Radio 100,7: Iwwert de Wanterufank & de Bléck a Richtung Mëtt Dezember

En ass do, de Wanter – op mannst, wann een vun der Meteorologie schwätzt. Wat de Kalenner betrëfft, musse mir nach e bëssen op de Wanterufank waarden. Firwat dat esou ass, an ob eis dës Kéier dann déi éischt Flacken ustinn, dat wees de Philippe Ernzer. Gudde Moien.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 02.12.2022:

An de leschten Emissiounen hu mir ëmmer erëm gespaant op déi neist Wiederkaarten iwwer d’Thema Keelt & Wanter gekuckt. Och dës Kéier maache mir dat erëm – gudde Moie Philippe Ernzer.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Déi lescht Kéier hate mir jo gesinn, dass d’Wiederkaarten zimmlech spannend sinn de Moment. Fir d’éischt hu mir awer nach eng Fro ze beäntferten, nämlech: Firwat geet de meteorologesche Wanter éischter un wéi deen, deen um Kalenner steet?

Gëschter war et jo esouwäit, do ass de meteorologesche Wanter ugaangen. Wéi ëmmer ass et awer esou, dass déi meteorologesch Joreszäiten éischter uginn wéi déi kalendaresch.

Anescht wéi bei de kalendaresche Joreszäite, fänken déi meteorologesch Joreszäiten emmer genee am Ufank vun de Méint un. Dat heescht also, dass ab dem 1. Mäerz Fréijoer, dem 1. Juni Summer, dem 1. September Hierscht an dem 1. Dezember Wanter ass. De Grond dofir ass ganz simpel: Sou gëtt d’Auswertung vun de Wiederdate vereinfacht, well ee mat ganze Méint rechne kann. Et handelt sech also em eng vereinfacht Andeelung vun de Joreszäiten.


D’Konzept vun de kalendaresche Joreszäiten | Grafik: timeanddate.de

Um Kalenner musse mir, wat de Wanter betrëfft, nach bis den 21. Dezember waarden. D’selwecht ass et och fir déi aner Joreszäiten: e Fréijoer fänkt tëscht dem 20. an dem 22. Mäerz un, e Summer den 21. Juni an en Hierscht tëscht dem 22. an dem 23. September. Ugepasst sinn dës Datumer dem Sonnestand géigeniwwer der Äerd an och der Positioun vun eiser Äerd op hirem Wee ronderëm d’Sonn.
De kalendareschen Hierscht an dat kalendarescht Fréijoer hunn also och um Kalenner kee festgeluechten Datum, et variiéiert.

De meteorologesche Wanter ass also do. Mécht sech dat dann elo de Weekend bemierkbar?

De Weekend kréie mir et tatsächlech mat der éischter méi killer Phas vun der Saison ze dinn. E Schwall u kille Loftmassen ass amgaangen, an eise Géigenden anzefléissen. Doduerch gëtt et natierlech och bei eis um Buedem méi kill a generell gëtt et ëmmer méi wanterlech dobaussen. Traut een den aktuelle Modellkaarten, da besteet haut am Dag esouguer d’Warscheinlechkeet vu liichtem Nidderschlag – net nëmmen a Form vu Reen, mee plazeweis kéint och mol déi eng oder aner éischt Flack vun der Saison dobäi sinn. All ze vill sollt ee sech dovun awer éischter net erhoffen. D’Temperature pendle sech am Laf vum Dag bei tëscht 0 an 3 Grad an, et gëtt also a Richtung spéidere Nomëtten e bësse méi kill.

Wat de Weekend selwer ugeet, bleift et meeschtens gro an och kill. Muer um Samsde gi nach Maximaltemperature vun tëscht 1 an 3 Grad erreecht, e Sonnde sollen et nach tëscht 0 a 4 Grad sinn. An de Nuechte gi mir jeeweils an de liichte Fraschtberäich zréck – zesumme mat Nätzt déi fréiert kënne glat Streckenofschnëtter also net ausgeschloss ginn.

Ginn et weider Neiegkeeten iwwert de Schnéi oder ass et just haut, wou et mat vill Chance mol e bësse flackele kéint?

Et ass de Moment eng ganz interessant, mee leider och zimmlech komplizéiert Wiederlag amgaangen. Et ass zwar gewosst, dass et generell e gudde Krack méi kill bei eis gëtt, mee wat de Schnéi ugeet, sinn d’Prognosen immens schwiereg.

Et si kleng Déifdrockgebitter, déi zoufälleg iwwer Mëtteleuropa verdeelt sinn, déi hei an do fir Schnéischauere suergen. De Problem läit doran, dass d’Modeller d’Positioun an d’Lafweeër vun dëse klengen Déifdrockgebitter total ënnerschiddlech berechnen. Et kéint also gutt sinn, dass et an de nächsten Deeg a méiglecherweis esouguer bis Mëtt Dezember zu gréisseren Iwwerraschungen a Saache Schnéi kéint kommen.
De nächsten Datum mat méiglechem Schnéifall an der Kuerzfrist wier de Sonndenowend, resp. an der Nuecht op de Méinden.

Du soos elo Mëtt Dezember, wat soen déi éischter chaotesch Kaarten dann fir deen Zäitpunkt?

Mir sinn an Tëschenzäit esou wäit, dass et an de Kaarte nëmme nach e puer eenzel Léisunge gëtt, déi fir innerhalb vun de nächsten zwou Wochen méi mëllt Wieder op eis duerkomme gesinn. De Gros vun alle Berechnungen ass also der Meenung, dass et kal bis hin zu wierklech wanterlech ka bei eis ginn. Wéi déi lescht Kéier schonn gesot, kéint et mat Chance also schonn geschwënn zu engem Wanterabroch kommen – Chance op mannst mol aus der Siicht vun engem Wanterfrënd.

Et ass eng spannend Situatioun bei där engem soss näischt iwwereg bleift, sech all eenzel nei Berechnung unzekucken an se mat där vu virdrun ze vergläichen.


Ween wees, fläit huet et bis de Méinde, wou mir eis erëmgesinn, jo schonn iergendwou bei eis am Land geschneit. Merci fir d’Aussiichte Philippe Ernzer a bis dann.