Radio 100,7: Mëlle Start an d’Woch, dann Ofkillung

No engem reenerege Weekend gëtt et ganz kuerz méi dréchen a méi waarm.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 12.09.2022:

De Weekend war de Prabbeli eppes, wat ee leiwer net vergiess huet – besonnesch waarm war et dobäi och net. Mir froe mol beim Philippe Ernzer no, wat mir dann an dëser Woch esou ze erwaarden hunn. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Déi lescht Woch ass net onbedingt frëndlech op en Enn gaangen.

Nee – vu Schaueren bis hin zu méi kräftege Schliet an och mol engem Donnerwieder war alles dobäi. Elo awer ass erëm kuerz Schluss domat, mir erliewe nämlech erëm e klenge Changement.

De Grond fir dëse Changement fanne mir e Stéck wäit ewech vun hei.

Jo, do musse mir bis a Spuenien oder och a Portugal kucke goen. Do treffe nämlech de Moment d’Iwwerreschter vum Ex-Hurrikan DANIELLE u Land – keng Angscht awer, de Stuerm huet an Tëschenzäit all seng tropesch Eegeschafte verluer. Doënne kënnt et awer trotzdeem nach zu Stuermstéiss an engem ganze Pak Reen.

Wéi kann dat sinn, dass eis dës Iwwerreschter heiheem och betreffen?

Ma et ass esou, dass dat grousst Déifdrockgebitt duerch seng Dréibeweegung nachemol waarm Loftmassen aus der Mëttelmiergéigend op Lëtzebuerg transportéiert. An enger éischter Phas bréngt eis dat also erëm méi héich Temperaturen an eng kuerz méi dréchen Zäit.

All ze waarm gëtt et jo awer net méi? Oder kann een d’Jackett erëm méi wäit am Schaf verschwanne loossen?

Léiwer net ze wäit, well et ass wierklech nëmme fir eng kuerz Zäit. Haut bleift et nach gréisstendeels dréchen, muer awer gëtt et schonn erëm méi wollekeg a lues a lues klëmmt erëm d’Schauerwarscheinlechkeet. D’Temperature packen et nach eng Kéier op 25 Grad. Net ze waarm, net ze kal.

E gréisseren Ëmschwong markéiert dann erëm d’Nuecht op de Mëttwoch, an där et duerchaus mol ka sinn, dass e gréissert Reegebitt mat och gréissere Reequantitéiten duerchzitt.

De Reen gi mir also net wierklech lass, wat jo och eigentlech gutt ass no sou engem dréchene Summer.

Et ka roueg nach eng gutt Zäit reenen – mee et geet halt eben ëm d’Intensitéit. Et gi nämlech e puer Modeller, déi méi markant Zenarie rechnen. Tëscht der Nuecht op de Mëttwoch an där op den Donneschde solle punktuell mol 40 l/m² erofkommen, wat nach méi oder manner an der Rei ass. Da gëtt et awer och nach den Däitsche Modell ICON, deen fir de selwechten Zäitraum 55 l/m² a méi berechent – dat ass schonn net esou ganz ouni.

Ass dat dann erëm fir jiddereen oder just méi fir eng bestëmmt Géigend?

Dat ass eng Fro, déi ech bei all Situatioun méi oft gestallt ginn. Dobäi muss een awer fir d’éischt sécherstellen, ob Lëtzebuerg wierklech ganz dovu getraff gëtt oder net. Et gi nämlech och nach eenzel Berechnungen, déi de meeschte Reen südlech un eis laanschtgoe gesinn. Anerer, déi awer de Reen op eis duerkomme gesinn, hunn de Moment méi de Norden am Fokus. Mir hunn einfach de grousse Nodeel, dass Lëtzebuerg esou immens kleng ass. Meeschtens kann een esou Aschätzungen also eréischt ofginn, wann een den tatsächlechen Ist-Zoustand um Radarbild gesäit. Et gëtt also méi eng spontan Geschicht.

Ginn et schonn Aussiichte fir duerno?

Jo – also et fänkt zwar definitiv un dann méi onsécher ze ginn, wat jo logesch ass, mee d’Modeller schéngen a Richtung weider Ofkillung ze goen, op mannst mol wat dës Woch betrëfft. Géint Enn der Woch ass et aus aktueller Siicht gesi net onméiglech, dass mir am Norde bei Maximaltemperature vu just nach ëm 15 Grad landen – och am Süde wier et mat ënner 20 Grad net vill méi waarm.


Den Hierscht klappt lues awer sécher un der Dier, och wann d’Summerwieder heiansdo verzweiwelt probéiert, erëmzekommen. Merci fir d’Aussiichte Philippe Ernzer a bis de Freiden.