefuer. Duerch déi Westwiedelag déi mir de Moment hunn ginn déi ganzen Zäit mëll Loftmassen aus Südeuropa & dem Mëttelmierraum an eis Géigende gelenkt. Et ass souzesoen déi wanterfeindlechst Wiederlag déi en iwwerhaapt kann hunn.

De Weekend selwer geet et mat dëser Wiederlag virun, just ass et en Tick manner ongemittlech wéi dat haut de Fall ass. Muer um Samsden zéien ëmmer nach vill Wolleken duerch, eenzel Schauere si méiglech. D’Temperature packen et op tëscht 8 an 10 Grad. De Wand ass mol nach spierbar ënnerwee, dat mat Spëtzte vun ëm 40 km/h, mee och dat ass däitlech manner wéi haut. E Sonnde bleift et wollekeg, weider Schauere si méiglech. Jee no Modell kéint et um Owend erëm zu engem méi markante Wandfeld mat stiermesche Wandstéiss kommen, wéi genee dat ofleeft muss awer nach gekuckt ginn. D’Temperature peile Maximalwäerter vun tëscht 8 an 11 Grad un, kee gréisseren Ënnerscheed zum Samsden also.

Chrëschtdag ass jo dann geschwënn duerch, an eppes méi wéi enger Woch hu mir Silvester. Gëtt et dann schonn en Trend sou an déi Richtung?

Wann et de momentane Modellrechnunge nogeet, dann bleift eis déi primär südwestlech bis westlech Stréimung erhalen. De Grond dofir hate mir beispillsweis schonn de Méinden ugeschwat, nämlech huet dat mam Jetstream ze dinn. Den Jetstream ass souszesoen de Motor vun eisem Wieder, well sech d’Héich- an Déifdrockgebitter un dësem Wandstroum orientéieren. Verleeft dësen also quasi genee iwwert eis, dann kënnt et logescherweis och zu vill Beweegung iwwert eise Käpp. Dës Situatioun soll bis an déi éischt Januardeeg eranhalen, wat heescht, dass et bis dohin e gewësse Risk vu Stuermdéifer gëtt. Wéi wat wou ka keen genee soen, an awer ass gewosst, dass sech Deeg mat richtegem Stuerm erauskristalliséiere kéinten.

Vum Thema Stuerm ofgesinn si keng gréisser Temperaturännerungen ze erwaarden – op mannst keng, déi laang unhalen. Sou wéi et elo ass bleift et also mat enger net grad gerénger Warscheinlechkeet bis Silvester.

Wa mir zu Lëtzebuerg schonn kee Schnéi méi kréien dëst Joer, da kucke mir einfach mol eriwwer op den amerikanesche Kontinent. Do ass nämlech de Moment e staarke Wanterstuerm um Wierk.

Et ass wierklech en zolitte Stuerm deen do amgaangen ass, sech vu Kanada aus a Richtung Osten vun den USA ze verlageren. Zanter virgëschter ass eng Kalfront amgaangen vu Nordwest a Richtung Osten ze zéien an huet dobäi immens markant Temperaturstierz ausgeléist. Zu Denver am Bundesstaat Colorado ass d’Temperatur vu 6 op -15 Grad gefall, dat an Zäit vun enger Stonn. Vu Cheyenne am Bundesstaat Wyoming soll d’Temperatur an Zäit vu nëmme 9 Minutten esouguer ëm 32 Grad gefall sinn.

Et sinn zwar Géigenden dobäi, wéi virun allem am ëstleche Kanada, wou ëmt en hallwe Meter Neischnéi fale kann. Am grousse Ganzen fokusséiert sech dat Ganzt awer méi op déi extrem niddereg Temperaturen & de staarke Wand, duerch deen sech alles nach vill méi kal ufillt. Déi gefillt Temperatur, also de sougenannte Wind Chill, ass u verschiddene Wiederstatiounen op tëscht -40 a -60 Grad Celsius gefall. Wann een onbedingt raus muss, gëtt geroden onbedingt Decken mat an den Auto ze huelen, wéi awer och e Kanister mat Sprit & och un d’Iesse soll geduecht ginn. Hire nationale Wiederdéngscht “National Weather Service” huet de Stuerm an engem vun hire Bulletinen mat de Wierder “Once in a generation” beschriwwen.


A Nordamerika ass et also batterkal, iwwerdeems mir et heiheem erëm mat liicht ze héijen Temperaturen ze dinn hunn. Merci Philippe a bis de nächste Freiden.