Radio 100,7: En Ex-Hurrikan mëscht sech an

Den ugekënnegten Ëmschwong ass do. Duerch en deemoolegen Hurrikan steet de nächsten schonn an de Startlächer.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 09.09.2022:

Hutt Dir et gemierkt? Et ass an Tëschenzäit schonn e gutt Stéck méi kill ginn dobaussen an et reent och méi oft. Bleift et de Weekend esou? An huet dat waarmt Wieder keng Chance méi? Mir froen elo einfach de Philippe Ernzer, wat heen dozou seet. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

De Changement, deens du de Méinden ugekënnegt haas, ass do.

An dat mierkt een och ganz gutt, well d’Temperaturen just nach op ëm 20 Grad klammen. Ier et awer esouwäit war, hate mir et mat enger Rëtsch Donnerwieder ze dinn, besonnesch de Norde war betraff. En Dënschde si stiermesch Wandstéiss an och gréisser Quantitéiten u Knëppelsteng opgetrueden – d’Kären haten deelweis en Duerchmiesser vun ëm 2 cm. Niewebäi koum et och zu klengen Iwwerschwemmungen an ëmgefalene Beem. D’Kalfront, déi dunn an der Nuecht op den Donneschden iwwert eis ewechgezunn ass, huet dunn den definitive Changement ageleet.

Du soos schonn… däitlech manner héich Temperaturen. Wéi muss een sech dat iwwert de Weekend virstellen?

Bis de Samsde gi mir vun engem Déifdrockgebitt beaflosst, wat vun de britteschen Inselen hier a Richtung Nordséi zitt. Duerch dës Beweegung gëtt et net nëmmen ëmmer erëm naass, mee och eis Temperature gi staark zréckgehalen. Haut um Freide si just nach Maximaltemperature vun tëscht 15 an 18 Grad ze erwaarden, lokal fläit och mol nach 19 Grad. Muer hu mir et mat 14 bis 18 Grad ze dinn, ier et de Sonnde mat 17 bis 22 Grad erëm e Stéck méi waarm gëtt.

Wat d’Nuechte betrëfft fale mir op tëscht 8 a 14 Grad.

Heescht also, dass mir et bis de Samsden inclus ëmmer erëm mol mat enger Schauer ze di kréien. E kuerzt Donnerwieder ass net ausgeschloss. Et ass also richteg onbestännegt Wieder ugesot.

Onbestänneg a kill – kann een dëse Fazit och op déi nächst Woch iwwerdroen?

Net onbedingt, well et steet schonn erëm eng Kéier e weidere Changement an d’Haus. Dësen hu mir engem ehemolegen Hurrikan ze verdanken, nämlech dem DANIELLE. D’DANIELLE hat sech den 2. September iwwert dem Nordatlantik zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala verstäerkt. U Land ass e net getraff – an an Tëschenzäit ass et och keen Hurrikan méi, mee en aussertropesche Stuerm. Dat heescht, dass d’DANIELLE all d’Eegeschafte vun engem tropesche Stuerm verluer huet.

Kënnen eis dës Iwwerreschter eventuell geféierlech ginn?

Et ass an der Vergaangenheet schonn méi oft geschitt, dass Iwwerreschter vun engem Hurrikan op eise Wiederkaarte matgemëscht hunn. D’Iwwerreschter vum DANIELLE sollen ufanks der nächster Woch viraussiichtlech un déi spuenesch a portugisesch Nordküst treffen – a nieft engem Batz Reen och fir Stuerm suergen. Dëse Stuerm ass dann awer bei wäitem net méi mat dem ze vergläichen, wéi se an engem Hurrikan virkommen.

Wéi een Afloss huet dëse Stuerm op eist Wieder heiheem? A wéi kann dat iwwerhaapt sinn?

Ma de nächste Changement, dee mir jo virdrun ugeschwat hunn, hänkt mat dësem Stuerm zesummen. E verlagert sech nämlech de neiste Modellrechnunge no nach bis virun d’Küst vu Frankräich. Duerch d’Dréibeweegung vun dësem groussen Déifdrockgebitt ginn nachemol waarm a summerlech Loftmassen aus dem Mëttelmierraum a Richtung Mëtteleuropa geblosen – an esou och op Lëtzebuerg. Et weist also erëm perfekt, dass d’Wieder iwwerall op der Welt iergendwéi awer mateneen zesummenhänkt.

Du sees waarm Temperaturen… wéi waarm kann et dann nach eng Kéier ginn?

Fir d’Joreszäit klammen d’Temperaturen op alle Fall nach eng Kéier kuerz op iwwerduerchschnëttleche Niveau. Fir de Méinden ass mat 23 bis 26 Grad ze rechnen, den Dënschde soll dann e Peak vu 25 bis 28 Grad erreecht ginn – punktuell fläit och e bësse méi. An den Deeg drop soll et dann awer schonn erëm biergof goen.

De Weekend erwaart eis also éischter kee Wieder fir kuerz Kleedung, un e Prabbeli sollt een dann och léiwer denken. Merci Philippe Ernzer fir dës Explikatiounen.