Et ass erëm Zäit fir de wëchentleche Reen a Bou mam Philippe Ernzer.
An der leschter Wiederwoch ware jo eng Partie Hëtztrekorder gefall, vun deenen dës Woch awer keng Spuer méi ze gesi war. Wéi ugekënnegt huet sech an Tëschenzäit e markante Wiederchangement bei eis bemierkbar gemaach.
Dës Woch war tatsächlech zweegedeelt. Haaptsächlech um Méinden an och um Dënschde konnten all déi, déi de Summer immens gären hunn, nach eng Kéier vu waarmen Temperature profitéieren. Um Méinde si Maximalwäerter vun tëscht 24 an 28 Grad erreecht ginn. Den héchste Wäert gouf et un der Kachelmann-Wiederstatioun zu Bartreng mat 28,3 Grad. D’Sonn huet sech dobäi esou gutt wéi de ganzen Dag gewisen, et si just e puer eenzel dekorativ Wolleken duerchgezunn. Um Dënschde war et och nach eng Kéier frëndlech a summerlech, et si Wäerter vun tëscht 24 a 27 Grad gemooss ginn. Déi wäermst Statioun war déi vun der ASTA zu Bettenduerf, 27,9 Grad waren als Maximum dran. Du koum de Mëttwoch, un deem virleefeg vun enger Kalfront scho méi déck Wolleken duerch d’Land gezu sinn. Och lokal Schauere waren do plazeweis mat dobäi. Den Thermometer ass nach op 20 bis 24 Grad geklomm. Et war souzesoen en Iwwergangsdag, den eigentlechen Ëmschwong koum mat der Kalfront an der Nuecht op den Donneschden, also op gëschter. Dës Front huet eis net nëmme flächendeckende Reen bruecht, mee hannendru sinn och däitlech méi kill Loftmassen eragefloss komm. Méiglech gemaach huet dëst d’Konstellatioun aus dem Azorenhéich an engem Déif iwwer Dänemark an Deeler vun Däitschland: dotëscht sinn déi kal Loftmassen aus dem héije Nordwesten a Mëtteleuropa agesickert. Gëschter um Donneschde si just nach Wäerter vun tëscht 16 an 20 Grad opgetrueden, an de nächsten Deeg ass mat nach méi niddrege Wäerter ze rechnen.
Ass et dat dann elo definitiv mat den héijen oder summerlechen Temperature gewiescht, oder kënnen och nach am Oktober Wäerter vun 20 Grad an driwwer gemooss ginn?
Och an engem Oktober kann et och nach zimmlech waarm ginn. De Rekord vun der héchster Oktobertemperatur geet zréck op den 2. Oktober 2011, un deem un der Wiederstatioun um Findel ronn 26 Grad gemooss goufen. Ofhängeg ass dat ganzt gréisstendeels vun der Grousswiederlag. Läit beispillsweis en Déifdrockgebitt iwwert dem Weste vu Frankräich oder iwwert dem Atlantik a gläichzäiteg en Héichdrockgebitt méi wäit iwwert dem Oste vum Kontintent, da kënnen ënner Ëmstänn souguer nach summerlech Temperaturen op Lëtzebuerg gelenkt ginn. Esou änlech war et och den 2. Oktober 2011 de Fall. Wat een awer och nach betoune muss ass, dass sech de Sonnestand am Laf vum Oktober signifikant verännert. D’Sonn fënnt hire Zenit ëmmer méi déif um Himmel an d’Nordhallefkugel geet lues awer sécher a Wanterpositioun, soudass se sech net méi sou erhëtze ka, wéi dat am Summer de Fall ass. D’Äntfert op d’Fro ass also déi, dass et theoretesch nach am Oktober méiglech ass, Temperature vun 20 Grad oder esouguer driwwer ze hunn, mee et awer zimmlech séier am weidere Verlaf vum Mount ëmmer méi onwarscheinlech gëtt.
Wa mir elo um Schluss nach eng Kéier op dat momentant Wieder bei eis kucken – wéi wäert sech de momentane Wiederchangement iwwert déi nächst Deeg bei eis entwécklen?
D’Wieder zu Lëtzebuerg ass de Moment déifdrockdominant an dat wäert et och bis de Sonnde bleiwen. Dat heescht net nëmmen, dass et meeschtens wollekeg wäert sinn, mee och, dass et zäitweis nawell gutt naass kéint ginn. Haut um Freiden hunn d’Wolleken d’Iwwerhand, nëmmen heiansdo kënnt sech dotëscht mol d’Sonn weisen. Am Nomëtte gëtt eng Maximaltemperatur vu nëmme nach 8 bis 14 Grad erwaart. De Wand ass och present a weist sech mat Spëtzte vu bis ëm 45 km/h aus Westen. De Samsde gëtt et net vill aneschters: den Himmel ass gréisstendeels gro, ëmmer erëm kann eng Schauer erofkommen. Et si 9 bis 13 Grad ze erwaarden, dat bei engem stramme Wand aus West- Nordwesten, deen et an de Spëtzten op ëm 50 km/h packt. Och um Sonnde bleift et éischter gro a naass bei eis, bei 11 bis 14 Grad gëtt et awer erëm ee Stéckche méi mëll. De Grond dofir ass deen, dass de Kär vum Déif, deen bis un dësen Zäitpunkt nach iwwer Dänemark resp. Däitschland louch, sech weider an de Weste verlagert an doduerch d’Zoufuer vun de kille Loftmassen ënnerbrach gëtt. Et ass dowéinst mat engem liicht méi waarme Start an déi nei Wiederwoch ze rechnen.