Radio 100,7: Probabilitéit fir en Ëmschwong klëmmt

Wochelaang schwätze mir schonn vun ze héijen Temperaturen. Dat kéint awer elo geschwënn en Enn hunn.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 28.10.2022:

Mir zielen déi lescht Deeg vum Oktober an d’Temperature sinn… tjo, ëmmer nach an engem ze héije Beräich – esouguer Summertemperature si net ausgeschloss. Wéi et schéngt, klammen d’Chancen op e Changement awer lues a lues. Méi dozou zielt eis elo de Philippe Ernzer, gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

De Reen huet ugefaange, sech manner oft ze weisen iwwerdeems eis Temperaturen ëmmer nach um klamme sinn. All ze laang sollt dat awer normalerweis net méi unhalen?

D’Wiedermodeller weisen ëmmer méi e Changement, virun allem wa mir op déi éischt Deeg vum November kucken. Ier et awer esouwäit ass, ginn d’Temperature nach eng Kéier alles – wuertwiertlech. Den Dag vun haut gëtt warscheinlech de wäermste vun der Woch, ze erwaarde si Maximalwäerter vun tëscht 22 a 24 Grad – e puer méi héichopgeléiste Modellrechnunge no si virun allem am Museldall och mol 25 Grad net ausgeschloss. A wéi mir wëssen: soubal d’Temperatur op mannst 25 Grad erreecht, schwätze mir der meteorologescher Definitioun no vun engem Summerdag – also ëmmer nach immens ongewéinlech Konditioune fir Enn Oktober.

De Weekend iwwer gëtt et awer net wierklech méi kill: muer ass mat tëscht 20 an 23 Grad ze rechne, lokal kann eng 24 Grad net ausgeschloss ginn. De Sonnde geet et mat 19 bis 23 Grad virun. Bis de Sonnde mat rechnen d’Modeller mat kenge nennenswäerte Nidderschlagsquantitéiten. De Prabbeli kann een also am Schaf verschwanne loossen.

Net nëmmen zu Lëtzebuerg kann et nach eng Kéier summerlech ginn, mee och an eise Nopeschlänner.

Am südleche Frankräich, net wäit ewech vun Toulouse, klammen d’Temperaturen haut op e Maximum vun 31 Grad, iwwert dem zentrale Frankräich ass et mat 28 Grad net vill manner waarm. Wa mir dann a Richtung Nordostfrankräich kucke ginn, un déi direkt Grenz mat Baden-Württemberg an Däitschland, da begéine mir och Wäerter vu bis zu 28 Grad – wat nach méi androcksvoll ass, well de Südweste vun Däitschland jo e gutt Stéck méi wäit nërdlech wéi Toulouse läit. Lokal kann et net ausgeschloss ginn, dass nei Rekorder a Saache “spéitsten Zäitpunkt vu Summertemperature” kënne geknackt ginn.

An du frees dech bestëmmt driwwer, dass dann geschwënn endlech erëm Beweegung an d’Kaarte kënnt?

Jo, mëttlerweil waart ee wierklech sehnsüchteg drop, dass sech mol erëm eppes ännert an ee net all Dag vun iwwerduerchschnëttlech héijen Temperature schwätze muss. D’Iddi vun de Modellkaarten ass folgend: d’Konstellatioun déi mir de Moment hunn, also héije Loftdrock iwwert dem ëstleche Kontinent an déiwe Loftdrock direkt iwwert dem Atlantik, soll mam Wiessel op de November lues a lues duercherneengeroden. Ausléiser dofir ass de Berechnunge no eng Kalfront, déi de Méindenowend probéiert, d’Dieren fir déi méi kill a naass Atlantikloft erëm opzemaachen. Sollt dës Kalfront dat net packen, dann ass och schonn fir eng Noutléisung gesuergt: déi nächst Chance dofir glif sech nämlech an der Nuecht op de Mëttwoch erginn.


D’Situatioun fir den 2. November, Stand: 28.10.2022 | Grafik: wxcharts.com

Mam Oprappe vun der, nenne mir se einfach lo mol “atlantescher Dier”, gëtt et wéi gesot net nëmme méi naass mee och méi kill. Eis Stréimung kéim also net méi aus Südwesten, mee aus Westen. Berechent gëtt e ganzen Déifdrockkomplex, deen sech mat senge Käre nërdlech vun de britteschen Insele positionnéiere soll. Duerch d’Dréibeweegung vun den Déifdrockgebitter selwer kann och tëschenzäitlech eng nach méi kill nordwestlech Stréimung net ausgeschloss ginn, mee dat fänkt schonn erëm un Zukunftsmusik ze ginn.

De Fazit ass einfach deen, dass d’Chancen ufänke guer net mol esou schlecht auszegesinn, dass eis geschwënn däitlech méi niddereg Temperaturen erwaarden.

Du soos den Ëmschwong géif wuel direkt vum November un ufänke – wéi gesäit et dann nach fir Allerhellgen aus? Si mir do erëm méi op déi déck Jackett an de Prabbeli ugewisen?

Wat den aktuelle Stand vun de Modellkaarte betrëfft, soll et un Allerhellgen, also den Dënschden, gréisstendeels dréche bleiwen. An de fréie Moiesstonne kënnen e puer Niwwelfelder optrieden, ier duerno d’Sonn awer och erauskënnt. D’Temperature klammen op tëscht 13 a 16 Grad. Och wat d’Schoulvakanz betrëfft muss mat ëmmer méi Wolleken, zouhuelende naasse Momenter an och lues a lues méi nidderegen Temperature gerechent ginn.

Den Trend weist fir déi nächst Zäit also ëmmer méi däitlech no ënnen. Merci Philippe Ernzer fir d’Aussiichten a bis de Méinden.