D’Summerwieder gouf aus Lëtzebuerg an och wäiten Deeler vu Mëtteleuropa verdrängt, dat duerch lokal immens zolitt Onwieder.
Aus dem Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder um Radio 100,7 vum 24. Mee 2022:
D’lescht Woch huet de Fréisummer alt erëm gewise wat e kann.
All Woch beriichte mir hei jo a leschter Zäit vu neie “bis ewell héchste Wäerter”, an och dës Kéier ass et erëm souwäit. De vergaangene Mëttwoch war mat enger Maximaltemperatur vun 31,3 Grad de bis ewell wäermsten Dag vum Joer, gemooss un der Statioun zu Ettelbréck wéi och zu Beetebuerg. An den Deeg drop war et zwar manner waarm, déi fiichtwaarm Loftmasse konnten awer bäigehale ginn. De Grond, firwat et iwwer Deeler vu Mëtteleuropa deels färem gekracht huet.
Lëtzebuerg ass mat engem bloen Aen dovukomm.
Dat ass op alle Fall esou, an deem si sech awer ganz vill Leit guer net esou bewosst. Mir haten et um Donneschde mat enger Donnerwiederfront ze dinn, déi eis haaptsächlech Staarkreen a punktuell Knëppelsteng mat Stuermstéiss bruecht huet. Un der ASTA-Statioun zu Useldeng war et fir e Stuermstouss vu 78 km/h duergaangen, zu Elwen fir 76 km/h. Méi zolitt war et bei eise Noperen, zu Eindhoven ware bis zu 111 km/h dobäi a bei Bréissel bis 104 km/h. Fir de Rescht koum et generell iwwer Nordrhein Westfalen duerch eng Donnerwiederfront zu zolitte Wandstéiss bis an den orkanaartege Beräich.
Den Donneschde war dunn awer net de markantesten Dag vun der Woch.
Den Donneschde war generell just sou e Virgeschmaach op dat, wat dunn de Freide komm ass. Um Freide louche grouss Deeler vu BeNeLux mee awer och der Mëtt vun Däitschland ënnert engem däitlech erhéichte Risk vun zolitte Phänomener. Duerch e besonnesch staarkt Donnerwiederdéif, wat mat sengem Kär vu Frankräich hier a Richtung BeNeLux gezunn ass, huet sech eng éischter ongewéinlech Situatioun fir Mëtteleuropa entwéckelt.
Et waren eng Partie Tornadoen ënnerwee.
Am Ëmfeld vun dësem Déifdrockgebitt waren all d’Parameter fir op mannst een markanten Tornado erfëllt. D’Risikogebitt dofir haat sech vum nërdleche Lëtzebuerg, südlechen Holland bis eriwwer a Nordrhein-Westfalen bis esouguer op Sachsen hin erstreckt. Déi zwee nost Tornado gouf et zu Beek, direkt bei Maastricht an Holland an och zu Hillscheid a Rheinland Pfalz. E puer Stonne méi spéit goufen aus Nordrhein Westfalen an och Niedersachsen 4 weider Tornadoe gemellt. Dorënner waren Lippstadt, Paderborn, Lütmarsen, Merxhausen an Herford. Bei Lippstadt a Paderborn kéint et sech ëmt de selwechte Wirbelstuerm gehandelt hunn, dëst gëtt awer nach ënnersicht.
Paderborn gouf staark a Matleedeschaft gezunn.
Een deen d’Norichten aus de leschten Deeg gesinn huet, ka sech och nëmmen minimal ausmolen, wéi schro d’Zenen waren, déi sech de Freiden zu Paderborn ofgezeechent hunn. E staarken Tornado ass matten duerch d’Stad gezunn an huet 43 Persoune blesséiert, 13 esouguer schwéier. De Stuerm huet eng Distanz vun 21,5 Kilometer zréckgeluecht an hat e maximalen Aflossberäich vun 350 Meter an der Breet. D’Schuedensmuster geet bis an den F3 Beräich, wat heescht, dass Wandvitesse vu bal 300 km/h um Wierk waren – änlech staark wéi den Tornado vum 9. August 2019, deen iwwert de Raum Péiteng ewechgezunn ass.
Huet de Risiko och bei eis bestaanen?
De Risiko vun engem Tornado gouf et bei eis definitiv och. Dëst hunn zwou Superzellen ënnerstrach, déi um Freidenomëtten iwwer Lëtzebuerg gezu ginn. Déi eng war ganz do uewen un der nërdlechster Spëtzt vum Land aktiv, déi aner ass kuerz drop aus dem Raum Kietscht opgezu komm an huet iwwer Buerschent weider a Richtung Däitschland duerch d’Bascht gemaach. Superzelle sinn Donnerwieder mat Rotatioun – nach laang net all Superzell forméiert awer een Tornado. D’Viraussetzunge waren also fir eis do, et ass awer glécklecherweis net dofir duergaangen. Alles an allem en Dag mat immens vill Chance, där vill Leit sech net bewosst sinn.
Fir klengräimeg méi kräfteg Schleit ass et dunn bei eis awer nach duergaangen.
Dat war wierklech klengräimeg zu Wëlwerdang an zu Breedelt ganz am Norden de Fall. Do sinn um Freidenomëtten a kuerzer Zäit 43 l/m² an och 26,4 l/m² gefall, wouduerch et kuerz zu liichten Iwwerschwemmunge komm ass.
D’Donnerwiederwarscheinlechkeet an och déi héich Temperaturen zéie sech elo awer zréck wéi et ausgesäit?
Jo d’Dimmere vu gëschter, do hate mir der jo nämlech och, ware wuel déi lescht fir eng Zäitchen. Och wat déi summerlech Temperaturen ugeet, geet et demnächst zréckhalend virun. Haut um Dënschde si mir mat 14 bis 19 Grad ënnerwee, muer mat 16 bis 21 Grad, den Donneschde mat 17 bis 22 Grad an de kommende Weekend iwwer kéinte mir deemno wéi och just bei ëm 20 Grad am Dag verbleiwen. Wat de Reen betrëfft kann et dotëscht iwwer d’Woch gekuckt mol naass ginn, gréisser Quantitéite sinn awer keng ze erwaarden.