“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 26.08.2022:
Mol erëm eng Kéier héich Temperaturen a weiderhi keng nennenswäert Reequantitéiten um Gros vum ganze Kontinent. Haut kann eis zu Lëtzebuerg awer mat Chance e klenge Changement ustoen. De Philippe Ernzer wees méi doriwwer. Gudde Moien.
Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:
Du haas et ugekënnegt: eng weider Hëtzt-Zong huet sech iwwer groussen Deeler vum Kontinent breetgemaach.
Et ass eng vun an Tëschenzäit ganz ville bis ewell an dëser Saison. Zu Lëtzebuerg hu mir et e Mëttwoch op 34,5 Grad gepackt, wat fir Enn August schonn zimmlech uerdentlech ass. Och gëschter ware mir mat Maximalwäerter vu 34,4 Grad ënnerwee. An de Reen? Tjo, deen huet sech weiderhi net wierklech konnte weisen.
Esou richteg waarm war et och erëm bei eise franséische Noperen?
Déi kréien de momentane Virstouss vun de méi waarme Loftmasse nach méi staark ze spieren. E Mëttwoch si beispillsweis Maximaltemperature vu 37,3 Grad opgetrueden, dat un der Wiederstatioun zu Cazaux. Och zu Toulouse war et mat 36,6 Grad nach eng Kéier esou richteg waarm.
Wat de Reen betrëfft kéinte mir haut awer nawell e bësse Chance hunn.
D’Situatioun vun haut ass déi, dass vu Westen hier eng Kalfront iwwert eis ewechzitt. Dës Kalfront bréngt net nëmme liicht manner héich Temperature mat séch, mee dréckt och eis Reen-Warscheinlechkeet erëm e Stéckchen an d’Luucht. Et ass also duerchaus méiglech, dass haut déi eng oder aner lokal Schauer erofkënnt, deemno wéi och e kuerzt Donnerwieder. Mee treffen deet et natierlech erëm net jiddereen.
Ass dëse Reen dann dowäert, oder erëm méi d’Drëps op de waarme Steen?
Wann ee vu Reen schwätzt, kléngt dat jo schonn mol guer net esou schlecht – well mir dëse Summer jo ebe nach net vill dovu gesinn hunn. Wann een elo op déi nächst Stonne kuckt, kënnen eis Wiedermodeller eis och kee geneeë Fazit ginn. Den europäesche Modell ass immens optimistesch a gesäit am Fall vun enger méi kräfteger Schauer esouguer punktuell bis bal 10 l/m² op eis duerkommen. Den däitsche Modell dogéint rechent mat quasi näischt bis hin zu 4 l/m². De franséische Modell ass mat 1 bis 3 l/m² ënnerwee.
Sollten déi 10 l/m², déi den europäesche Modell do gesäit, wierklech antrieden, da géing dat der Natur ëmmer nach net all ze vill bréngen. De Gros dovun géif duerch déi staark Dréchent iwwerflächlech oflafen a net wäit an de Buedem asickeren.
Och wann et net vill bréngt, freeë mir eis awer iwwer all Drëps déi mir kréien. Sinn soss weider där Chancen an Aussiicht?
No där Chance vun haut soll et de Weekend selwer awer dréche bleiwen. Bei 20 bis 25 Grad e Samsden an och de Sonnden ass alles awer e gutt Stéck besser auszehalen, e puer Wolleke sinn och mat dobäi. Wa mir dann op déi nächst Woch kucken, da kéint eis vu Mëtt der Woch un déi nächst Chance op Reen an d’Haus stoen – esou den amerikaneschen an och den europäesche Wiedermodell. Et mierkt een lues a lues, dass d’Modellrechnungen u méi onbestännegen Zenarien am schaffe sinn.
Heescht dann dann elo, dass dat hëtzegt Wieder och geschwënn vum Dësch ass?
Den Temperaturtrend geet, logescherweis wéinst der Joreszäit, lues a lues zréck. An awer wëllen d’Modellrechnungen et net komplett ausschléissen, dass et an ongeféier enger Woch mol erëm eng Kéier zu engem Virstouss vun héichsummerleche Loftmasse komme kéint. Laang sollt dësen dann, wann en dann komme sollt, net bei eis duerchhalen.
Mir mussen also nach e Stéck waarde bis du eis de laang erhoffte Landreen annoncéiers. Dat waren déi weider Aussiichten, Merci Dir Philippe Ernzer a bis de Méinden.