Radio 100,7: Geschwënn erëm 30 Grad an driwwer

An de nächsten Deeg a Woche wäert sech d’Dréchent weider verstäerken, och d’Hëtzt kënnt erëm.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 29.07.2022:

De leschte Summer hate mir et mat deels richteg variablem Wieder ze dinn, genuch gereent huet et och – zäitweis esouguer vill ze vill. Dëst Joer ass dat alles e bëssen anescht, déi nei Aussiichte spillen der Natur net wierklech an d’Kaarten. De Philippe Ernzer erzielt eis elo méi dozou, gudde Moie Philippe.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

D’Situatioun mam Reen bessert sech einfach net.

Ech wéinscht mir ech kéint gutt News ginn, mee dat wier leider gelunn. Och déi neist Modellkaarte confirméieren, dass eis a nächster Zäit keng wierklech nennenswäert grouss Reequantitéite wäerten ustoen. Dëst heescht net, dass et guer net reene wäert, mee déi Drëpsen déi dobäi erofkomme, bréngen der Natur net all ze vill.

Wéi gesäit den Ausbléck an Zuelen aus?

Wat Zuele betrëfft, si mir bis de Sonnde mat grad emol näischt bis hin zu maximal mol 2 l/m² ënnerwee – esou den europäesche Wiedermodell ECMWF. Den amerikanesche GFS rechent mat grad emol 1 l/m². D’Hoffnung läit also op der Zäit, déi duerno kënnt. Mee wéi optimistesch däerf ee sinn?

Dem europäesche Modell no soll et, ofgesi vun e puer eenzelne Schaueren, déi haut net ganz onméiglech sinn, bis de 7. August iwwerhaapt net reenen. Och den amerikanesche Modell ass dëser Meenung a gesäit kee Reen op eis duerkommen. Bis Mëtt August soll et och just mat héchstens 2 l/m² virugoen.

Dës Modell-Donnéeë si natierlech just eng Momentopnam an änneren ëmmer erëm gäre mol. Well dësen Trend awer elo zanter Woche schonn sou berechent gëtt, sinn dës weiderhi Reen-aarm Léisunge noleiend an zimmlech warscheinlech.

An de leschten Deeg hate mir ëmmer erëm Bränn – de Risk dovu bleift also bis op weideres bestoen.

Parallel dozou schéngt dann och nach d’Hëtzt wëllen zréckzekommen?

D’Modeller ECMWF a GFS si sech driwwer eenz, dass sech vum Weekend un erëm eng südlech bis südwestlech Stréimung astelle soll, déi eis hëtzeg Loftmassen aus dem Südweste vun Europa an och dem Mëttelmierraum zouspille soll. Dat heescht, dass eis wuel erëm geschwënn Temperature vu méi wéi 30 Grad ustinn – Wäerter, déi fir e Summer ganz normal sinn.
De Fokus läit haaptsächelch op der Mëtt vun der nächster Woch. Fir déi gi vum amerikanesche GFS erëm Maximaltemperature vu 37 Grad berechent. Aus jéngster Vergaangenheet wësse mir awer, dass een dës Wäerter nach net all ze eescht huele soll. Et schéngt awer op alle Fall eppes am Bësch ze sinn – aus aktueller Siicht gesi kann een also am Laf vun der Woch duerchaus mol mat Maximaltemperature rechnen, déi et op tëscht 33 a 36 Grad packe kéinten. Mir bleiwe souwisou hei mat Iech zesummen um Ball.

Den August steet virun der Dier. Kann een schonn vu bestëmmten Tendenzen schwätzen?

Jo, kënne mir, mee just op Basis vu Laangzäitmodeller. Laangzäitmodeller si net als Prognos unzegesinn, mee méi als Schätzung. Huele mir den amerikanesche Laangzäitmodell CFS, da gesäit dësen och fir den August e markante Reendefizit op eis duerkommen. Net nëmmen de Reen kann erëm aus der Rei danzen, mee och d’Temperaturen. Dës kéinten tëscht 1 an 2 Grad ze héich ausfalen – wat heescht, dass d’Temperaturmoyenne vum August 2022 d’Laangzäitmoyenne ëm 1 bis 2 Grad iwwertreffe kéint. Et ass also net ausgeschloss, dass et vum Gesamtmuster hier, wéi mir et elo hunn, ganz änlech virugoe kann.

Dëst ware weiderhin dréchen an och waarm Aussiichten. Mir gesinn eis de Méinden erëm an da kucke mir, wat d’Temperature fir d’nächst Woch dann esou maachen. Merci Philippe Ernzer a bis dann!