Schonn ëmmer hu se d’Mënschheet faszinéiert – d’Polarliichter. Iwwerdeems ee fréier gemengt huet, dass d’Gëtter domat Béises undeiten, weess een haut, wat wierklech dohannert stécht. Polarliichter si schéin unzekucken an trieden haaptsächlech an de Polarregioune vun eiser Äerd op.
Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen
Kuckt een d’Sonn vun der Äerd aus, da kënnt se engem zimmlech harmlos a roueg vir. D’Realitéit gesäit awer anescht aus: op der Sonn gi grouss a komplex physikalesch Virgäng vu sech. Duerch hir permanent Kärfusioun gëtt net nëmme Wiermt a Liicht an de Weltall ofginn, mee och Sonneplasma. Sonneplasma besteet gréisstendeels aus opgespléckten Atomer, also Ionen an Elektronen.
Duerch dëse Massenausstouss verléiert d’Sonn ronn 1 Millioun Tonne Mass an der Sekonn. D’Plasma gëtt net ëmmer speziell a Richtung Äerd gelenkt, mee verdeelt sech am ganze Sonnesystem – dowéinst gëtt dësen Ausstouss och nach als Sonnewand betitelt.
De Sonnewand ass omnipresent. Mee wéi laang dauert et iwwerhaapt, bis de Plasma bei eis op der Äerd ukënnt? No ongeféier zwee Deeg stoussen d’Deelercher mat 300 km/s un d’Magnéitfeld vun eiser Äerd, se treffen eis also net direkt. Wier kee Magnéitfeld do, da géif d’elektromagnéitesch Stralung vun der Sonn fir e globale Blackout suergen. Mee glécklecherweis schützt eis eist Magnéitfeld net nëmme virun deem, mee och viru villen anere gesondheetsschiedlechen a geféierleche Stralen aus dem Weltall.
D’Feldlinnen
Wat elo kënnt, muss ee sech e bësse bildlech virstellen. D’Magnéitfeld vun der Äerd gëtt grafesch mat sougenannte Feldlinnen duergestallt. Dës Feldlinne weisen de Wierkungsberäich vum Magnéitfeld vun der Äerd. Dës Linne gi jeeweils vun engem Pol aus a ginn um anere Pol erëm zou.
Den Nord- an de Südpol sinn dowéinst déi Géigenden, wou Partikele vun der Sonn am noosten un d’Äerdatmosphär erukomme kënnen – se sinn, am Verglach zum Rescht vun der Äerd, am mannste geschützt.Wann elo de Sonnewand op d’Magnéitfeld vun der Äerd stéisst, gëtt dëst e bëssen agedréckt.
Wéi bei engem Kësse gëtt d’Feld beim Impakt verformt, allerdéngs treffen d’Deelercher net op eis Atmosphär. Aneschters awer un de Polen: d’Deelercher wanderen de Feldlinnen no a stoussen iergendwann un de Nord- oder Südpol, déi, wéi scho gesot, am mannste geschützt sinn. Dat sinn d’Punkten, un deenen d’Deelercher am noosten un eis Äerdatmosphär erukommen a mat Sauerstoff- wéi och Stéckstoffatomer zesummestoussen. Dës Atomer gi souzesoen “iwwerlueden” – a well se net dofir virgesi sinn, sech sou ze lueden, gi se déi iwwerflësseg Energie direkt erëm of, wat a Form vu Liicht geschitt. Mir hu Polarliichter.
D’Faarwe vun de Polarliichter
Polarliichter ginn et an de verschiddenste Faarwen. Wéi eng Faarwen dat sinn hänkt domat zesummen, op wéi eng Atomer déi gelueden Deelercher vun der Sonn stoussen. Stousse se op Sauerstoffatomer an enger Héicht vun ongeféier 100 Kilometer, dann entsti gréng Polarliichter. E bësse méi héich, sou op 200 Kilometer, gi se rout. Bei Stéckstoffatomer maache sech blo bis mof Polarliichter bemierkbar.
Datt sech Polarliichter genee un de Pole weisen, ass éischter rar. Am meeschten triede se op engem Breedegrad vu 66,5 Grad op, egal ob Nord- oder Südpol. Et ginn awer Ausnamen: bei engem Sonnestuerm kann d’Äerdmagnéitfeld esou wäit agedréckt ginn, dass se deelweis souguer an de mëttlere Breeten, also och bei eis, ze gesi sinn.
D’Sonn straalt stänneg gelueden Deelercher an de Weltall aus. Heiansdo ginn et awer och eenzel Géigenden op der Sonn, wou dat vill méi staark de Fall ass wéi op anere Plazen op eisem Stär. Dëst gëtt och nach Sonneneruptioun genannt, well nach vill méi Deelercher mat enger vill méi grousser Vitesse eraus an de Weltall gestouss ginn.
Se beweege sech net wéi normalerweis an all Richtung, mee haaptsächlech just an eng. Läit d’Äerd an der Schosslinn a mir gi vun dësen Deelercher getraff, da nennt een dëst e Sonnestuerm. Duerch sou ee Sonnestuerm kënnen net nëmmen an eise Géigende Polarliichter entstoen, mee och ënner anerem d’Telekommunikatioun op der Äerd kann doduerch gestéiert ginn. D’Deelercher beweege sech dobäi mat ëm 700 km/s duerch de Sonnesystem.
Polarliichter och bei eis
Bei wierklech staarke Sonnestierm kënnen och Vitesse vun 2000 km/s areecht ginn, wéi beispillsweis am Oktober 2003. Déi lescht Kéier, wou e bei eis zu Lëtzebuerg besonnesch gutt d’Polarliichter beobachte konnt, war am Mäerz 2015. Wann ee gutt gekuckt huet, konnt ee se mam bloussen Aen erkennen. Am beschte konnt een se awer nach mat enger Kamera per Laangzäitbeliichtung afänken.
Ee Beispill weist, wéi sech besonnesch staark Sonnestierm op eiser Äerd bemierkbar maache kënnen. Am September 1989 gouf ee vun de stäerkste Sonnestierm bis ewell registréiert, deen haaptsächlech am Québec a Kanada fir e Blackout gesuergt huet. Eng zentral Trafostatioun ass deemools duerchgebrannt an hat als Konsequenz, dass d’Leit iwwer Deeg kee Stroum méi haten. Och dat deemools frësch installéiert Netz fir d’Telegraphe gouf staark beschiedegt.
Oder am Oktober 2003, wou a Schweden de Stroum an enger ganzer Regioun ausgefall ass an och de Radar fir de Fluchverkéier net méi funktionéiert huet. Deemools gouf och de 630 Milliounen US Dollar deieren ADEOS-II Äerdobservatiounssatellit duerch de Sonnestuerm zerstéiert. An de Weltall geschoss gouf en am Dezember 2002 – e war mol nach kee Joer am Orbit.