Radio 100,7: International Critère fir Wiederstatiounen

Wie sech eng Wiederstatioun doheem an de Gaart stelle wëllt, dee muss op eng ganz Rei Krittären uecht ginn. Dës sinn international genormt an dat schonn zanter ville Joerzéngten.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganzen Text fir matzeliesen:

Wann een d’Wieder mësst, ass net nëmme professionell Sensorik néideg. Och d’Aart a Weis, wéi se opgebaut ass, ass immens wichteg. D’Weltorganisatioun fir Meteorologie (kuerz WMO) huet dozou e puer Critèren an d’Liewe geruff, fir dass d’Daten vun allen offizielle Wiederstatiounen op der Welt matenee vergläichbar sinn. Och de Reglement vum Däitsche Wiederdéngscht, also dem DWD, ass de Virschrëfte vun der WMO ugepasst.

Fänke mir domadder un, dass eng Wiederstatioun net an der Géigend vun héije Koppen oder Däller soll opgeriicht ginn. Dëst féiert zu grousse Beanträchtegunge vun der Wand- an Temperaturmiessung. Am Ëmkrees vun 200 Meter soll de Neigungswénkel vun der Landschaft net méi wéi 10° bedroen.

Eng Statioun muss och sou opgebaut sinn, dass de Wand ouni Problemer gemooss ka ginn. Och wat d’Miessung vun der Solarstraalung ugeet muss séchergestallt ginn, dass sech keng ze héich Gebaier an direkter Ëmgéigend befannen.

Héichspannungsleitungen souwéi Standuerter, déi no u Schinne leien, sollen och vermeit ginn, well dës oft en Afloss op déi elektronesch Moossinstrumenter kënnen hunn an d’Daten deementspriechend verfälsche kënnen. Eng Héichspannungsleitung soll also gutt 70 bis 220 Meter vun de Miessapparater fort sinn.

Dëst waren elo e puer Standard-Ufuerderunge fir d’Haaptsensorik. Ier mir méi konkret op déi eenzel Miess-Parameteren ze schwätze kommen, hei nach e puer Konditiounen déi um Miessfeld mussen agehale ginn:

Dat ganzt Miessfeld soll mat Wiss bewuess sinn, ausser dee Beräich, wou d’Buedemtemperatur gemooss gëtt. Dem däitsche Wiederdéngscht no soll e Miessfeld eng Surface vun ëm 10 m² hunn an ongeféier 4,5 m op 2 m grouss sinn. Den Temperatursensor soll, wann et geet, ëmmer nërdlech vum Miessfeld fir Buedemtemperatur montéiert ginn a gläichzäiteg héchstens 2,5 Meter vum Buedemthermometer a 5 cm Héicht ewech sinn.

D’Miessfeld fir d’Buedemtemperaturen ass 2,5 m op 2 m grouss. D’Distanz vun der Sensorik bis un de Rand vun Miessfeld soll net manner wéi 1 Meter sinn.

Dëst si streng Ufuerderungen, déi lokal nëmmen deelweis kënnen erfëllt ginn. Hei am Land ginn et e puer Statiounen, wéi beispillsweis déi vu Béiwen am Norden, déi relativ no un däitlech méi héije Gebaier steet. Mat dobäi kënnt, dass d’Uertschaft an engem Dall läit, a soumadden d’Wanddaten oft net mat deene vun ëmleiende Statiounen ze vergläiche sinn, ausser de Wand kënnt aus enger gënschteger Richtung.

Wéi déi eenzel Sensoren montéiert musse ginn, kucke mir eis elo zesummen un. Fänke mir bei der Lofttemperatur un, déi no der Norm an enger Héicht vun 2 Meter iwwert dem Buedem gemooss gëtt. Dobäi muss de Sensor vun engem Straalungsschutz ëmgi sinn oder sech an enger Wiederhütt befannen. Eng Wiederhütt ass e wäisst Gehais mat Lamellen, dat dofir suergt, dass den Duerchfloss vun der Loft bäigehale gëtt an d’Temperatur net duerch déi direkt Sonnenastraalung beanträchtegt gëtt. Dës Hütt soll wa méiglech op enger fräier Wiss stoen. Maueren an Haiser solle mindestens 10 Meter vun de Miessinstrumenter ewech sinn, well des Wiermt ofstralen. Genee déi selwecht Konditioune gëllen och fir d’Miessung vun der Loftfiichtegkeet mat engem Hygrometer.

