Radio 100,7: Hëtztwell iwwer Europa war historesch fir e Juni

Grouss Deeler vu Europa hunn an de leschten Deeg Temperaturen erlieft, déi éischter fir e Juli oder August normal wieren. Wéi geet et virun? A wat hunn d'Rekorder ze bedeiten?

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 21.06.2022:

Zanter der leschter Emissioun vum Reen a Bou ass erëm immens vill Spannendes geschitt. Déi ugekënnegt Temperature sinn tatsächlech bis op Lëtzebuerg komm an hu net nëmme bei eis fir ongewéinlech héich Wäerter fir d’Joreszäit gesuergt. De Philippe Ernzer seet eis elo, wéi et virugeet an ob dat alles iwwerhaapt nach normal ass. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Et gouf no Summer gebläert an elo huet en esou richteg zougeschlo.

Iwwer groussen Deeler vum Kontinent konnt sech an de leschten Deeg eng immens Hëtzt breetmaachen. Eng Hëtzt, déi plazeweis fir nei Juni-Rekorder, mee punktuell esouguer och fir nei Allzäitrekorder gesuergt huet. Ugaangen ass et mat Temperature vu méi wéi 40 Grad a Spuenien, déi um vergaangenen Donneschden dunn och a Südfrankräich gemooss goufen. E Wäert, deen zwar schonn mol do opgetrueden ass, allerdéngs nach ni esou fréi an engem Joer. D’Statioun zu St-Jean-de-Minervois huet domat also e neie Rekord opgestallt.

Dëse Rekord ass dunn awer net den eenzege bliwwen.

Nee – also wa mir a Frankräich bleiwen, ass et dunn um Freide riicht virugaangen. Un op mannst 9 Statioune goufe nei Juni-Rekorder gemooss. Déi al Rekorder vun dëse Statioune ginn op d’Joren 2019, 2015, 2003, 1952 a 1950 zréck.

Esou richteg markant war et dunn e Samsden, wou am Statiounsreseau vum staatleche franséische Wiederdéngscht MétéoFrance ganz 178 nei Juni-Rekorder verzeechent goufen an esouguer 16 nei Allzäitrekorder. Un der Statioun zu Pissos goufen 43,4 Grad gemooss, domat e neie Juni-Rekord an esouguer gläichzäiteg Allzäitrekord. Zu Biarritz sinn 42,9 Grad gemooss ginn, wat net nëmmen e neie Juni-Rekord ass – mee esouguer och de Rekord mat 40,6 Grad aus dem August 2003 iwwertrëfft. Deemools louche grouss Deeler vun Europa ënnert enger massiver Hëtztwell, dorënner och Lëtzebuerg.

Wa mir schonn bei Lëtzebuerg sinn, wéi héich louchen d’Temperaturen dann bei eis?

Déi rezent Hëtztwell huet hire Maximum zu Lëtzebuerg um Samsden erreecht. De Maximum ass zu Beetebuerg mat 36,9 Grad gemooss ginn, hannendru kënnt Ettelbréck mat 35,9 Grad a Réimech mat 35,8 Grad. D’Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux war mat 33,8 Grad dobäi.

Sinn dëst dann och bei eis nei Rekorder? A wéi ass dat anzeuerdnen?

Wa mir just vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel ausginn, dann war et kee neie Juni-Rekord. Dëse läit nämlech bei 35,4 Grad. Et ginn awer och nach eng Partie aner Statiounen hei am Land, ënnert dësen trotzdeem op mannst 2 nei Juni-Rekorder gefall sinn. Dozou zielt d’Wiederstatioun zu Beetebuerg (deemools vu Meteomedia bedriwwen, haut Kachelmannwetter), wou 36,9 Grad gemooss goufen. Den ale Rekord ass deemools den 22. Juni 2017 mat 35,2 Grad gemooss ginn. Déi zweet Statioun ass Ettelbréck, wou et 35,7 Grad waarm war. Hei geet den ale Rekord op den 28. Juni 2011 zréck, wou den Thermometer 35,3 Grad ugewisen huet. Ob et och u Statioune vun der ASTA fir nei Juni-Rekorder duergaangen ass, ass leider ongewosst. D’Rekord-Donnéeë si leider net ëffentlech ze fannen.

A wann ee sech elo freet, ob et schonn eng Kéier esou waarm war… jo! Den Donneschden, 25. Juli 2019 ass zu Steesel mat 40,8 Grad déi héchst jeemools gemoossen Temperatur zu Lëtzebuerg gemooss ginn. Virdrun war d’Statioun zu Réimech mat 40,5 Grad déi wäermst, dat wärend der Hëtztwell aus dem August 2003.

Mee… war et an engem Juni dann schonn mol eng Kéier esou waarm? Wéi een et de rezenten Donnéeën enthuele kann, kann ee soen, dass et op e puer Plazen am Land mat Sécherheet nach ni schonn esou fréi an engem Joer esou waarm war. Esou Temperature, wéi mir se an de leschten Deeg gesinn hunn, hu mir normalerweis eréischt an engem Juli oder August. Dëst gëlt net nëmme fir Lëtzebuerg, mee och fir eis Nopeschlänner.

Fir nach e puer Rekorder ze nennen: d’Wiederstatioun zu Cottbus an Däitschland huet e Sonnden mat 39,2 Grad e neien Allzäitrekord opgestallt. Den ale Rekord geet op de 29. Juli 1921 zréck, deemools waren et 38,9 Grad. D’Statioun mësst zanter 1888! Zu Cottbus war et also de wäermsten Dag zanter op mannst 134 Joer. Ganz impressionnant ass dann och nach de Rekord vum Mont Blanc, wou net wäit vun der Spëtzt ewech 10,4 Grad gemooss goufen. Den ale Rekord läit bei 6,8 Grad a gouf am Juni 2019 opgestallt. Um Mont Blanc, op 4.750 Meter Héicht, ass also déi éischt Kéier an der Geschicht d’Barrière vun den 10 Grad duerchbrach ginn. Mir si matten am Klimawandel.

Wéi geet et dann elo virun?

Fir et direkt ze soen: et gëtt zwar manner waarm, mee mir bleiwe wäit fort vu kal. Dës Woch wäert sech ëmmer nach summerlech waarm gestalten, dotëscht ass d’Wieder u sech awer zäitweis méi variabel. Esou kréie mir et also mat engem Mix aus Sonn a Wolleken ze dinn, wou et dotëscht awer och mol Phase mat eenzelne Schaueren an Donnerwieder gëtt. Haut si mir mat 20 bis 24 Grad dobäi, muer sinn erëm 23 bis 26 Grad ze erwaarden. Um Donneschde sollen et 25 bis 29 Grad ginn, um Freiden 22 bis 25 Grad. Um Samsde wier et mat 20 bis 24 Grad erëm méi kill, ier de Sonnden dann mat 17 bis 21 Grad nach e Stéck méi kill kéint ginn.

Ma da kënne mir eis op eng waarm bis esouguer hëtzeg Woch astellen an hoffen, dass sech d’Wiederen dann duerno iergendwann a Grenzen halen. E grousse Merci Philippe Ernzer a bis nächst Woch.