Radio 100,7: Kuerze Bonjour vum Wanter

Dës Woch war et dann esouwäit, de Wanter ass op den éischte Plaze bis laanscht kucke komm. Dorop an och op e puer aner interessant Theme kucke mir elo zesummen hei am Reen a Bou.

No villem Hin an Hier an der Welt vun de Wiedermodeller ass et Ufanks der Woch tatsächlech fir den éischte Schnéi vun der Saison ugaang.

Et war nawell keng einfach Situatioun, mat där mir et modelltechnesch ze dinn haten. Schlussendlech ass et um Méindenowend awer fir den éischte Schnéi op den héchste Koppe vum Land duergaang, schätzungsweis sinn tëscht 1 a plazeweis ëm 2 cm erofkomm. Dëst war awer net vu laanger Dauer. D’Prognos fir dësen Owend war och eng immens schwéier, well den Ënnerscheed vun e puer zéngtel Grad doriwwer entscheed huet, ob mir et primär mat Glëtz, Schnéireen, Schnéi oder och nëmme Reen ze di kréien. Eréischt vum Sonndenowend un hunn d’Modeller ugefong, no a no ee vun den am ganzen dräi méiglechen Zenarien erauszekristalliséieren. Um Méindenowend hate mir et nämlech net nëmme mam éischte Schnéi op den héchste Koppen ze dinn, mee et ass och fir den éischte méi signifikante Glëtz vun der Saison duergaang. Verkierzt gesot war eng Waarmfront dofir verantwortlech. Iwwerdeems et bei eis hei ënnen um Buedem kill mat fraschtegen Temperature war, louchen an der Héicht waarm Loftmassen iwwert eis. Sou konnt et also sinn, dass ofgesi vun den héchste Koppen, an de meeschte Fäll Reen erofkomm ass. Dëse Nidderschlag ass um gefruerene Buedem festgefruer an huet fir deels spigelglat Trottoiren a Stroossenofschnëtter gesuergt. Mee och wat dëse Punkt ugeet ass et vu Plaz zu Plaz zu gréisseren Ënnerscheeder komm. Do, wou et generell ze waarm war, nämlech haaptsächlech am méi déiwe Süde vum Land, ass et weder fir Schnéi nach fir Glëtz duergaangen.

De meteorologesche Mount November ass Geschicht. Sinn d’Erwaardunge vun ze héijen Temperaturen an ze mann Reen agetraff?

Leider muss een do soen: jo! Mee dat wonnert een eigentlech net méi wierklech, wann ee sech déi lescht Méint ukuckt, déi alleguer deels gréisser Anomalien a Saachen Temperatur an och Reequantitéiten opzeweisen haten. De November war net vill anescht. Virun e bësse méi wéi engem Mount hate mir hei am Reen a Bou beschwat, dass de Mount November 2020 de Laangzäitmodeller no méiglecherweis géif liicht ze waarem an ze dréchen ausfalen. Dass dës Ofschätzung leider och dës Kéier erëm zougetraff huet, weisen d’Donnéeë vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux:

Déi héchst Temperatur gouf direkt den 2. November mat 19,8 Grad gemooss, déi déifst elo virun e puer Deeg den 30. November mat -5,9 Grad. Op de ganze Mount gekuckt louch d’Temperatur an der Moyenne bei 6,6 Grad. Bezunn op d’Referenzperiod vu 1981 bis 2010 läit déi duerchschnëttlech Novembertemperatur bei 4,7 Grad. Am November 2020 war et also ëm 1,9 Grad ze waarm.

Net nëmmen d’Temperature weise sech mat enger gréisserer Anomalie, mee och d’Nidderschléi. Am ganze Mount November huet et un der Wiederstatioun um Findel 32,5 l/m² gereent, fir e November normal sinn awer 76,5 l/m². Am Endeffekt huet et am November 2020 also 44 l/m² ze mann gereent, wat scho bemierkenswäert ass. De naassten Dag hate mir de 16. November, do si nämlech un engem Dag 12,5 l/m² gemooss ginn.

De stäerkste Wandstouss gouf et de 15. November 2020 am Zesummenhang mat engem Frontesystem. 66,6 km/h si gemooss ginn. Zu gudder lescht da nach e Bléck op d’Sonnestonnen: d’Sonn huet de leschte Mount 106,5 Stonne laang geschéngt, fir e November normal sinn awer just 54,1 Stonnen – wat eng Differenz vu +52,4 Stonnen ausmécht.

Wéi gesäit et fir de Weekend aus? Sinn och do gewëss Anomalien ze erwaarden?

De Weekend iwwer soll et tatsächlech minimal ze kill fir d’Joreszäit ginn, mee bei dëser Anomalie handelt et sech net ëmt eng gréisser Saach. Mir hu weiderhin d’Situatioun, dass sech schwaachen Héichdrockafloss probéiert duerchzesetzen, deen awer vun engem Déif iwwert dem Ärmelkanal souwéi och iwwer Frankräich gestéiert gëtt. Dowéinst hu mir et an de nächsten Deeg zwar oft mat ville Wolleken ze dinn, mee och eenzel Opklärunge si méiglech.

Haut um Freide si vill Wolleken ënnerwee, de Reen soll bis an de Mëtten era kënnen unhalen. Duerno gëtt et no a no manner reenereg, d’Wolleken hale sech awer bei eis. Et ass mat Maximaltemperature vun 3 bis 7 Grad ze rechnen. Muer um Samsde starte mir mat Temperature vun tëscht 0 an 3 Grad an den Dag eran, et ass mat Niwwel an deemno wéi och bësse Fisemreen ze rechnen. Glat Stroosse si méiglech. Am Laf vum Dag sinn awer erëm eenzel sonneg Momenter bei 3 bis 6 Grad net ausgeschloss. Nodeems d’Temperaturen an der Nuecht op de Sonnden erëm op an ënner Null zréckginn, ass et um Sonndemoien erëm meeschtens gro duerch Wolleken a Niwwel. Iwwer Mëtte kënnt d’Sonn sech erëm heiansdo weise, mee schonn e puer Stonnen drop gëtt et méi gro. 2 bis 5 Grad sinn dran. Geet et de momentane Modellrechnunge no, da kéint eis an der Nuecht op de Méinden erëm bësse Schnéi aus südëstleche Richtungen areechen.