“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 02.01.2023:
D’Joer 2023 ass do, dat aalt ass wéi ze erwaarden däitlech ze waarm op en Enn gaangen. A nächster Zäit bleift d’Wieder zimmlech déifdrockdominant. Wat dat ze bedeiten huet, erkläert eis elo de Philippe Ernzer.
Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:
Mir haten driwwer geschwat, dass Silvester de wäermste Joreswiessel zanter Opzeechnungsufank kéint ginn. Ass et fir e neie Rekord duergaangen?
Duerch de Wand huet sech de Joreswiessel e bësse méi kal ugefillt, mee reell war et awer tatsächlech de wäermste Silvester-Dag deen mir bis elo haten. Wéi de staatleche Wiederdéngscht matgedeelt huet, huet d’Wiederstatioun um Findel den ale Wäert vu 14,7 Grad vum 17. Dezember 2019 geknackt – an dat och net wierklech knapp. De neie Rekord sinn elo 15,7 Grad, e ganze Grad méi also!
Am wäermste war et gëschter zu Schengen, do sinn 17,4 Grad gemooss ginn. Et ass net nëmmen de wäermste Silvesterdag gewiescht, mee och automatesch de wäermsten Dezember-Dag vun allen Zäiten.
Geet et elo mat den ze héijen Temperature virun oder ka sech geschwënn eppes doen?
Wa mir eis elo reng op d’Loftmassen iwwert eise Käpp bezéien, da geschitt an dëser Woch net wierklech vill. Am Allgemenge gëtt et zwar méi kal, mee en Abroch vu wanterleche Loftmassen steet sécher net un. D’Grousswiederlag ass weiderhin eng Westwiederlag, wat heescht, dass aus Westen ëmmer erëm Déifdrockgebitter mat hire Fronten eragezu kommen. Doduerch geet et zimmlech variabel heiheem virun, dat zesumme mat Reen an zäitweis och engem méi stramme bis stiermesche Wand.
Befeiert gëtt dat ganzt Stréimungsbild duerch en Héichdrockgebitt, wat iwwer Spuenie sëtzt. Seng Beweegung mat der Auer ënnerstëtzt d’Déifdrockgebitter iwwer Nordeuropa dobäi, weiderhi meeschtens mëll a fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg ze bréngen.
Wa mir sou iwwert déi nei Woch kucken, wéi kënne mir déi eenzel Deeg dann resuméieren?
Haut um Méinden zéie vill Wolleken duerch, an dat geet och net ouni Reen iwwer d’Bühn. D’Temperature packen et haut op 8 bis 11 Grad, et ass also ëmmer nach zimmlech waarm. Den Dag vu muer weist sech dann nach mat Maximalwäerter vun tëscht 6 an 8 Grad, bei enger Partie Wolleken weist sech och mol d’Sonn dotëscht. Et gesäit esouguer sou aus, wéi wann et géif dréche bleiwen. De Mëttwoch war et dat dann schonn erëm mat den dréchene Momenter, aus Weste kënnt eng Front eragezunn. Dës bréngt eis net nëmme Reen, mee och e stramme Wand mat Vitesse bis 70 km/h. D’Temperature beweege sech tëscht 8 an 11 Grad.
An der zweeter Wochenhallschent deet sech net vill. En Donneschde sinn e puer Schauere méiglech, fir de Freide steet den aktuelle Modellrechnunge no eng méi markant Kalfront un, déi eis kräftege Reen a stiermesche Wand brénge kann. Fir de Samsden an de Sonnde gesäit den europäesche Modell eng kleng Chance vu Loftmassen, déi kal genuch sinn, fir dass et schneit – den amerikanesche Modell wëll awer näischt dovu wëssen. Mol kucken also, wéi sech d’Modeller an de nächsten Deeg entscheede wäerten.
Lo wou mir de Schnéi schonn kuerz uschwätzen, wéi sinn d’Aussiichte fir de Januar?
Et gëtt een Zäitraum, vun deem un d’Warscheinlechkeet erëm e bësse klëmmt. Sou wéi den europäesche Modell dat korrekt gesäit, ass de Startdatum dovun tëscht dem 7. an dem 9. Januar. A vergaangene Modell-Leef vum amerikanesche Modell huet et dono ausgesinn, wéi wann am Laf vum Januar d’Keelt duerch Déifdrockgebitter ëmmer méi wäit an de Süde gedréckt gëtt, wat eis natierlech dobäi hëllefe géif, och mol erëm Schnéi ze kréien. De neiste Laf weist dat zwar net méi esou, mee dat ass normal, dass dat esou hin an hierspréngt. Et ass op alle Fall awer e klengen Hoffnungsschimmer fir all déi dobaussen, déi de Schnéi vermëssen.
Wa mir dann och nach d’Temperaturanomalien fir de Januar kucken, da fält op, dass déi momentan grouss positiv Anomalie am Laf vum Mount zréckgoe wäert. Och dat kann en Indice drop sinn, dass de Schnéi an de nächste Wochen erëmkënnt.
D’Joer geet also esou un, wéi dat aalt op en Enn gaangen ass. An de Freide wësse mir sécherlech méi driwwer, ob de Schnéi eventuell schonn Enn der Woch erëmkënnt oder net. Merci Philippe Ernzer a bis dann.