Wann ee sech iwwer d’Wieder fir déi nächst Deeg informéiert, kënnt een net dolaanscht, eppes vu Kalfronten, Waarmfronten, Héich- an Déifdrockgebidder ze héieren. Schonn an der Schoul huet ee geléiert, datt héije Loftdrock gutt Wieder bréngt an déiwe Loftdrock éischter manner gutt Wieder.
Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen
Dir wëllt matliesen? Hei den Text:
Scho ganz fréi an de Schoulbicher gëtt ee geléiert, dass héije Loftdrock gutt Wieder bréngt an déiwe Loftdrock éischter manner gutt. An de nächste Minutte ginn e puer Eegenschafte vun den zwee Drockgebitter erkläert an och wat domat zesummenhänkt. Ugefaange beim Déifdrockgebitt.
Duerch d’Sonnenastralung erwiermt sech d’Uewerfläch vun der Äerd. Vir d’Loft ronderëm huet dat e bëssen d’Funktioun vun enger Heizung. D’Loft deent sech beim weideren Erwiermen aus an huet duerch d’Ausdeenung eng manner grouss Dicht wéi kal Loft. Déi waarm Loftmassen hiewe sech also vum Buedem a Richtung Himmel a maachen och déi driwwer leiend Loftschichte méi waarm. Am grousse Ganzen gëtt déi am Moment opsteigend Loftblos awer och scho rem méi kill, well se sech vum Buedem ofhëfft, also der Heizung. Se ass awer ëmmer nach méi waarm wéi déi ëmleiend Loft.
Geschitt dat ganzt iwwert enger gréisserer Surface, entwéckelt sech e grousse Pak vu waarmer an ausgedeenter Loft, déi méi héich obeneengetiermt ass, wéi déi ganz Loft an der Ëmgéigend. Wat déi waarm Loft méi héich klëmmt, wat se och no a no ufänkt, säitlech um Paak erofzefléissen. Un de Säite grenzt déi waarm Loft direkt u méi kaler Loft a gëtt soumadde nach méi schwéier, well kal Loft jo méi schwéier ass. No a no falen déi ehemoleg waarm Loftmassen also erëm a Richtung Buedem. Et ass e Kreeslaf entstanen, bei dem waarm Loftmassen no uewe steigen, sech säitlech ausdeenen an erëm a Richtung Gebitter mat déiwem Loftdrock zréckfléissen.
Vir dass en Déifdrockgebitt entsteet, musse Loftmassen am grousse Stil opsteigen, déi méi waarm sinn wéi d’Loft an der Ëmgéigend. Waarm Loft ka méi Waasser ophuele wéi kill Loft, an dat geschitt och hei. Déi waarm Loft, déi no uewe klëmmt, dréit och Fiichtegkeet mat no uewen. Killt sech déi fiicht a waarm Loft an der Héicht of, kann d’Fiichtegkeet net méi gehale ginn. D’Konsequenz: se muss erëm austrieden. Doduerch forméiere sech Wolleken an den ieweschte Loftschichten, déi sech virdéicht a Form vu Schleierwolleken, also Cirrus, bemierkbar maachen. Wat méi fiichtwaarm Loft vun ënne nogefouert gëtt, wat d’Wolleken och méi déck a méi kompakt ginn. Et kënnt zu Reen a réicht wann et sech ausgereent huet, léise sech d’Wolleke erëm lues a lues op. D’Sonnestralen areeche erëm den Äerdbuedem, erhëtzen dësen an de Kreeslaf geet erëm vu vir un.
Déifdrockgebidder bedecke net ëmmer eng grouss Fläch, mee kënnen och méi klengräimeg sinn – wéi z.B bei engem thermeschen Déif, och nach Buedemdéif genannt. D’Loft op Buedemhéicht gëtt erwiermt, wouduerch d’Dicht vun der buedemnoer Loft méi kleng gëtt. Déi waarm Loft léist sech vum Buedem – wat vir en Drockoffall suergt. Dësen Drockoffall an domadder d’Opsteigen vun de Loftmassen a Buedemhéicht suergt dofir, dass waarm Loft aus der Ëmgéigend mat eropgezunn/gerappt gëtt – dat duerch Wand, deen op gréisserer Fläch an d’Richtung vum Opwand bléist.
Nieft dem Buedemdéif gëtt et och nach d’Héichtendéif. En Héichtendéif entsteet, wa sech kal Loft an enger Héicht vun ongeféier 5 Kilometer no ënne beweegt. An de méi héige Loftschichte fält de Loftdrock. Am Beräich vun engem Héichtendéif ass et däitlech méi kill wéi an der ëmleiender Loft. Se maache sech op Héichtewiederkaarte bemierkbar, iwwerdeems se op Buedemwiederkaarten éischter net ze gesi sinn.
