En Orkan ass en aussertropescht Déifdrockgebitt – en entsteet also net am Beräich vun den Tropen, mee meeschtens iwwer dem nërdlechen Atlantik. D’Saison geet vum Hierscht bis an de spéidere Wanter mat eran – dat wéinst den Temperaturdifferenzen tëschent der Polarregioun an den Tropen.
D’Atmosphär probéiert dës Differenzen auszegläichen, wat de Grond dofir ass, datt et haaptsächlech an de genannte Méint zu méi kräftegen Déifdrockgebitter an eben och Orkandéifer komme kann.
D’Beaufort- Skala
Wann déi gemëttelt Wandvitess e Wäert vun iwwer 118,53 km/h iwwerschratt huet, schwätzt ee vun engem Orkan. Handelt et sech derbäi just ëm e Wandstouss, da vun engem Orkanstouss. Dës Wandvitess entsprécht der Wandstäerkt 12 op der Beaufort-Skala.
Orkanaarteg gëtt et awer scho bei Wandstäerkt 11, wou Wandvitesse vun tëschent 103,71 an 118,53 km/h optrieden. Bléist de Wand an der Moyenne mat engem Wäert, deen tëschent dëse Vitesse läit, gëtt vun engem orkanaartege Stuerm geschwat. Bei engem Wandstouss vun engem orkanaartege Wandstouss.
2020: D’Orkandéif SABINE
De Stuerm, deen a leschter Zäit am meeschten Opmierksamkeet kritt huet, war d’Orkandéif Sabine. De Stuerm huet sech de 7. Februar 2020 entwéckelt an huet an der Nuecht vum 9. op den 10. Februar 2020 säi Maximum erreecht.
Déi héchst Wandvitess gouf mat 219 km/h op der franséischer Hallefinsel Cap Corse am Mëttelmier areecht. An Däitschland louch de Maximum bei 176 km/h um Feldberg am Schwarzwald. Op zweeter Plaz ass de Brocken mat 173 km/h an op der Drëtter de Fichtelberg mat 150 km/h.
Déi genannte Bierger leien all op iwwer 1.200 Meter iwwer dem Mieresspigel. Am Flaachland gouf et de Maximum zu Fürstenzell bei Passau mat 155 km/h. Mühldorf am Inn war mat 131 km/h dobäi, an der Stad München konnten 119 km/h festgestallt ginn.
Bei eis zu Lëtzebuerg konnt un der ASTA-Wiederstatioun zu Reiler de Maximum mat 111 km/h gemooss ginn. Also nëmmen en orkanaartege Wandstouss, keen Orkanstouss. No hannendru war d’Kachelmannstatioun zu Ell mat 109 km/h, duerno Wolz mat 107 km/h a Beetebuerg mat 104 km/h.
De Stuerm ass bei Wäitem net sou markant ausgefall, wéi en hätt kéinten. Déi meescht Modeller ware sech nämlech sécher, datt groussflächeg op d’mannst orkanaarteg Wandstéiss hätte kënnen optrieden. A Wierklechkeet hu sech déi markant Wandspëtzten awer just op e puer eenzel Géigenden am Land fixéiert. Lokal war tatsächlech net vill vun engem Stuerm ze spieren. Trotz deem méi schwaach ausgefalene Stuerm sinn iwwer 2.000 Noutriff agaangen – glécklecherweis gouf et nëmme materielle Schued.
Wanter 1990: Staark Stierm zu Lëtzebuerg
Datt Lëtzebuerg awer scho bei Wäitem méi staark Stierm matgemaach huet, gesäit een, wann ee méi wäit an d’Vergaangenheet kuckt. Besonnesch markant ass et am Wanter 1990 zougaangen, wou eng ganz Serie vu Stierm Lëtzebuerg am Grëff hat. Lassgaangen ass et mam Orkandéif Daria, deen Enn Januar 1990 vum Atlantik hier iwwer déi brittesch Inselen an duerno weider iwwer d’Nordséi gezunn ass.
De 25. Januar 1990 ass et un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux fir e Wandstouss vun 122 km/h duergaangen. An eiser direkter Ëmgéigend goufen awer nach méi héich Wäerter erreecht: Ooche war deemools beispillsweis mat 150 km/h dobäi, Tréier mat 136 km/h a Saarbrécke mat 130 km/h.
Den nächste Stuerm huet net laang op sech waarde gelooss. D’Randdéif Judith ass den 8. Februar 1990 iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn an huet d’Virgängerin DARIA wat d’Wandvitessen uginn nach e Stéck getoppt. Bis zu 130 km/h konnte gemooss ginn – sechs Persoune goufe schwéier blesséiert, eng ass ëm d’Liewe komm. Zu Tréier huet de Wand mat bis zu 151 km/h geblosen.
Nach dee selwechte Mount, de 26. Februar 1990, ass eng richteg Serie vu Stuermdeeg lassgaangen – eng änlech Konstellatioun gouf et zanterdeem net méi, op alle Fall net mat där Intensitéit. Den Ufank huet d’Orkandéif Vivian gemaach, duerch deen hei am Land zwou Persoune blesséiert goufen. A ganz Europa goufe 64 Stuermaffer gezielt, dovu 15 an Däitschland. Déi maximal Wandspëtzt an Däitschland ass um Wendelstein, also um Alperand, mat 265 km/h opgetrueden. An der Schwäiz goufen um Jungfraujoch souguer 285 km/h registréiert.
Vum 26. Februar 1990 bis den 1. Mäerz 1990 hate mir et all Dag mat Orkan ze dinn. Um Findel gouf de Maximum mat 146,3 km/h erreecht, den 28. Februar 1990 duerch d’Stuermfeld vum Orkandéif Wiebke. Et ass bis haut den héchste Wandstouss, dee jeemools un der MeteoLux- Statioun um Findel gemooss gouf. D’Wiebke huet eist Wieder vun der Nuecht op den 28. Februar bis den 1. Mäerz 1990 beaflosst a war den Héichpunkt vun der Stuermserie. 35 Persoune si gestuerwen, hei zu Lëtzebuerg ware sechs Blesséierter ze bekloen.