An Tëschenzäit ass et erëm bësse méi dréchen zu Lëtzebuerg ginn. Elo am Reen a Bou kuckt de Philippe Ernzer op eng interessant Woch zréck an zielt eis och, wéi et de Weekend iwwer virugoe wäert.
Déi lescht siwen Deeg sinn erëm e gutt Stéck méi dréchen ausgefall. Wéi vill huet et dës Kéier gereent a wat haat des Woch soss nach interessantes ze bidden?
Déi lescht Woch ass vu Méindes bis an de fréie Freidemoien eran eng Reenzomm vu 60 bis knapp 80 l/m² zesummekomm. Wéi et am Ufank vun dëser Woch awer ofzegesi war, sollt et dës Woch awer net méi grad esou naass ginn. Ze erkennen ass dëst, wann ee sech déi kalibréiert Radardonnéeën ukuckt, déi aus engersäits de Radarmiessungen uséch zesummegesat ginn mee awer och vun de Miessunge vun de Wiederstatiounen um Buedem ergänzt ginn. Den dréchenste Punkt fanne mir dës Woch am äusserste Norde vum Land am Raum Wäisswampech a Léiler, wou grad emol tëscht 17 an 20 l/m² Reen gefall sinn. Am naasste ginn ass et am Groussraum Déifferdéng mee och an enger Sträif vun der Stad bis erop op Konsdrëf. Et si Quantitéite vun tëscht 34 a 39 l/m² gezielt ginn, punktuell si net wäit ewech vu Jonglënster och knapp méi wéi 40 l/m² registréiert ginn.
Dat wat dës Woch méi interessant war sinn d’Temperaturen. De Méinden hate mir et mat Maximalwäerter vun tëscht 10 an 13 Grad ze dinn, den Dënschde war et mat 9 bis knapp iwwer 14 Grad net vill anescht. An der Nuecht op den Donneschden hunn eis polar Loftmassen areecht. Verantwortlech dofir war héije Loftdrock iwwert de Färöer Inselen an déiwe Loftdrock iwwer Tschechien a Polen, wouduerch kill Loftmassen aus dem héije Nordosten ugezaapt goufen. Um fréie Mëttwochmoie, sou géint 4 Auer, hunn d’Temperaturen en uerdentleche Saz no ënne gemaach. Un der ASTA-Statioun zu Schëmpech ass den Thermometer op e Minimum vun -1,9 Grad gefall, direkt hannendru kënnt Ueschdrëf mat -1,5 Grad. Och un der Kachelmann-Statioun zu Béiwen ass et mat genee -1 Grad fir de negative Beräich duergaang. Minimal am Minus ware mir och un der ASTA-Statioun zu Breedelt mat -0,2 Grad. Mam Loftfrascht war de Buedemfrascht scho virprogramméiert: op Buedemhéicht, also 5 cm, gouf zu Béiwen e Minimum vu -3,1 Grad gemooss. D’Statioun vu Wolz war mat -2,8 Grad dobäi, mee awer och Housen mat genee -2 Grad. Och am Südweste vum Land war et kill ginn, do goufen zu Uewerkuer -1,2 Grad um Buedem gemooss. Scheiwekraze war ugesot. Dass mir eis awer nach net un dës Biller gewinne musse, gitt Dir gläich gewuer.
Wat mir méi no un de Wanter komme wat sech och déi éischt “Wanterprognosen” heefen. Wéi sinn dës ze interpretéieren a wat kann ee schonn iwwert de Wanter 2020/2021 heiheem soen?
Mat de Wanterprognosen muss een besonnesch virsiichteg sinn. Eng serieux a méi détailléiert Wiederprognos ass bis zu 3 Deeg am Viraus méiglech. Duerno fänkt et un e bësse méi verschwomm ze ginn, well d’Wiedermodeller da meeschtens méi wäit mat hire Meenungen auserneeginn. Probéiert een elo mat e puer eenzelne Modeller méi wäit an d’Zukunft ze kucke, wéi z.B Méint, da sinn dës keng Prognose méi, mee Estimatiounen. D’Mëttel- a Laangzäitwiedermodeller handlen no bestëmmte Musteren a kucken, wat bei bestëmmte Konditioune sech wéi an der Zukunft entwéckle kéint. Ee Modell dee fir d’Wanterprognos ganz gär benotzt gëtt, an dat och vu mir, ass den amerikaneschen CFS (Climate Forecast System). Dësen huet virun engem Mount nach mat engem däitlech ze waarmem, mee och gutt naassem Wanter zu Lëtzebuerg gerechent. Kuckt een awer elo op déi neist Simulatiounen, da soll et wuel ëmmer nach ze waarm bleiwen, mee d’Nidderschléi si wäit zréckgerechent ginn. Sou soll den Dezember e klengt Stéck ze dréche ginn, de Januar an de Februar awer méi oder manner neutral. D’Berechnungen änneren awer ëmmer erëm an am Endeffekt kritt ee keng Détailer iwwert déi nächst Joreszäit eraus. Et wees een ëmmer nëmmen ongeféier, a wéi eng Richtung et goe kéint. Mat Chance, an sou ass et scho méi oft mam CFS gewiescht, kommen am Endeffekt änlech Resultater eraus wéi se och simuléiert goufen.
Un de Wanter musse mir heiheem awer nach net sou wierklech denken, oder?
Probéiert een e bësse méi wäit an d’Zukunft ze kucken, da schéngt et esou, wéi wann de Wanter nach e bësse bréicht, bis e bei eis ukënnt. Déi liicht negativ Temperaturen um fréie Mëttwochmoie ware just e kuerzen Ausfluch, an de nächsten Deeg ass a bleift et definitiv ze mëll fir vu wanterlechem Wieder ze schwätzen. Haut um Freide starte mir mat vill Gewolléks an an den Däller och mol mat Niwwel an den Dag eran, liicht Nidderschléi a Form vu Fisemreen kënnen dobäi mol optrieden. Am Nomëtte ginn d’Wolleken e bësse méi labber an et sollt gréisstendeels dréche bleiwen, dat bei 7 bis 12 Grad. De Samsde ginn et haaptsächlech vum Virmëtten bis an de fréie Nomëtte méi oft sonneg Momenter, ier d’Wolleken erëm zréckkommen. Bei 8 bis 13 Grad soll et awer net reenen. Um Sonnden hu mir et bei ville Wolleke mat enger klenger Schauerwarscheinlechkeet ze dinn, dat bei 9 bis 13 Grad. Tëschenduerch sinn eenzel sonneg Momenter net ausgeschloss.