Radio 100,7: Réckbléck op d’Rekordjoer 2019

D’Joer 2019 war wiedertechnesch e ganz interessant Joer. E puer Rekorder konnte geknackt ginn a virun allem den Tornado, deen am August iwwer Deeler vum Südweste vum Land gezunn ass, dierft ville Leit an Erënnerung bleiwen.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganzen Text fir matzeliesen

D’Joer 2019 war wiedertechnesch e ganz interessant Joer. E puer Rekorder konnte geknackt ginn a virun allem den Tornado, deen am August iwwer Deeler vum Südweste vum Land gezunn ass, dierft ville Leit an Erënnerung bleiwen.

D’Joer 2019 hat sou munches ze bidden. Gréissere Nidderschlagsdefizit, ze héich Temperature wärend den eenzelen Joreszäiten, iwwerduerchschnëttlech vill Sonnestonnen a nieft e puer anere nennenswäerten Evenementer natierlech de markante Multi-Vortex-Tornado vum 9. August. An dëser Episod vum Reen a Bou kucke mir eis d’Joer nach emol méi genee un a bezéien eis a Punkto Donnéeën op déi offiziell gemoosse Parameter vun der Wiederstatioun vu MeteoLux, déi op internationaler Basis meeschtens als Referenz fir dat ganzt Land geholl gëtt.
D’Joer 2019 war, wat d’Moyenne ugeet, mat 10,7 Grad dat drëttwäermst Joer wat zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947 registréiert gouf. Op zweeter Plaz ass 2014 mat 10,8 Grad an op der Éischter 2018 mat 11,1 Grad. D’Joresduerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg läit bei 9,3 Grad. Dës Zuel baséiert op der 30-Jores-Moyenne, déi op d’Joren tëscht 1981 an 2010 definéiert ass. Dem no war 2019 also em 1,4 Grad driwwer, 2014 em 1,5 Grad an 2018 em 1,8 Grad.

D’Joer war awer net nëmmen ze waarm, mee och ze dréchen. Dat ass haaptsächlech wärend dem Summer opgefall, wou et och zu enger Rëtsch Bränn komm ass. Ënnert anerem de Groussbrand vun Hamm vum 26. Juli 2019 zielt zu engem vun de méi markanten Evenementer vum leschte Summer. Mee wéi vill Reen huet schlussendlech wierklech gefeelt? Wéi de staatleche Wiederdéngscht op hirem Internetsite matdeelt, ass 2019 e gréissere Nidderschlagsdefizit festgestallt ginn. Tëscht de Jore 1981 an 2010, also der 30-Jores-Moyenne, huet et duerchschnëttlech 896,9 l/m² gereent. 2019 waren et awer just 779,2 l/m², wat en Defizit vun 117,7 l/m² ausmécht. Trotz dëser markanter Zuel war et awer nach laang net dat dréchenst Joer, wat um Findel registréiert gouf. 1976 stécht mat enger Zomm vu nëmme 541 l/m² eraus – et huet deemools also 355,9 l/m² ze mann um Findel gereent.

Dat lescht Joer iwwer huet d’Sonn 1975,9 Stonne laang geschéngt. Dat sinn 251 Stonne méi, wéi normalerweis. An der Moyenne sinn et der nämlech 1724,9. E neie Rekord ass dëst awer net.
Kucke mir méi genee op déi eenzel Joreszäiten, déi all hir Opfällegkeeten haten – am mannsten awer den Hierscht. D’Saison vum Wanter 2018/2019 war virun allem eppes: e gutt Stéck ze mëll. Mat enger Moyenne vun 3,2 Grad war e mat 1,8 Grad ze waarm. Haaptsächlech de 27. Februar sinn déi ze héich Wäerter mat enger Maximaltemperatur vu 19,8 Grad um Findel opgefall. Dëst ass e neien absolutte Rekord a Punkto Dageshéchsttemperatur fir de Mound Februar zanter Opzeechungsufank. Mat dobäi kënnt, dass de Februar mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 5,3 Grad den drëttwäermste bis ewell war.
Iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen am Wanter heeschen awer net ëmmer, dass kee Schnéi fält. Tëschenduerch kann et trotzdeem zu Phase komme, wou sech de Wanter fir eng Zäitchen duerchsetze kann. Den 30ten an den 31te Januar goufe 17 cm Schnéi um Findel gemooss, iwwerdeems louchen am Norden zu Reiler un der ASTA- Wiederstatioun 26 cm Schnéi.
Am Wanter 2018/2019 huet sech d’Sonn iwwerduerchschnëttlech vill gewisen. 242,7 Sonnestonne goufe gezielt, wat 175 Stonnen iwwert der Moyenne läit. MeteoLux betount, dass de Februar mat 151,4 Sonnestonne souguer de véiert-sonnestäerkste Mount zanter Opzeechnungsufank war.

