Radio 100,7: Héichdrockafloss fir de Schluss vum November

Den Héichdrockafloss ass zeréck zu Lëtzebuerg a konnt sech géint de liicht méi variabele Charakter duerchsetzen. An der leschter Woch war wéinstens erëm e bësse Beweegung opkomm, mëttlerweil huet sech dat Ganzt awer erëm geluecht. De Philippe Ernzer iwwer de Kampf tëschent Sonn a Niwwel.

Den Héichdrockafloss ass zréck zu Lëtzebuerg a konnt sech géint de liicht méi variable Charakter duerchsetzen.

Nodeems et an der leschter Woch wierklech e bësse méi variabel war, konnt sech elo den héije Loftdrock erëm duerchsetzen. Wann een op déi lescht Deeg kuckt, mierkt een, a wéi eng Richtung dat geet. Och de Bléck an d’Zukunft verréit, dass et méiglecherweis net ganz vill anescht virugoe wäert. Fänke mir awer elo mol mam klenge Réckbléck op déi bishereg Woch un.

Eis Temperaturen hu sech an de leschten Deeg vum Niwwel ofhängeg gemaach. Do, wou e sech méi laang gewisen huet, sinn d’Temperaturen am Dag och net esou wäit geklomm. Um Méinde si Maximaltemperature vun tëscht 7 a 9 Grad opgetrueden, et gouf nach keng gréisser Differenzen. Um Dënschde si gréisstendeels tëscht 5 a 7 Grad gemooss ginn, just plazeweis konnten d’Wäerter net méi wäit wéi op 4 Grad erausklammen. Um Mëttwoch hate mir et mat 5 bis 10 Grad ze dinn, de Niwwel huet sech séier genuch konnten opléisen. Den Dag vu gëschter huet gewisen, dass méi frëscht Wieder op Lëtzebuerg ënnerwee ass. Op de meeschte Plazen ass et nach 6 bis 9 Grad mëll ginn, mee virun allem do wou de Niwwel méi laang aktiv war, sinn d’Wäerter net méi wäit wéi op 2 bis 4 Grad geklomm. Duerch den Héichdrockafloss ass de Reen erëm e raren Artikel, leider kënne mir op keng wierklech relevant Quantitéiten zréckkucken. De Radarmiessunge no ass et um Méinde mat grad emol 0,5 bis lokal 2 l/m² am naasste ginn. Zanterdeems ass, ausser Fisemreen duerch Niwwel, kee Nidderschlag méi opgetrueden.

Den héije Loftdrock huet also erëm d’Haaptroll zu Lëtzebuerg iwwerholl. Wat huet dat dann elo genee fir en Afloss op eis?

Den héije Loftdrock féiert, wéi mir et jo och un den Deeg vun dëser Woch gesinn hunn, an éischter Linn dozou, dass ausser Fisemreen a Niwwel weider keng Nidderschléi ze erwaarde sinn. En ze dréchene Start an den Dezember schéngt aus aktueller Siicht gesinn also zimmlech warscheinlech. Dem amerikanesche GFS Modell no soll sech de Méinden eng ganz Héichdrockbréck vum Atlantik eriwwer iwwer Mëtteleuropa bis an den Oste vum Kontinent erstrecken. Eréischt vum kommende Mëttwoch un ass et eventuell méiglech, dass erëm méi Beweegung duerch bëssen Déifdrockafloss an d’Spill kënnt – dësen Trend muss sech awer nach vir d’Eischt confirméieren. Bis dohin soll et awer roueg bei eis bleiwen, dat mat Frascht an de Nuets- a Moiesstonnen. Och de Risk vu glate Stroosse besteet. Woot een dann nach e klenge Bléck weider, nämlech a Richtung iwwernächste Weekend, da kéint et nach e Stéck méi kill bei eis ginn an et gëtt erëm d’Warscheinlechkeet vu Flacke berechent.

Geet et awer dem europäeschen ECMWF no, soll schonn um Méindenowend en Déifausleefer aus Nordwesten eragezu kommen, deen deemno wéi op de Koppe fir den éischte Schnéi suerge kann – oder op mannst mol fir Schnéireen oder souguer Glëtz. Dëst ass awer grad emol eng éischt Kéier vun dësem Modell berechent ginn, dowéinst muss een dat ganzt an de nächste Stonnen an Deeg mol nach am Aen behaalen.

Duerch den héije Loftdrock steet eis also och e rouege Weekend un?

Jo, de Weekend gëtt ee rouegen. Wann et naass gëtt, da just duerch Niwwel, deen sech erëm a Form vum Niwwel-Lotto bei eis ophale wäert. Net nëmmen haut um Freide muss en sech opléise fir dass sech d’Sonn weise kënnt, mee och muer um Samsden an och um Sonnden. Et zéien dobäi ëmmer rem héchstens e puer harmlos kleng Wolleken duerch, déi eis, wéi scho gesot, kee Reen brénge wäerten. D’Temperature klammen haut op e Maximum vu 7 bis 10 Grad, de Samsden op 8 bis 10 Grad an duerch d’Héichdrockbréck, déi sech fir Ufanks der nächster Woch ukënnegt, sinn um Sonnde viraussiichtlech nach 0 bis 4 Grad dran. Och de Nuetsfrascht hale mir de Weekend iwwer bäi. An der nächster Nuecht solle sech d’Temperaturen tëscht -1 an 3 Grad ophalen, an der Nuecht op de Sonnden tëscht -3 an 2 Grad an an där op de Méinde sinn och mol Wäerter vun tëscht -6 an 2 Grad net ganz onméiglech. Dobäi besteet de Risk vu méi markantem Niwwel, deen d’Siichtwäit staark aschränke kann, souwéi awer och vu glate Stroossen. Sollt sech dann wierklech den Déifdrockausleefer, wéi vum europäesche Modell berechent, an eis Géigende beweegen, da wier tatsächlech och duerch Wanterwieder a Form vu Schnéi mat glate Stroossen ze rechnen. Mee mol kucken.