Radio 100,7: Spannende Bléck op d’Chrëschtdeeg

Chrëschtdag réckelt ëmmer méi no, an et stellt ee sech och ëmmer méi dacks d’Fro, ob et dann dëst Joer fir wäiss Chrëschtdeeg duergeet. Bis viru Kuerzem huet et nach net esou gutt ausgesinn, mee dëst Joer kéint dat tatsächlech anescht ausgesinn.

Déi lescht puer Kéieren hate mir dat Thema schonn e puer mol kuerz ugeschnidden a wéi et schéngt, gesäit et wuel ëmmer nach net all ze schlecht aus.

Nodeems mir et an de leschte Joren éischter net mat wäisse Chrëschtdeeg ze dinn haten, sinn ech dëst Joer dozou bereet, mech vun engem aneren Zenario iwwerraschen ze lossen. Wéi schonn déi lescht Kéier gesot, soll et elo mol nach méi waarm viru goen, ier et dann kuerz viru Chrëschtdag soll méi kill ginn. Déi aktuell Modellrechnunge sinn ëmmer nach där Meenung an hunn erstaunlecherweis och ëmmer nach déi méi kill a polar Loftmasse fir ronderëmt Chrëschtdag an hire Simulatiounen. Domat ass d’Chance op wäiss oder op mannst wanterlech Chrëschtdeeg dëst Joer ëm e gutt Stéck méi grouss, wéi an de leschte Joren.

Ier mir awer méi détailléiert op de méi interessanten Zäitraum kucken, hei da nach e klenge Réckbléck op déi vergaangen Deeg:

D’Woch war bis ewell eng zimmlech roueg. Oft hunn d’Wolleken dominéiert, dotëscht ass et och mol naass ginn. An da gouf et awer och e puer mol där méi frëndlech Momenter. Wat de Reen ugeet, ass et de Méinden an och um Dënschde groussflächeg méi naass ginn. Um Méinde si Quantitéite vun tëscht 3 a 6 l/m² registréiert ginn, lokal och driwwer wéi z.B un der Wiederstatioun vun der ASTA zu Käerch mat 8,7 l/m². Um Dënschden hate mir et mat 3 bis 5 l/m² ze dinn, am naasste gouf et un der ASTA Wiederstatioun zu Rued mat 6,8 l/m². De Mëttwoch war erëm e méi dréchenen Dag, et huet just laanscht de Westen e bësse méi gereent. Do hate mir 7,6 l/m² un der Kachelmann-Statioun zu Ell a 5,8 l/m² zu Béiwen. Gëschter um Donneschden huet et um fréie Moie nach bësse gereent, ier et fir de Rescht vum Dag gréisstendeels dréche bliwwen ass.

Wéi de leschte Freide schonn gesot gehat, huet déi virausgesot méi mëll Phas bei eis ugefong. Mir sinn an Tëschenzäit esouguer matten dran. Dat gesäit een och gutt un der Temperaturentwécklung vun de leschten Deeg. De Méinde sinn ueschtert d’Land nach tëscht 3 a 6 Grad gemooss ginn, um Dënschde waren et schonn 5 bis 9 Grad. De Mëttwoch ass et mat 5 bis 7 Grad virugaang, a gëschter sinn am Südoste vum Land nach e mol bis zu 8 Grad areecht ginn. Mir beweegen eis de Moment also op engem däitlech ze waarme Niveau. Mee dat soll sech geschwënn änneren.

No der méi waarmer Phas, déi mir elo hunn, schéngt et jo dann wierklech méi kill ze ginn.

Genee dat. An dat hu mir enger Ëmstellung vun der Grousswiederlag ze verdanken. Am Moment hu mir nach d’Situatioun, dass mir e kräftegt Déif iwwert dem Atlantik leien hunn a méi wäit iwwert dem Oste vun Europa en Héichdrockgebitt. Dotëscht gi mëll a naass Loftmassen aus dem déiwe Südwesten op Lëtzebuerg transportéiert, wouduerch eist aktuellt Wieder zustaane kënnt. Fir eng Ännerung suergt dann e Randdéif, wat viraussiichtlech an der Nuecht vum Sonnden op de Méinde vun de britteschen Inselen hier a Richtung Dänemark zitt an hannendrun e weidert Randdéif mat séch dréit. Dëst Randdéif soll am Laf vun der zweeter Wochenhallschent dofir suergen, dass d’Grousswiederlag sech ëm genee 180° dréint. Ronderëmt Chrëschtdag an och de 26. Dezember hu mir nämlech méiglecherweis d’Situatioun, dass iwwert dem nordëstlechen europäesche Kontinent kräftegen déiwe Loftdrock läit, iwwerdeems sech iwwert dem ëstlechen Atlantik e kräftegt Azorenhéich ausbilde kann. Duerch des Konstellatioun kéimen aus dem Nordwesten zwar ëmmer nach fiicht, mee polar Loftmassen an eis Géigende gezunn – wat zoufällegerweis och d’Zutate fir wanterlecht Wieder bei eis heiheem sinn. D’Modellrechnunge vum europäeschen ECMWF a vum amerikanesche GFS rechnen dësen Zenario elo schonn e puer Deeg um Stéck, wat drop schléisse léisst, dass d’Warscheinlechkeet, dass alles esou änlech komme kann, tatsächlech do ass. Et gi, niewebäi gesot, och Solutiounen an de Modeller déi berechnen, dass eis fir d’éischt eng méi stiermesch Wiederlag erwaart, ier eis dann hannendrun déi beschwat kill Loftmasse flute sollen.

Mir si nach eng ganz Woch fort, et ka sech also nach eppes änneren. Ech si weiderhi gespaant wéi sech dës héichspannend Wiederlag virunentwéckle wäert.

Ier et méi kill gëtt, soll et dëse Weekend awer nach mat iwwerduerchschnëttlechen Temperature weidergoen?

De Weekend iwwer leie mir ëmmer nach ënnert der mëller mee zäitweis fiichter Südweststréimung. Haut um Freiden hu mir et erëm mat enger Partie Wolleken ze dinn, mee soubal de Niwwel fort ass, sinn och mol kuerz sonneg Momenter méiglech. 7 bis 9 Grad ginn areecht. Muer um Samsden ass et am Ufank fläit mol nach méi frëndlech, am Laf vum Dag gëtt et awer rem méi wollekeg. De nächste Reen léisst bei 9 bis 13 Grad net laang op sech waarden. De Sonnde soll et de momentane Modellrechnunge no de ganzen Dag gro a naass sinn, dat bei 7 bis 10 Grad. An der Nuecht op de Méinde gëtt et manner reenereg an och schonn e Stéckche méi kill wéi an de Nuechte virdrun.