An da wiere mir och schonn am Fréijoer, wou direkt am Ufank schonn en Orkandéif iwwert eis ewechgezunn ass. Den 10. Mäerz huet de Stuerm “Eberhard” am ganze Land fir héich Wandvitesse gesuergt. Un der Kachelmann- Wiederstatioun zu Ell goufe beispillsweis 109,3 km/h gemooss, um Findel waren et 105,5 km/h. Fir de Rescht war d’Fréijoer mat 0,5 Grad liicht ze mëll an et huet 2,6 % manner gereent wéi et fir d’Joreszäit normal gewiescht wier. D’Sonn huet dobäi em 6,5% méi laang geschéngt.

D’Joreszäit déi am meeschten opgefall ass war definitiv de Summer. Wéi am Ufank gesot gehat, kënnt d’Joer 2019 wat d’Duerchschnëttstemperatur ugeet “just” op déi drëtt Plaz – allerdéngs konnt awer e neien Allzäitrekord a Punkto Dageshéchsttemperatur opgestallt ginn. Nodeems d’Wäerter de 24. Juli um Findel bis op 37,7 Grad geklomme sinn, hu se et de 25. Juli op 39,0 Grad gepackt. Sou waarm war et zanter Opzeechnungsufank nach ni. Un der ASTA- Wiederstatioun zu Steesel goufe souguer 40,8 Grad gemooss.
An der Nuecht vum 24. op de 25. Juli war et u kenger Wiederstatioun am Land sou waarm wéi un där um Findel. D’Temperature si net ënner 24,8 Grad gefall, wat och e neien absolutten Allzäitrekord fir déi héchst jeemools gemoosse Minimaltemperatur ass.

Desweidere war et mat 857,8 Sonnestonnen de sonnestäerkste Summer zanter dem Summer 2003 a kënnt och op déi zweet Plaz vun de sonnestäerkste Summeren zanter 1947.
Vu ganz grousser Relevanz war de méi staarken Tornado vum 9. August, deen haaptsächlech am Raum Péiteng a Käerjeng massive Schued ugeriicht huet. De Multi- Vortex Tornado ass virleefeg als F2 op der Fujita- Skala agestuuft ginn, wat Wandvitesse vun 180 bis 250 km/h entsprécht. Et ass awer net auszeschléissen, dass a verschiddene Sekundarwirblen nieft dem Haaptwirbel Spëtzte vu bal 300 km/h areecht goufen. D’Donnerwieder, oder méi genee gesot, d’Superzell, déi dësen Tornado produzéiert huet, hat sech de 9. August géint 16 Auer nordëstlech vu Chalons-en-Champagne forméiert. Duerch déi gënschteg Konditiounen, déi mir deen Dag haten – also ënnert anerem eng héich buedemno Loftfiichtegkeet déi dofir gesuergt huet, dass d’Wollekenënnergrenzen zimmlech déif houngen an och eng markant Ännerung vu Wandvitesse- a Richtung mat der Héicht, ass aus dem Mesozyklon vun der Superzell um Wee op Lëtzebuerg en Tornado entstane.

Den Hierscht dogéint hat keng besonnesch opfalend Phenomener. E war mat 10,1 Grad just liicht ze mëll – d’Moyenne läit nämlech bei 9,4 Grad. Et ass déi eenzeg Joreszäit, wou et iwwerduerchschnëttlech vill gereent huet. An der Moyenne reent et 239,0 l/m², an dësem Fall koumen awer 275,0 l/m² vum Himmel. D’Sonn koum sech mat 312,1 Stonn em 3 % manner weise wéi normal. Tëscht de Jore 1981 bis 2010 ginn an engem Hierscht duerchschnëttlech 321,8 Sonnestonne registréiert.

Weider Informatioune an och eng méi detailléiert Analys zum Tornado fannt Dir op eiser Internetsäit 100komma7.lu.