Radio 100,7: E kille Weekend steet un

éi summerlech Deeg si gezielt, de Weekend gëtt nawell kill.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 16.09.2022:


De Méinden hate mir nach iwwer summerlech Temperature geschwat – eppes, vun deem mir elo awer net méi esou vill ze dinn. Wat lass ass a wéi et virugeet, dat wees de Philippe Ernzer. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Du hues däi Versprieche gehalen, den Hierscht koum lo nawell séier.

Jo, sou séier kann et goen. De Méinde waren déi meescht nach mat op mannst engem kuerzen Uewerdeel ënnerwee, elo ass et de Géigendeel. Mir leien de Moment op der Récksäit vun engem Déifdrockgebitt, wouduerch eis richteg kill Loftmassen aus dem héije Norden zougeliwwert ginn.

Den Dënschden an och de Mëttwoch hate mir et mat enger Loftmassegrenz ze dinn. Dat heescht, dass et iwwer BeNeLux an och iwwert der Mëtt vun Däitschland e Beräich gouf, an dem fiichtwaarm Loft aus dem Süden an däitlech méi kal Loft aus dem Norden openeegetraff sinn. D’Resultat dovu war e grousst Nidderschlagsgebitt, duerch dat och bei eis am Land plazeweis gréisser Zommen erofkomm sinn.

Wéis du et och de Méinden ugedeit haas, ass et awer op klengstem Raum zu gréisseren Ënnerscheeder komm.

Dës Ënnerscheeder hätte net kënne vill méi grouss sinn. Déi meescht Plaze krute “normale Reen” of, iwwerdeems awer och eenzel Géigenden dobäi waren, wou et esou vill gereent huet dass et zu Iwwerschwemmungen an och Waasser an de Kellere komm ass.

De Radardonnéeë no gouf et wärend der Dauerreen-Phas 4 Géigenden, déi uerdentlech vum Reen getraff goufen. Zu dësen zielen de Raum Heesdref bis erop op Hëpperdang, dann de Raum Iechternach, e klenge Beräich beim Mariendall an dann och nach d’Ëmgéigend vun Esch-Uelzecht.

Du sees esouguer Iwwerschwemmungen… wéi vill Reen ass dann op de naasste Plazen erofkomm?

Wann een alleng dovun ausgeet, wat dem Wiederradar no erofkomm ass, dann huet et op de naasste Plazen plusminus 50 l/m² gereent, dat an Zäit vu 24 Stonnen. Wa mir eis op déi tatsächlech gemoossen Donnéeë konzentréieren, also op déi vun de Wiederstatiounen déi ueschtert d’Land stinn, dann huet et zu Iechternach am meeschte gereent: 64,1 l/m² Reen sinn do an Zäit vu 24 Stonnen duerch de Sensor gelaf. Bemierkenswäert ass och, dass 27,9 l/m² dovun an Zäit vu just enger Stonn erofkomm sinn. D’ASTA Statioun zu Wëntger war mat 56,5 l/m² dobäi, zu Reiler waren et 48,3 l/m².

Am Süden a Südweste vum Land hat et am längste gedauert, bis de Reen ukomm ass. Déi naasst Statioun war do d’ASTA-Statioun zu Réiser mat 32,4 l/m², dat meescht koum tëscht 19 an 20 Auer erof – dat mat 29,4 l/m². Zimmlech uerdentlech, wann ee mech freet.

Op de naasste Plazen huet et an Zäit vu 24 Stonnen also esou vill gereent, wéi soss an engem duerchschnëttleche September-Mount.
A vergläiche mir dat elo mat deene Géigenden, déi net esou betraff waren, da weist sech e grousse Kontrast. Zemools vun der Haptstad aus a Richtung Westen hunn d’Statioune grad emol tëscht 5 a 9 l/m² Reen gemooss. Just e puer eenzelner ware mat bis zu 14 l/m² Reen dobäi.

D’Jacketten an den décke Pullover… déi hänke mir demnächst léiwer och net all ze wäit no hannen an de Schaf.

Nee, leiwer net. D’Wiedermodeller si sech nämlech driwwer eenz, dass mir en zimmlech kille Weekend erliewen. Och an der nächster Woch soll et sech, op mannst dem neiste Stand no, net all ze vill änneren. Haut um Freide si Maximaltemperature vun tëscht 11 a 16 Grad ze erwaarden, muer si mir nach mat 10 bis 14 Grad ënnerwee – just un der Musel kéint et e klenge Grad méi waarm ginn. De Sonnde gëtt et net vill anescht, 11 bis 15 Grad ginn erreecht. Eng kleng Chance fir e bësse méi waarmt Wieder kéint et sou an enger Woch erëm ginn, dann awer eventuell duerch méi kräfteg Déifdrockgebitter oder esouguer Stuermdéifer iwwert dem Atlantik, déi erëm wéi eng kleng Wiermt-Schëpp op eis awierke kéinten.


De Spéitsummer ass also gelaf, d’Wieder hält wat de Kalenner versprécht – et gëtt richteg hierschtlech zu Lëtzebuerg. Villmools Merci Philippe Ernzer a bis de Méinde mat de weideren Aussiichten.