Radio 100,7: September esou waarm ewéi nach ni virdrunner

Esou wéi erwaart, huet sech um Verhale vun eisem momentane Wieder dës Woch net all ze vill geännert. Mir sinn erëm am Reen a Bou ukomm, an deem Iech de Philippe Ernzer e kuerzen Abléck an déi vergaangen Deeg gëtt – mee awer och op de Weekend kuckt, deen e kuerze Changement ze brénge schéngt.

Déi lescht Woch hu mir dovu geschwat, dass de Reen eis eng weider Woch erhale bliwwen ass. Och dës Woch kann een et net anescht beschreiwen – wéi vill Reen ass dann sou an de leschte 7 Deeg zesummekomm?

Et war an ass op alle Fall naass. Wann een op déi kalibréiert Reequantitéiten zréckkuckt, déi wärend de leschte 7 Deeg de Wiederradarmiessunge no gefall sinn, da gëtt dat zimmlech däitlech. Un der Nordspëtzt vum Land sinn, Stand gëschter Owend, tëscht 30 a 45 l/m² erofkomm. Méi gereent huet et am Allgemengen an der Südhallschent vum Land, haaptsächlech an enger Sträif vu Fréiseng erop an d’Ëmgéigend vu Jonglënster. E weideren Hotspot gouf et am äusserste Südweste knapp südlech vu Nidderkuer. Op dëse Plazen huet et an der genannter Period tëscht 60 a knapp 80 l/m² gereent. Quell: Kachelmannwetter, AgriMeteo

Ofgesi vum Reen, si mir mat nawell zimmlech niddregen Temperaturen an d’Woch eragestart. De Méinde si Maximaltemperature vun 10 bis nëmme knapp iwwer 14 Grad areecht ginn. An den Deeg drop sinn eis kuerz erëm méi mëll Loftmasse vum Atlantik zougespillt ginn, duerch déi d’Temperature liicht geklomm sinn. Um Dënschde goufen 11 bis knapp 16 Grad gemooss, de Mëttwoch ass den Thermometer méi groussflächeg iwwer d’15 Grad-Grenz erausgeklomm. Un der ASTA-Wiederstatioun zu Waasserbëlleg gouf e Maximum vu 17,2 Grad registréiert. Gëschter um Donneschde war et och nach mat Wäerter vu bis ëm 17 Grad am Südoste vum Land mëll, iwwerdeems et am Norden a Nordwesten bei 12 bis 14 Grad däitlech méi kill war.
Duerch déiwe Loftdrock iwwert dem europäesche Nordmier areechen eis haut am Laf vum Dag kill Loftmassen, déi eis och de Weekend iwwer beschäftege wäerten. Dozou spéider awer méi. Haut sinn Temperature vun 12 bis 16 Grad ze erwaarden, et bleift gréisstendeels gro a naass.

Den europäesche Klimawandeldéngscht Copernicus huet eng nei Etüd erausginn an där et heescht, de September vun dësem Joer wier weltwäit de wäermste gewiescht. Wat ass do drun?

D’Temperature louchen am September 2020 weltwäit gesinn am Duerchschnëtt ëm 0,05 Grad méi héich wéi am September 2019, dee bis viru kuerzem nach als wäermste September bis ewell gegëlt huet. Déi ze héich Temperature si virun allem an der Arktis, an Deeler vu Südamerika an an Australien opgefall. Bei eis an Europa louchen d’Temperaturen am September 2020 am Duerchschnëtt ëm 0,2 Grad méi héich wéi am Rekord-September 2018. Besonnesch betraff war de Südosten vum Kontinent. All dës Donnéeë ginn aus enger Moossrei ervir, déi zanter 1979 gefouert gëtt. Mat abezu ginn Donnéeë vu Satellitten, Fligeren, Wiederballonen a Wiederstatiounen op der ganzer Welt. 1979 ass nach net esou laang hier, den US Wieder- a Klimadéngscht NOAA verëffentlecht hir Septemberanalys och geschwënn. D’NOAA kuckt op eng Moossrei vun zanter 1880 zréck, wouduerch dës Analys viraussiichtlech däitlech méi aussoe wäert.
Mat de Rekorder vun dësem Joer aus dem Januar, Mee an elo och September ass 2020 amgaang, dem Hëtzt- Rekordjoer 2016 méi no ze kommen. Deemols louch déi weltwäit Duerchschnëttstemperatur vun Oktober 2015 bis September 2016 ëm bal 1,3 Grad iwwert de Wäerter, déi wärend der virindustrieller Zäit gemooss si ginn. Am Klimaschutzofkommes vu Paräis ass eng maximal Grenz vun 1,5 Grad festgeluecht.

Iwwerduerchschnëttlech waarm geet et bei eis de Weekend jo awer net virun, oder?

De Weekend iwwer areechen eis, wéi virdru kuerz ugeschnidden, kill Loftmassen aus dem héije Nordwesten. Dëst ass engem Déifdrockkomplex ze verdanke, wat de Moment nach iwwert dem europäesche Nordmier läit an am Laf vum Weekend weider iwwer Skandinavien zitt. Wann ee ganz genee well sinn, da kann een esouguer soen, dass d’Temperaturen de Weekend tatsächlech am liicht ënnerduerchschnëttleche Beräich wäerten ënnerwee sinn. Muer um Samsde si Maximaltemperature vun 8 bis 13 Grad ze erwaarden, Sonn a Wolleke wiessle sech of an d’Schauerwarscheinlechkeet ass éischter niddreg – et bleift meeschtens dréchen. An der Nuecht op de Sonnde gëtt et mat Temperature vun tëscht 4 a 6 Grad zimmlech kill, an eenzelnen Däller am Norde kënnen och mol 2 Grad als Minimaltemperatur virkommen. Um Sonnde sinn dagsiwwer e ganze Koup Wolleken ënnerwee, déi fir lokal Schauere suerge kënnen. Vum spéidere Nomëtten u gëtt et manner wollekeg, an der Nuecht op de Méinde kann et esouguer opkläeren. D’Temperature falen op tëscht 3 a 6 Grad.