D’Lofttemperatur iwwert dem Buedem muss a 5 cm Héicht gemooss ginn. Dobäi däerfen an der direkter Ëmgéigend keng Hecken oder soss eppes stoen an d’Vue a Richtung Himmel muss fräi sinn.

D’Buedemmiessfeld fir d’Temperatur a 5, 10, 20, 50 an 100 cm Déift huet eng Gréisst vun 2 m op 2,5 m a sollt op natierlecher Fläch opgeriicht ginn. Extra ugeluechte Buedem verfälscht d’Fiichtegkeets- an Temperaturwerter.

Och wéi de Reen gemooss gëtt, ass net egal. Der Virschrëft no muss de Reen op Platzen, déi tësche 0 a 500 Meter iwwert dem Mieresspigel leien, an enger Héicht vun 1 Meter gemooss ginn. A Géigenden, déi op 501 bis 800 Meter leien, gëtt en an 1,5 Meter gemooss an op Bierger oder Hiwwelen vun iwwer 800 Meter muss de Reen op 2 Meter iwwert dem Buedem enregistréiert ginn. Bei der Montage soll gekuckt ginn, dass de Sensor méiglechst wandgeschützt steet, fir dass de Reen bei méi staarkem Wand net einfach driwwer ewechgeblose gëtt. Géigestänn a Elementer, déi d’Afale vum Reen op iergendeng Aart a Weis stéiere kéinten, mussen 2 bis 4 mol méi wäit ewech sinn, wéi d’Héicht op där de Sensor montéiert ass.

Zu de méi empfindleche Sensoren zielt de Pyranometer – also den Apparat, deen d’Sonnenastraalung mësst. Dëse soll op enger Platz montéiert ginn, wou reegelméisseg nom Sensor ka gekuckt ginn, well d’Miessungen duerch geréngen Dreck kënne beaflosst ginn. Wann d’Ëmgéigend et zouléisst, soll dëse Parameter an 2 Meter Héicht gemooss ginn. Wann dëst net méiglech ass, kann och e speziell ugeluechte Mast mat enger Héicht vu 6 Meter an den Asaz kommen.

Méi streng sinn dann och nach d’Ufuerderungen fir d’Wandgeschwindegkeet- a Richtungsmiessung. Et soll eng méiglechst exponéiert a fräi Surface ausgewielt ginn, wou de Wand ongehënnert un d’Sensoren erukënnt. Aner Géigestänn oder Gebaier sollen mindestens 10 mol sou wäit ewech sinn wéi de Wandmast héich ass, ausser se si manner wéi 4 Meter héich. Bei méi schmuele Géigestänn, déi awer méi wéi 8 Meter héich sinn, soll souguer eng Distanz vu 15 mol der Sensorhéicht agehaale ginn. D’Instrumenter fir Wandvitesse a Wandrichtung ginn op enger Héicht vun 10 bis 12 Meter un engem Mast montéiert.

Dës Critèren stelle gläichzäiteg den Ënnerscheed tëschen offiziellen a private Wiederstatiounen duer. Oft si Statiounen, déi vu Privatleit bedriwwe ginn, éischter ongënschteg opgestallt a liwweren Daten, déi schwéier novollzéibar sinn. Meeschtens ass et de Wand an och d’Temperatur, déi oft net richteg gemooss ginn. Am Summer kënnt et oft fir, dass Temperaturen eragemellt ginn, déi wäit iwwert deem leien, wat eigentlech virausgesot gouf. Oft läit dëst dorunner, dass d’Temperatur duerch direkt Astralung vun der Sonn verfälscht ginn. Et ass och schwiereg, de Wand korrekt ze moossen – eng Platz, déi déi uewe genannte Critèren erfëllt, ass richteg schwéier ze fannen an erfuerdert oft eng méintelaang Recherche.

Fir d’Thema ofzeschléissen, hei nach e klenge Fun Fact: Déi eelst Wiederstatioun vun der Welt steet um Hohenpeißenberg an Däitschland. Se ass 230 Joer al an ass op 1000 Meter iwwert dem Mieresspigel virbildlech opgestallt. An hirer Ëmgéigend ginn et sou gutt wéi keng Elementer, déi d’Miessapparater beim Sammle vun Date stéieren.