Bei engem Déifdrockgebitt gi Loftmassen also an den Himmel gehuewen. An deem Gebitt, iwwert deem dat geschitt, fält den Drock. Bei engem Héichdrockgebitt ass et ëmgekéiert: Loftmasse beweege sech vu wäit uewen a Richtung Buedem – d’Konsequenz: de Loftdrock um Buedem klëmmt, well d’Loft mat engem grousse Gewiicht op de Buedem dréckt. Bei dësem Prozess erwierme sech déi erooffaalend Loftmassen, soudass sech nëmmen e puer wéineg bis guer keng Wolleke forméiere kënnen. D’Loft, déi op de Buedem trëfft, deent sech aus. Se divergéiert a fléisst a Richtung Déifdrockgebitt, wou se op e Neits erwiermt a no uewe gedroe gëtt.
Héich- an Déifdrockgebidder ginn op Wiederkaarten mat engem “H” vir Héich an “D” vir Déif markéiert. Meeschtens sinn dobäi Linnen ofgebild, d’Isobaren. Si markéieren d’Gebitter mam selwechte Loftdrock a forméiere Kreeser ronderemt den Zentrum vum Drockgebitt. Un den Isobare stinn Zuelen, déi de Loftdrock an Hektopascal uginn. En Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik huet am Wanter e Loftdrock vu meeschtens 950 bis 980 hPa. Bei engem Héichdrockgebitt kënnen awer bis zu 1040 hPa a wäit driwwer areecht ginn. Wann een d’Mëtt hëlt, an de mëttlere Loftdrock ausfënneg maache wëll, da kënnt een op 1013,25 hPa.
D’Isobare weise net nëmmen un, wou ronderemt en Drockgebitt de selwechte Loftdrock ass, mee och, wéi staark de Wand ass a wéi e bléist. Eigentlech sollt d’Loft vum héije Loftdrock direkt a Richtung Déifdrockgebitt zéien, wat awer duerch d’Corioliskraaft, déi duerch d’Äerdrotatioun ausgeléist gëtt, net méiglech ass. D’Loft gëtt op der Nordhallefkugel ëmmer no riets ofgelenkt, op der Südhallefkugel no lénks. Doduerch kënnt et zu staanen, dass de Wand ronderëm en Déifdrockgebitt géint d’Auer dréint a ronderëm en Héichdrockgebitt mat der Auer. Op der Südhallefkugel ass et genee ëmgekéiert. Sinn d’Isobaren op enger Wiederkaart ganz no beieneen, ass dat een Indikator vir staarke bis stiermesche Wand, deemno wéi souguer Orkan.
Nieft den Isobaren ginn op enger Wiederkaart och Fronten gekennzeechent, déi vun engem Déifdrockgebitt ausginn. Héichdrockgebitter hu keng Fronten, well hier Loft direkt a Richtung Déifdrockgebitter erausfléissen.
Eng Waarmfront gëtt op enger Kaart mat enger décker schwaarzer oder rouder Linn mat Hallefkreeser drun markéiert, Kaalfronten mat enger décker schwaarzer oder bloer Linn mat Dräiecker/Zacken. Un de Fronten grenze Loftmassen vun ënnerschiddlecher Temperatur an Dicht, soudass et zur Bildung vu Wolleken a potenziellem Nidderschlag kënnt.
Un enger Waarmfront dréckt sech déi méi liicht waarm Loft iwwert déi méi kal Loft, iwwerdeems et bei enger Kalfront genee ëmgekéiert ass. Do dréckt sech déi kill Loft, wéinst hirer méi grousser Dicht, ënnert déi méi waarm Loft. D’Effekter un enger Kalfront si meeschtens méi markant. Bei enger méi staark ausgepräägter Front kann et zu Schaueren, Donnerwieder a virun allem zu Wandstéiss kommen – je no Wiederlag souguer Stuermstéiss.
D’Waarmfront vun engem Déif zitt virlaafend vun der Kaalfront. D’Kalfront beweegt sech awer oft méi séier, soudass se d’Waarmfront iergendwann areecht. Bei dësem Prozess hieft déi kaal Loft vun der Kalfront déi waarm Loftmassen tëschent den zwou Fronten un a verbënnt sech mat der virlaafender killer Loftmass. Et forméiert sech eng Okklusiounsfront, also eng Mëschfront. Op Wiederkaarte gëtt dës als déck rosa oder mof Linn mat Zacken an Hallefkreeser an ofwiesselender Reiefolleg markéiert.
Vir d’Thema ofzeschléissen, hei nach d’Äntwert op eng ganz oft gestallte Fro. Wouhier kommen d’Nimm vir Héich- an Déifdrockgebidder
Vir d’Nimm op eise Wiederkaarten ass den “Institut für Meteorologie” vun der “Freie Universität Berlin” zanter 1954 verantwortlech. Zanter 1998 kréien d’Déifdrockgebidder a geruede Jore weiblech an d’Héichdrockgebidder männlech Nimm. An ongeruede Joren ass et ëmgedréint. Sinn d’Nimm vun A bis Z verginn, geet et erëm beim A un.
Op der Websäit vum meteorologeschen Institut kann ee sech quasi säin eegent Héich oder Déif kafen. En Héich mat Ärem gewënschte Numm ass ab knapp 300 Euro ze kréien, en Déif ab 200 Euro.