Radio 100,7: Rouegt Lëtzebuerg – onrouegen Atlantik

Héije Loftdrock huet an de leschten Deeg a Woche fir gréisstendeels rouegt Hierschtwieder gesuergt. E Changement schéngt awer elo tatsächlech ënnerwee ze sinn. D’lescht Woch hate mir en Allzäit-Temperaturrekord zu Lëtzebuerg, dës Woch ass et e neie Rekord fir den Atlantik.

Ier mir awer gespaant op méi spannend Zäite kucke, geheie mir wéi ëmmer e klenge Bléck zréck op di vergaangen Deeg.

Duerch stabillen Héichdrockafloss an ze mann Beweegung vun de Loftmassen stoung och dës Woch bis ewell oft am Zeeche vum sougenannte Niwwel-Lotto. Normalerweis gëtt d’Loft mat der Héicht méi kill, mee de Moment ass dat net esou oft de Fall. Di waarm Loft leet sech iwwert déi kill Loft – dëst gëtt och nach Inversiounswiederlag genannt. Genee un der Grenz tëscht killer a waarmer Loft forméiert sech Héichniwwel, dee sech, wann d’Loftmasse sech net duerchmëscht kréien, deemno wéi iwwert de ganzen Dag hale kann. Dëse Prozess ass vun de Wiedermodeller awer nëmme schwéier virauszesoen – dës Woch war dëst awer nawell zimmlech gutt anzeschätzen. Nieft liichtem Fisemreen an dem Niwwel selwer ass et net zu all ze villen a relevante Nidderschléi komm. E kuerze Bléck op d’Maximaltemperature verréit eis, dass mir ëmmer nach an engem fir d’Joreszäit ze mëlle Beräich ënnerwee sinn. Mat 18,5 Grad war et um Méinden un der Kachelmann-Statioun zu Schengen am wäermsten, soss louchen d’Wäerter tëscht 13 an 18 Grad. Hannert enger Kalfront sinn d’Temperaturen um Dënschden e gutt Stéck gefall, tëscht 9 an 11 Grad goufe gemooss. De Mëttwoch ass den Thermometer op 9 bis 12 Grad geklomm a gëschter um Donneschden op 11 bis 15 Grad. Alles an allem also liicht ze mëll.

D’lescht Woch hate mir en Allzäit-Temperaturrekord zu Lëtzebuerg, dës Woch ass et e neie Rekord fir den Atlantik.

D’Joer 2020 ass a ville Beräicher vun der Meteorologie erëm op mannst rekordverdächteg, deels sinn och nei Rekorder opgestallt ginn. D’Saison vun den atlantesche Wirbelstierm war bis ewell eng immens aktiv. Vum éischte Stuerm, dee sech de 16. Mee entwéckelt huet bis de bis ewell leschte Stuerm vum 10. November sinn am ganzen 30 tropesch Wirbelstierm oder Hurrikanen gezielt ginn. Esou vill tropesch Wirbelstierm an enger Saison gouf et nach ni virdrun.

D’Nimm fir d’Stierm sinn ëmmer schonn am Ufank vun der Saison festgeluecht a gi Stuerm fir Stuerm verginn. No den 21 éischte Stierm waren all d’Nimm vun der Lëscht schonn an de Gebrauch komm – well sech awer nach weider 9 Tropestierm entwéckelt hunn, huet een op Nimm aus dem griicheschen Alphabet missen zréckgräifen. Wéi de National Hurricane Center matdeelt, soll sech haut oder muer den 31sten Tropestuerm vun der Rekord-Saison forméieren.

De Weekend geet roueg un, mee da kënnt esou lues den ugekënnegten Ëmschwong.

No dem méi laang unhaalendem Héichdrockwieder freet ee sech als Wiederfräsch och mol en Ëmschwong ukënnegen ze kënnen. Et schéngt nämlech, wéi wann d’Ofkopplung vum Atlantik sech geschwënn ophiewe géif. Fir d’Eischt leie mir haut um Freiden an och muer um Samsde nach méi oder manner ënner Héichdrockafloss – Tendenz: ofhuelend. Den Dag vun haut weist sech haaptsächlech vu senger méi groer Säit, dat erëm duerch Niwwel a spéiderhin och e puer Wolleken. Fisemreen oder liicht Reeschauere si plazeweis méiglech, dat bei 11 bis 15 Grad. Heiansdo ass e sonnege Moment méiglech. Muer um Samsde soll et haaptsächlech um Moie nach méi gro a fiicht sinn, ier sech dagsiwwer d’Sonn méi laang weise komme kann. 12 bis 16 Grad stinn um Programm. Um Sonnde mécht sech den Ëmschwong bemierkbar: am Nomëtte kënnt aus Westen eng Kalfront eragezunn, déi eis no méi laanger Zäit flächendeckenden a nennenswäerte Reen brénge kann. Méi interessant gëtt et awer a Saache Wand: hëlt een d’Moyenne vun de momentane Modellrechnunge, solle Vitesse vun tëscht 50 bis 75 km/h an de Spëtzten optrieden, jee no Entwécklung kéint et awer och a Richtung 85 km/h goen. Sou wéi d’Modellrechnungen et gesinn, kéint den Atlantik och a nächster Zäit fir eis op bleiwe, soudass d’Wieder erëm méi variabel an turbulent gëtt. D’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi geet an d’Luucht an och de Wand kann, wéi et fir d’Joreszäit typesch ass, méi oft méi staark ënnerwee sinn. A fir ofzeschléissen e klengen Tipp um Rand: tëscht dem 17. an dem 22. November besteet eng kleng Warscheinlechkeet fir déi éischt Flacken op den héchste Koppe vum Land. Mol kucken, ob d’Modeller där Meenung bleiwen.