Radio 100,7: Firwat ass den Himmel blo?

Firwat ass den Himmel blo? Klengt no enger einfacher Fro, mee do stécht definitiv méi dohannert.

Firwat ass den Himmel blo? Wouhier kommen d’Faarwen bei engem Sonnenop- oder Ënnergang? Op den éischte Bléck sinn dat scheinbar banal Froen, hannert deenen awer déifgrënneg Erkläerunge stiechen. De Philippe Ernzer zielt eis elo méi doriwwer.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Firwat ass den Himmel blo? Eng Fro, déi een nawell oft vu Kanner gestallt kritt.

An dann mengt een, se wier liicht ze beäntferten, mee ganz esou banal wéi se schéngt ass se awer net.
Un engem Dag ouni Wolleken ass den Himmel blo, obwuel een eigentlech eraus op den däischtere Weltall kuckt. An obwuel d’Sonn hier Faarf usech net ännert, ännert sech awer d’Ausgesinn vum Himmel. Dat ka vu Wäiss iwwer Gro bis hin zu Orange goen. Gäre gesi sinn déi schéi Sonnenop- an Ënnergäng, wou déi schéinst Faarfkombinatiounen zesummekommen. All dat hänkt ganz dovun of, a wéienger Aert a Weis d’Sonn op d’Atmosphär schéngt a wéi d’Sonneliicht gestreet respektiv gebrach gëtt.

Kuckt ee vum Weltall aus op d’Sonn, da schéngt dës an engem grelle wäiss. Vun der Äerd aus ass se méi gielzech. Alles an allem setzt sech d’Faarf vun der Sonn aus alle Faarwe vum Reebou zesummen, also vu Moof iwwer Blo, Gréng, Giel, Orange bis Rout. D’Sonnestrale sinn elektromagnéitesch Stralung – an all eenzel Faarf, déi vun der Sonn ausgeet, entsprëcht enger anerer Wellelängt. Dës Wëllelängt ass bei Blo am kierzten a bei Rout am längsten.

A wéi kréie mir all dës verschidde Faarwen hei ënnen ze gesinn?

Wann d’Sonnestrale mat hiren ënnerschiddleche Wellelängten op d’Äerdatmosphär schéngt, da schéngt déi net an engem riichte Stral bis op de Buedem. Dotëscht ginn et nach ganz vill Gasmoleküller, un deenen d’Wellelängten hir Richtung ännere kënnen – d’Liicht gëtt also vertstreet. Kuckt een also net direkt an d’Sonn, dann ass daat daat Liicht, wat iwwert iergendeen Ëmwee, eben duerch dës Moleküller an der Atmosphär, awer an eisen Aen ukomm ass. Dat Liicht, waat also en Afloss op d’Himmelfaarf huet, ass net dat, wat mir gesi, wa mir direkt an d’Sonn kucke, mee eben dat, wat gestreet gëtt.

Wat d’Wellelängt vum Liicht méi kleng ass, wat et och méi staark an der Atmosphär gestreet gëtt. Blo gëtt also méi staark gestreet wéi rout. Wann d’Sonn héich um Himmel steet, ass de Wee vum Liicht bis an d’Äerdatmosphär zimmlech kuerz – haaptsächlech déi blo Faarf gëtt gestreet. Dat ass de Grond, firwat den Himmel dagsiwwer bei gudde Konditioune blo ass. Bei déiwem Sonnestand, dee mir entweder an de Moies- oder Owesstonnen hunn, leet d’Liicht ee vill méi wäite Wee duerch d’Atmosphär zréck. Den Undeel vun der bloer Faarf geet bei der Streeung sou wäit zréck, dass déi roudelzech Faarwe sech am beschten duerchsetze kënnen. Sou kënnt et also, dass mir an de Fréi- a Spéitstonnen flott gielzech bis roudelzech Andréck um Himmel ze gesi kréien. Beandrockend gëtt et, wa wärend dem Sonnenop- oder Ënnergang dënn an/oder héich Wolleken ënnerwee sinn, wou d’Sonn bei niddrëgem Sonnestand d’Wolleke vun ënne beliichte kann.

Du hues vu Streeung geschwat. Wéi kënnt dës zustanen?

Gëtt vun der Liichtstreeung an der Atmosphär geschwat, da kënnt déi sougenannt “Rayleigh-Streeung” an d’Spill. Dës erkläert d’Streeung vum Liicht u klengen Deelercher an der Atmosphär, wéi z.B den uewe genannte Gasmoleküller. D’Streeung kënnt am Allgemengen duerch Loftmoleküller zustaane, wéi och anere klenge Partiklen, déi doruechter schwiewen. Dës Moleküller a Partiklen ënnerscheede sech qualitativ vuneneen, soudass een tëscht der Rayleigh-Streeung, déi sech haaptsächlech op d’Wierkung vun de Loftmoleküller bezitt an der Mie-Streeung, déi sech op d’Streeung un de Partiklen u sech konzentréiert. D’Wellelängte vum siichtbare Spektrum leien an engem Beräich vun ongeféier 0,4 Mikrometer, wat bloelzechen a moofelzeche Faarwen entsprëcht, bis 0,8 Mikrometer, wat déi rout Faarf duerstellt.

Gesinn dës Faarwen op anere Planéiten d’selwecht aus wéi bei eis?

Och op anere Planéite kënnt et zu änleche Prozesser, déi awer aner Faarwen ervirhiewen. Allkéiers spillt d’Atmosphär vun de jeeweilege Planéiten déi gréisst Roll. Um Mound gëtt et beispillsweis keng Atmosphär, dowéinst schéngt do d’Sonn ongehënnert drop mat all hire geféierleche Stralen. Kuckt een an den Himmel, deen et do net gëtt, gesäit ee just de schwaarze Weltall.

De Mars huet eng dënn Atmosphär, déi aus Kuelendioxid an engem klengen Undeel u Rascht-Deelercher besteet. Duerch dës Zesummesetzung ass den Himmel gréisstendeels an engem gielzech-roudelzechen Toun. Op der Venus musse sech d’Sonnestrale mol duerch eng 20 Kilometer déck Schicht aus Wolleke kämpfen, déi aus Schwiefelseier bestinn. Observatiounen a Miessunge vu Raumsonden no soll den Himmel op der Venus giel-orange sinn. Dat awer net besonnesch hell, mee éischter a méi däischteren Téin. Fir de Jupiter gëtt vermutt, dass den Himmel eng méi däischterblo Faarf huet, d’selwecht wéi an den ieweschte Schichte vum Saturn – just méi wäit ënnen an der Atmosphär sollen d’Faarwen awer méi a Richtung giel bis orange goen.

Dës Kéier si mir also net nëmmen op eiser schéiner Äerd bliwwen, mee hunn och e klengen Ausfluch an de Weltall gemaach. Villmools Merci Philippe Ernzer a bis de Méinden.